Thomas Alva Edison

Vu Wikipedia
Thomas Alva Edison
Gebuer 11. Februar 1847
Gestuerwen 18. Oktober 1931
Nationaliteit USA
Aktiviteit Ingenieur, Erfinder, Mathematiker , Entreprener, Dreibuchauteur , Geschaftspersoun, Filmregisseur , Physiker
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wessenschaften , American Philosophical Society, Wessenschaftsakademie vun der URSS, Russesch Akademie vun de Wessenschaften, National Academy of Sciences
Famill
Kanner Charles Edison
(en) A Day with Thomas Edison (1922)

Den Thomas Alva Edison , gebuer den 11. Februar 1847 zu Milan ( Ohio ) a gestuerwen den 18. Oktober 1931 zu West-Orange , engem Township vum Essex County am US-Bundesstaat New Jersey , war en US-amerikaneschen Erfinder an Ingenieur.

Den Thomas Alva Edison war ee vun de produktiivsten amerikaneschen Erfinder an huet als techneschen Autodidakt mei wei 2000 Apparater an technesch Prozedure sou wait entweckelt, datt hie se patent eiere konnt.

Scho mat 9 Joer huet den Thomas Alva Edison systematesch naturwessenschaftlech Experimenter an de verschiddensten technesche Beraicher gemaach, dei hien duerch Geleeenheetsarbechte respektiv als Telegraphist finanzeiert huet.

1868 huet den Edison a verbesserten Telegraph patenteiert an domat sain eischt Patent ugemellt.

Nodeem den Thomas Alva Edison fir seng Erfindung vun engem neien Telegraph 40.000 Dollar krut, huet hien 1870 zu Newark eng elektresch Fabrick opgeriicht. 1876 huet hien zu Menlo Park e Fuerschungslaboratoire gegrennt, dee geschwenn als Erfinderfabrick bekannt gouf.

1877 huet hien dem Bell sain Telefon verbessert an den eischte Phonograph entweckelt

1878 huet hien d' elektresch Bir verbessert an eng Seriefabrikatioun ugefaangen wat eng Verbreedung vum elektresche Liicht am private Secteur mat sech bruecht huet.

1880 huet hie als eischten en Dampscheff mat elektreschem Liicht ausgerescht.

1882 huet hien zu New York dat eischt effentlecht Elektriziteitswierk opgeriicht, dat schonn no e puer Meint de Stroum fir 5000 Stroosseluuchte geliwwert huet.

An engem weideren Atelier zu West Orange huet den Thomas Alva Edison 1889 dei eischt Lafbildkamera gebaut.

Den Edison huet sech och nach mat Methode befaasst wei ee verschidden Aerzer mat Hellef vu Magneiten trenne kann. Hien huet och en Neckel - Eisen -Akku gebaut.

1883 huet hien, de speider no him benannten Edison-Effekt , entdeckt.

Manner Succes hat den Edison, mat verschiddenen Iddien, dei hirer Zait wait viraus waren, wei bei der Method fir an der Baubranche Faerdegdeeler aus Betong hierzestellen dei dann op der Plaz nach just zesummegesat ginn oder bei den elektresche Lokomotiven.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Thomas Alva Edison ? Biller, Videoen oder Audiodateien