Westjordanland

Vu Wikipedia
Dese Geographiesartikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.


Westjordanland
????? ???????
???? ???????
Offiziell Sprooch : Arabesch , Hebraesch
Staatsform: Palestinensescht Gebitt, dat zenter dem Krich vu Sechs Deeg (1967) vun Israel besat ass an zu 60 % vun Israel, zu 18 % vu Palestina an zu 22 % kollektiv gereiert gett
Flach: 5.655 km²
Bevelkerung: 2.949.246
(Schatzung 2021)
 • Bevelkerungsdicht: 522/ km²
Warung : (neien israeeleschen) Schekel
Zaitzon : UTC +2
Internationalen
Telefonsprefix
:
+970

D' Westjordanland (Arabesch ????? ???????, DMG a?-?affa al-?arbiyya, a?-?iffa al-?arbiyya, Hebraesch ???? ??????? haGada haMa'arawit), och als Westbank oder (mei rar) Cisjordanien bezeechent, ass e Gebitt am Noen Osten , westlech vu Jordanien an estlech vun Israel , dat zenter dem Krich vu Sechs Deeg (5. bis den 10. Juni 1967) vun Israel besat ass an ennert der israeelescher Militar-Geriichtsbarkeet steet. Dei israeelesch Bezeechnung fir d'Gebitt ass ?Judaa a Samaria“ (Hebraisch ????? ??????? Jehuda we-Schomron ).

D'Westjordanland besteet zu 40 % aus Enklave vun de palestinenseschen Autonomiegebidder an huet eng Flach vu ronn 5.800 km², wouvu ronn 220 km² Waasserflach sinn. Vun de geschaten 3 Milliounen Awunner (2022) sinn ongefeier 2,5 Millioune Palestinenser ( Moslemen , Chreschten a Samariter ) a ronn 430.000 Judden . Se liewen an zirka 213 israeelesche Siidlungen an hiren 132 Bausseposten.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

An der biblescher Zait hu sech verschidde kanaanitesch Velker , dorenner Phenizier , Samariter an Hebraer , am haitege Westjordanland niddergelooss. D'Hebraer hunn do dei al Kinnekraicher Israel a Juda gegrennt. Am Laf vun e puer Dausend Joer ass d'Gebitt emmer nees vun anere Velker occupeiert ginn. Verschidden Deeler hunn zu den anticke Raicher Assyrien , Egypten , Persien an dem Reimesche Raich , mei speit zum Kalifat vun den Abbasiden , dem Osmanesche Raich an dem Brittesche Weltraich geheiert.

Nodeems d'Osmanescht Raich zesummegebrach war, huet de Velkerbond den 19. Abrell 1920 dem Vereenegte Kinnekraich d'Mandat iwwerdroe fir am sou genannte Velkerbondsmandat fir Palestina d'staats- a velkerrechtlech Interessie vu Palestina ze vertrieden.

Den 29. November 1947 huet d'Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen den Deelungsplang fir Palestina ugeholl [1] , mat deem virgesi war, Palestina an e Staat fir d'Judden an ee fir d'Araber opzedeelen, fir esou de Konflikt tescht den arabeschen a jiddeschen Awunner vum brittesche Velkerbondsmandat ze leisen. D'Westjordanland ass dem arabesche Staat zougesprach ginn. Am Palestinakrich gouf et 1948 vu Jordanie besat an 1950 annekteiert. Am Krich vu Sechs Deeg gouf et du vun Israel eruewert a steet zenterhier enner israeelescher Militarverwaltung; Ostjerusalem an d'Emgeigend goufen dogeint 1980 vun Israel annekteiert, wat der Resolutioun 478 vum UN-Secherheetsrot [2] no geint d'Velkerrecht versteisst.

Grad wei d' Gazastraif geheieren haut 40 % vum Westjordanland zu de palestinenseschen Autonomiegebidder a gi formell vun der palestinensescher Autonomieverwaltung gereiert. Als Resultat vum interpalestinensesche Biergerkrich huet dei radikal islamistesch militant Organisatioun Hamas am Juni 2007 d'Kontroll iwwer d'Gazastraif iwwerholl; am Geigenzuch goufen hir Unhanger am Westjordanland entwaffent an aus alle politesche Funktiounen elimineiert.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Westjordanland ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Resolution 181 (II)
  2. Resolution 478 (1980) of 20 August 1980 (archiveiert Versioun) . web.archive.org (2017-10-12) Archiveiert op 2017-10-12. Gekuckt de(n) 2024-02-28.