Ballistesch Rakeit

Vu Wikipedia
V2-Rakeit , dei eischt militaresch agesat ballistesch Rakeit
D'V2 war fir d'Kurssteierung mat zwei Gyroskopen ekipeiert.

Eng ballistesch Rakeit ( ballistic missile ) ass der Reegel eng militaresch Rakeit , dei e Buedemzil op enger Fluchbunn entspriechend de Gesetzer vun der Ballistik erreecht. Bei net ze grousser Spetzenheicht entsprecht hir Fluchbunn am grousse Ganzen dar vun engem Geschoss, enger Worfparabel . Anescht wei reaktiv Artilleriegeschosser wei beispillsweis Rakeitewerfer si ballistesch Rakeite weinst hire grousse Reechwaite generell gesteiert. Am Ennerscheet zu Marschfluchkierper a Lenkwaffen hu se keen Drowierk a kee Marschdreifwierk , ma ginn nemmen an der Startphas ugedriwwen, fir s'op dei, fir d'Erreeche vum Zil, neideg Vitess ze brengen.

Ballistesch Rakeite kenne vu mobilen oder vu feste Startrampe gestart ginn. Bei Rakeite mat greisserer Reechwait ass de Startwenkel meeschtens vertikal a gett ereischt mei speit op d'Zil dirigeiert, fir den Afloss vum Loftwiderstand sou kleng wei meiglech ze halen.

Fluchbunn [ anneren | Quelltext anneren ]

Wat mei wait d'Buedemzil vun enger ballistescher Rakeit ewech ass, emsou mei gett hir Fluchbunn vun der Parabelform ofgeleet a gett e ballistesche Bou , well nieft der Kremmung vun der Aerduewerflach an der spharescher Struktur vum Schweierfeld spillt de Loftwiderstand eng grouss Roll. De Loftwiderstand fallt bei ze grousser Heicht . D'Fluchbunn gett mat der Uglaichung un dei Eischt Kosmesch Vitess a Funktioun vun de Gesetzer vun der Himmelsmechanik an dem Eischt Gesetz vum Kepler zouhuelend elliptesch .

Wann d'Rakeit op hirer Fluchbunn dei Eischt Kosmesch Vitess erreecht, da gett d'Fluchbunn net mei ballistesch genannt, ma glaicht enger Satellittebunn . Si ergett sech aus der bei Brennschluss erreechter Ufanksvitess an hirem Wenkel zu der Horizontaler.

Steierung [ anneren | Quelltext anneren ]

Duerch dei laang Fluchstreck, dei weinst dem Fluchbou daitlech mei laang ass wei d'Reechwait, verhennert den Afloss vun atmospharesche Bedengungen (virun allem Saitewand ) meeschtens eng Zilausriichtung aleng beim Start. Domat gett den Asaz vun engem Steierungssystem noutwendeg ? haut meeschtens e Bequemlechkeetsnavigatiounssystem ( inertialen Navigatiounssystem). Dei Technik gouf fir d'eischt am Zweete Weltkrich bei der daitscher V2 benotzt. D'V2 gouf vun zwei Gyroskopen an enger Zaitschaltauer gesteiert, a konnt sou automatesch e virprogrammeierten Zilkurs halen.

Haut gi sou Steierunge mat Satellittennavigatioun wei de GPS oder de russesche GLONASS gemaach. Eng Steierung geschitt meeschtens nemme warend der Brenndauer vun den Dreifwierker; an neiester Zait goufen als Reaktioun op d'Weiderentwecklung vun der Rakeitenofwier och steierbar Gefechtskapp entweckelt, sou wei de MARV fir Interkontinentalrakeiten oder wei dei russesch Iskander-Kuerzstreckerakeit .

Militareschen Asaz [ anneren | Quelltext anneren ]

Militaresch ballistesch Rakeite geheieren zu de Buedem-Buedem-Rakeiten a ginn no hirer Reechwait klassifizeiert. Virun allem Rakeite mat grousser Reechwait kennen an eischter Linn bei strategeschen Ziler zum Asaz kommen.

D'Treffgenauegkeet vun enger ballistescher Rakeit gett als CEP ( Circular Error Probable ) a Meteren uginn: de Radius vun engem Krees ronderem den Zilpunkt, an dee statistesch 50 Prozent vun de Fluchkierper treffen. Dei bescht Interkontinentalrakeiten erreechen en CEP vun 100 m, dei ongeneest nemme 5 km.

Zivillen Asaz [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Zil vun ziville ballistesche Rakeiten ass am Allgemenge keng Plaz op der Aerduewerflach, ma d'Aussetze vun engem Satellit oder eng (kuerz) Zait Schweierlosegkeet, z. B. fir wessenschaftlech Experimenter (Schweierlosegkeit fir Minutte bis Stonnen).

Op enger ballistescher Fluchbunn kann op hirem Zenit e Satellit ausgesat ginn ? dee brauch dann awer en eegenen Undriff, fir weider op dei Eischt Kosmesch Vitess accelereieren ze kennen. [1]

Dacks ass och virgesinn, datt d'Rakeite(stufen) an engem defineierten Zilberaich nees op de Buedem falen, fir dei matgefouert Experimenter ze biergen, d'Rakeit ze recycleieren oder eng Gefor fir Leit ze elimineieren. An der Teschenzait gett et och Rakeiten, dei bei hirer Heemrees lande kennen. [2]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Ballistesch Rakeiten ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. ESA: ballistesch Fluchbunn fir d'Ariane 5
  2. FAZ .de: Eischt Landung vun enger Rakeit nom Asaz op enger Schwammplattform (eischt Stuf vun enger Falcon 9 vun der Firma SpaceX ).