Organization of the Petroleum Exporting Countries

Vu Wikipedia
Fandel vun der OPEC

D' OPEC , Organization of the Petroleum Exporting Countries - Organisatioun vun de Lanner dei Petrol exporteieren, gouf op enger Konferenz am September 1960 zu Bagdad gegrennt. D'Grennungslanner waren den Irak , Iran , Kuwait , Saudiarabien a Venezuela .

Speider hu sech sechs weider Staaten ugeschloss: Katar ( 1961 ), Indonesien ( 1962 ), Libyen (1962), d' Vereenegt Arabesch Emirater ( 1967 ), Algerien ( 1969 ) an Nigeria ( 1971 ). Ecuador war vun 1973 bis 1992 Member an de Gabun vun 1975 bis 1994 .

Zanter 1965 huet de Kartell sai Setz zu Wien .

D'OPEC-Memberstaate ferderen zirka 40 % vun der weltwaiter Petrolsproduktioun a verfugen iwwer drai Veirel vun de weltwaite Petrolsreserven . Allerdengs vermudde verschidden Experten, e. a. de Matthew Simmons ), datt d'Donneeen iwwer d'Reserven zum Beispill vu Saudiarabien net zoutreffen. Nodeem all Net-OPEC-Staaten hire Ferdermaximum " Peak-Oil " iwwerschratt hunn, ass z'erwaarden datt den Afloss vun der OPEC steige waert. Enner den 10 greisste Petrolsferderer weltwait sinn nemme Saudiarabien, Iran, Venezuela an d'VAE Member an der OPEC.

Memberstaaten [ anneren | Quelltext anneren ]

Memberstaate vun der OPEC

Afrika [ anneren | Quelltext anneren ]

Mettleren Osten [ anneren | Quelltext anneren ]

Sudamerika [ anneren | Quelltext anneren ]

Sudost-Asien [ anneren | Quelltext anneren ]

Freier Memberen [ anneren | Quelltext anneren ]

Organer an Aflossberaich [ anneren | Quelltext anneren ]

Beim Iwwerschreide vu festgeluechte Quote kann d'OPEC Sanktiounen aleeden. D'Organisatioun funktioneiert follgendermoossen:

Zweemol am Joer treffe sech d'Ministere vun der OPEC dei fir Energie a Petrol zoustanneg sinn, fir de Stand vum Petrolsmaart ze beuerteelen a Moossnamen anzeleeden, fir d'Offer vum Petrol ze secheren. D'Konferenz mecht dann dei nei Richtlinne publik.

Den OPEC-Sekretariat feiert d'exekutiv Funktiounen aus. Him ennerleien d'Aufgabe vun der Fuerschung am Beraich Energie a Finanzen. Ausserdeem gi Statistiken erstallt a vereffentlecht. Och Virtrag a Seminaire leien am Aufgabeberaich vum Sekretariat. Ausserdeem huet de Sekretariat eng grouss Bibliotheik, dei fir d'Vertrieder vun de Memberstaaten a fir Fuerscher a Studenten op ass. Finanzeiert gett de Sekretariat duerch Baitrag vun de Memberstaaten.

De Representant vun der OPEC ass de Generalsekretar, deen och Leeder vum Sekretariat ass. Dese gett entweeder fir drai Joer gewielt oder alphabetesch duerch e Rotatiounsprinzip fir zwee Joer ernannt.

Departementer vum Sekretariat sinn: Fuerschung, Energiestudien, Wirtschaft a Finanzen, Dateservice, Personal a Verwaltung, OPECNA (OPEC-News Agency), Buro vum Generalsekretar an Droit.

Generalsekretare vun der OPEC [ anneren | Quelltext anneren ]

Objektiver [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Objektiv vun der OPEC ass eng gemeinsam Uelegpolitik, fir sech enner anerem geint e Praisverfall ofzesecheren. Duerch d'Festleee vun de Ferderquote fir dei eenzel OPEC-Membere soll d'Petrolsproduktioun gereegelt ginn an doduerch, mat Hellef vun enger Drosselung oder Steigerung vun der Petrolsferderung, de Prais fir de Petrol gedreckt, stabiliseiert oder ugehuewe ginn. Allerdengs kennt et och fir, datt sech eenzel Memberen net un dei festgesate Ferderquoten halen an hir eege wirtschaftlech a politesch Ziler verfollegen.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

OPEC Zentral zu Wien

Warend den 1950er Joren ass de Petrolsprais erofgaangen, well emmer nei Quellen erschloss goufen, an d'Offer um Weltmaart gewuess ass. Dest huet zu schweiere Verloschter an de Staatskeese vun de Petrolslanner gefouert. Em 1960 hate vill vun dese Staaten eescht Haushaltskrisen. An deser Situatioun huet Saudiarabien de Virschlag gemaach, e Ferderkartell ze grennen. Et sollt net nemmen de Montant vum Petrol kontrolleieren, dee geferdert gett, ma och e Geigegewiicht zu de grousse Petrolskonzerner bilden, dei op der Basis vun Traiteen aus der Kolonialzait hir Gewenner ouni Bedeelegung vun de Staaten erwirtschaft hunn, op deenen d'Petrolsquelle louchen.

De 14. September 1960 gouf d'OPEC zu Bagdad gegrennt. Hir eischt Membere waren Irak , Iran , Kuwait , Saudiarabien a Venezuela . Als eischt Moossname goufen eng Verstaatlechung vun de Petrolsquellen, d'Ofschwatze vum Ferdermontant an eng mei heich Besteierung vun de Petrolsfirme beschloss. D'Steiere sollten eng Geldquell opmaachen, dei onofhangeg vum Ferdermontant ass. Am Ufank gouf d'OPEC weltwait net wierklech wichteg ageschat, zemools well se nemmen e klengen Deel vun de Ferderlanner emfaasst huet.

1965 gouf Wien zum Setz vun der OPEC. D'Lanner hu sech op eng gemeinsam Ferderpolitik geeenegt, fir d'Praisser ze staipen.

1970 gouf de Prais vum reie Petrol em 30 % an d'Luucht gehuewen an d'Petrolsgesellschaften hu misse Steieren an der Heicht vu mindestens 55 % vun den Nettoverdengschter bezuelen.

1971 goufen no Verhandlunge mat anere Petrolskonzerner d'Praisser fir reie Petrol an d'Luucht gehuewen. Weiderhin huet d'OPEC e Staatsundeel vun iwwer 50 % ugestrieft.

1973 ass de Petrolsprais vun 1972 , 2.89 US-$ pro Barrel , op 11.65 Dollar an d'Luucht gaangen, nodeem d'OPEC als Reaktioun op de Jom-Kippur-Krich e Petrolsboykott geint d'westlech Staaten ausgeruff hat. Zu deser Zait hunn d'OPEC-Staate 55 % vum Weltbedarf u Petrol geferdert. Desen Zaitraum gett als Eischt Petrolskris bezeechent.

Vun 1974 bis 1978 goufen d'Petrolspraisser meeschtens all halleft Joer em 5 bis 10 % erheicht, fir d' Inflatioun vum US-Dollar ze kompenseieren.

1975 Geiselnam am Wiener OPEC-Haaptgebai duerch Terroristen enner dem Carlos

1979 koum dei 2. Petrolskris . No der islamescher Revolutioun gouf de Petrolsprais vu 15,5 op 24 US-Dollar pro Barrel ugehuewen, Libyen, Algerien an den Irak hu souguer 30 US-Dollar fir hire Petrol verlaangt.

1980 war den Heichpunkt vun der Heichpraispolitik vun der OPEC, Libyen huet 41 US-Dollar verlaangt, Arabien 32 an dei aner OPEC-Staate 36 US-Dollar pro Barrel.

1981 ass de Petrolofsaz zereckgaangen. D'Industriestaate waren a Rezessioun an opgrond vun den heije Petrolspraisser an der eischter Petrolskris hu vill Lanner an alternativ Energiequellen investeiert, wat an de Jore 1979 bis 1983 de weltwaite Petrolverbrauch em 11 % an de Weltmaartundeel vun der OPEC em 40 % zereckgoe gelooss huet.

1982 gouf eng Produktiounsdrosselung beschloss, dei awer net agehale gouf. Den OPEC-Undeel um Weltmaart ass op 33 % erofgaangen an 1985 op 30 %, d'Ferderung hat hiren Deifstwaert mat 17,34 Mio. Barrel pro Dag erreecht.

1983 goufen d'Praisser vu 34 op 29 US-Dollar pro Barrel erofgesat, d'Ferderquot vun 18,5 op 16 Mio. Barrel pro Dag. D'Kartell vun der OPEC huet d'Muecht verluer.

1986 ass de Prais op manner wei 10 US-Dollar pro Barrel gefall. Dest koum duerch eng Iwwerproduktioun vu Petrol an dem Versuch vu vereenzelten OPEC-Staaten, hir Plaz um Weltmaart ze verbesseren, andeems si d'Praisser erofsetzen. Duerch dese staarke Praisverfall war d'OPEC an enger Kris, wat d'Ministeren dozou bruecht huet, 1988 Diskussioune mat de Staate vun der IPEC , den "Independent Petroleum Exporting Countries", ze feieren. Dei haten awer kee groussen Effet.

1990 gouf de Riichtprais vun 18 op 21 Dollar pro Barrel erheicht. D'Praiszil gouf nemmen opgrond vum Zweete Golfkrich an der Invasioun vum Kuwait erreecht.

An de Joren 1990 bis 1994 gouf de Ferdermontant em 8,5 Prozent erheicht, trotzdeem sinn d'Recetten duerch de Petrolsexport vun 143 Milliarden an der Moyenne op 126 Milliarden Dollar pro Joer erofgaangen.

De Petrolsprais louch am Abrell 2005 bei ronn 55 Dollar pro Barrel. D'US-Petrolspraisser hunn den 11. August 2005 mat 66 Dollar eng Rekordheicht erreecht. De Grond lait haaptsachlech am chineesesche Wirtschaftsboom. 1990 huet China fennefmol mei Petrol exporteiert wei importeiert. Zanter 1993 huet China mei Petrol importeiert wei exporteiert. Zanter 2003 importeiert et mei Petrol wei Japan . 2004 huet d'Raich vun der Mett 120 Milliounen Tonne Petrol a Petrolsproduiten importeiert. D'OPEC schatzt, datt an den nachsten 30 Joer ronn 23 % vun der Nofro vu China ausgoe waert.

Sudkorea huet virgeschloe fir en Zesummeschloss vun de Lanner dei Petrol importeieren ze grennen, als Geigegewiicht zu der OPEC.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: OPEC ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Ecuador nees Member vun der OPEC