E
Metro
ass een
effentlecht Verkeiersmettel
, dat haaptsachlech ennerierdesch verkeiert.
Den Ufank vum Metro geet op dei zweet Hallschent vum
19. Joerhonnert
zereck. Zu
London
gouf den eischte Metro gebaut. Well deen allerdengs mat
Damplokomotive
gelaf ass, wat an Tunnellen net praktesch ass, war et laang deen Eenzegen. Dei nachst Metroen sinn dunn ereischt 1895 zu
Chicago
, 1896 zu
Budapest
a
Glasgow
opgaangen an 1900 zu Parais.
Ereischt mat der Afeierung vun
Elektrolokomotive
gouf de Metro popular. De
4. November
1890
ass zu
London
den eischten elektresch ugedriwwene Metro gefuer.
Warend knapps engem Joerhonnert huet de Metro an
Nordamerika
an an
Europa
e richtege Boom duerchlieft, ma zanter dem Enn vum
20. Joerhonnert
ginn net mei vill nei Metroslinnen an deenen Lanner gebaut.
Asien
ass elo den neie Spetzereider wat d'Konstruktioun vu Metroslinnen ugeet.
2021 ware 15 vun den 20 langste Metrosnetzwzierker an Asien, dovun eleng 13 an der
Volleksrepublik China
.
An Europa sinn dei langst Netzwierker de Moskauer Metro (412 km), de Londoner Metro (402 km), de
Metro vu Madrid
(294 km), de
Paraisser Metro
(220 km), de
Berliner Metro
(148 km) an den Istanbuler Metro (135 km).
Weltwait sinn d'Metroe mat de meeschte Passageier zu
Shanghai
mat 2,8 Milliarde Passageier (2020), zu
Tokio
mat 2,8 Milliarde Passageier (2019), an zu
Moskau
mat 2,6 Milliarde Passageier (2019).
Am
Benelux
ass de Rotterdamer Metro (101 km) am langsten, obwuel den zweetgreissten, de
Breisseler Metro
(40 km), mei Passageier transporteiert (165 Milliounen am Joer 2019).