Televisioun
(kuerz:
TV
) ass en Telekommunikatiounsmedium, dat benotzt gett fir beweeglech Biller an Toun ze senden an z'empfanken. Televisiounbiller kenne monochromatesch sinn (schwaarz a waiss), faarweg oder an
drai Dimensiounen
. Televisioun kuckt ee meeschtens um
Televisiounsapparat
.
Enner der
Fernseetechnik
versteet een dei Technik, dei hanner der Televisioun stecht. De Prinzip vun der Fernseetechnik baseiert op der Projektioun vun Eenzelbiller, dei seier hannerenee gewisen, zu enger Beweegung ginn.
Fir datt d'A eng meiglechst
fleissend
Beweegung gesait, mussen op d'mannst 20 Biller pro Sekonn (B/s) ugewisen. Allerdengs gouf fir Fernseeiwwerdroungen an
Europa
25, an
Amerika
30 Biller pro Sekonn gewielt.
Doduerch stellt sech awer e Problem: et entsteet e
Flimmeren
. Fir dee Problem z'emgoen, gouf d'
Zeilesprongverfahren
entweckelt. De Problem hatt een och nach anescht leise kenne, beispillsweis doduerch datt ee 50 Biller pro Sekonn ugewisen hatt. Dat hatt allerdengs d'Bandbreed ze vill vergreissert. Och dat duebelt Uweise vun engem Bild hatt de Problem vum Flimmeren ennerdreckt, ma dofir hatt all Bild misse kuerzzaiteg teschegespaichert ginn, wat deemools allerdengs nach technesch ze opwanneg war.
D'optescht Signal vun der Bildvirlag gett vun engem Bildophueler
(optesch-elektresche Wandler)
erfaasst, an en elektrescht Signal emgesat an dem Bildwiddergabegerat
(elektresch-optesche Wandler)
zougefouert.
Well dat komplett Bild awer net an enger Keier iwwerdroe ka ginn, gett et vum Bildophueler a vill kleng Bildpunkten,
Pixelen
, opgedeelt. E Pixel ass dei klengst Flach bei der Bildzerdeelung, wou selwer keng Faarfennerscheeder mei meiglech sinn.
De Prinzip vun der Bildoftaaschtung ass de selwechte wei beim Liese vun engem Buch. Et fankt een um ieweschte lenkse Billerrand an et iwwerdreit een zeileweis ee Pixel nom aneren.
No engem Zeilelaf, vum lenkse bis zum rietse Bildrand, gett d'Oftaaschtung ausgeschalt a ganz seier op de lenkse Bildrand zereckgefouert. Hei schwatzt ee vum Zeilerecklaf oder vun der Zeilenaustaaschtung.
Nieft der horizontaler Oftaaschtung gett et eng vertikal Oftaaschtung. Wann den enneschte Bildrand erreecht ass, da geet et erem seier op den ieweschte Bildrand zereck. Dat nennt ee Vertikalrecklaf oder Vertikalaustaaschtung.