San Marino

Vu Wikipedia


Republik San Marino
Repubblica di San Marino

Fändel vu San Marino

Wope vu San Marino

Detailer

Detailer
National Devise : Libertas
( lat.: "Fraiheet")
Offiziell Sprooch : Italieenesch
Haaptstad : San Marino
 • Awunner: 4 214 (2012)
 • Koordinaten: 43° 56’ 32’’ N
      12° 26’ 52’’ O
Staatsform: Republik
 • Capitani Reggente : Alessandro Rossi
Milena Gasperoni
 • Ausseminister: Luca Beccari
Flach: 61,24 km²
Bevelkerung: 33 908 ( 2023 )
 • Bevelkerungsdicht: 554/ km²
Onofhangegkeet: 3. September 301
Nationalfeierdag: 3. September
Nationalhymn: Inno Nazionale della Repubblica
Fir ze lauschteren   Partitur
Warung : Euro
Zaitzon : UTC + 1 ( MEZ )
Internet TLD : .sm
Internationalen
Telefonsprefix
:
+378

D' Republik San Marino , op Italieenesch Repubblica di San Marino an op Romagnolesch Ripobblica 'd San Maroin , mam Bainumm: La Serenissima ass e Staat a Sudeuropa . E lait ganz an Italien , ouni eng Grenz mat anere Lanner ze hunn. San Marino lait tescht den italieenesche Regiounen Emilia-Romagna ( Provenz Rimini ) a Marken ( Provenz Pesaro an Urbino ), net wait vun der adriatescher Kust bei Rimini ewech. Um Fielskamp Monte Titano steet d' Festung La Guaita. San Marino ass dei eelst Republik vun der Welt an huet eng Geschicht, dei bis op d'Joer 301 zereckgeet. San Marino ass kee Stadstaat , ma e besteet aus neng Gemengen.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Lescht vun de san-marineesesche Gemengen .

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Festung Guaita uewen um Bierg Titano

D'Republik San Marino lait op der Ostsait vun den etruskeschen Apenninen . D'Nord-Sud-Orientatioun gett am Relief bal ganz vum Reck vum Monte Titano domineiert. De Bierg, dee fir de greissten Deel aus Kallekstee besteet, gett vu Sude Richtung Norden emmer mei gei a brengt et op der nerdlecher Spetzt op eng Heicht vu 756 Meter, dem hechste Punkt vun der Republik.

D'Staatsgebitt huet d'Form vun engem onreegelmeissege Veiereck an ass am grousse Ganzen hiwweleg. Et ass 60,57 Quadratkilometer grouss an huet en Territoire, dee manner wei 3 Prozent vun der Flach vum Letzebuerger Land duerstellt. D'Langt vun der Grenz mat Italien ass 39 km. Direkt um sudwestlechen Hank vum Monte Titano lait d' Haaptstad , dei dee selwechten Numm wei d'Land selwer huet: San Marino .

Bevelkerung [ anneren | Quelltext anneren ]

San Marino huet 32.471 Awunner (Stand: 2012). Dovu liewen der 4.214 an der Haaptstad San Marino , 10.571 zu Serravalle (greisst Siidlung), 6.609 zu Borgo Maggiore , 3.256 zu Domagnano , 2.548 zu Fiorentino , 2.096 zu Acquaviva , 1.180 zu Faetano , 1.087 zu Chiesanuova an 910 zu Montegiardino .

D'Landessprooch ass Italieenesch . Weinst der staarker Ofhangegkeet vum Tourismus schwatzt bal jiddwereen eng Friemsprooch. Meeschtens Englesch , Daitsch oder Franseisch .

Romagnolesch , en emilianesch-romagnoleschen Dialekt, ass nach besonnesch enner der eelerer Generatioun staark verbreet.

92,3 Prozent vun der Populatioun si kathoulesch , 4,7 Prozent geheieren enger anerer Relioun un, an 3 Prozent bekenne sech zu kenger Relioun.

Politesche System [ anneren | Quelltext anneren ]

De Regierungspalais zu San Marino

D'Funktioun vum Staatschef hunn zu San Marino zwei Capitani Reggenti (Regierungshaaptmanner), dei all sechs Meint vum Parlament gewielt ginn. D'Roll vum Parlament spillt dobai de Consiglo Grande e Generale , deen och Gesetzer stemmen daerf. D'walberechtegt Bierger (Arego) hunn d'Meiglechkeet dem Consiglo Grande Virschlei an Ufroen z'ennerbreeden.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Em d'Joer 300 soll de Marinus, e Steemetzer vu Rab (enger kroatescher Insel), als Bauaarbechter op Rimini , deemools eng Stad dei floreiert huet, komm sinn. Nach virum Joer 303, wei dei schlemmst Chreschteverfollgungen ugefaangen hunn, ass de Marinus op de Bierg Titano geflucht an huet do mat en ettleche Glawensbridder eng chreschtlech Communauteit gegrennt. Dat soll den 3. September 301 geschitt sinn an deen Dag gouf dunn och allgemeng als Grennungsdag vu San Marino ugeholl. Nodeem den Toleranzedikt vun Nikodemia am Joer 311 d'Situatioun berengegt hat, gouf de Marinus vum Beschof vu Rimini, Gaudenzio, zum Diakon ernannt a krut vun enger reimescher Patrizierin , dei zum Chreschtentum konverteiert war, den Titano geschenkt. Nom Doud vun hirem Patreiner huet San Marino sech am Joer 366 als Republik konstitueiert.

An den eischte Joerhonnerte sinn, fir secher ze goen, um Monte Titano Befestegungsinstallatioune gebaut ginn. Drai Buerge waren et dei och Zetare mat Waasserreserve fir d'Noutfall haten. Am Laf vum 13. Joerhonnert hat d'Republik schweier Zaiten, wei se sech geint d'Nopeschbescheef huet misse wieren, deenen et drem gaangen ass, fir d'Bevelkerung dem Poopst z'ennerwerfen an hinnen nei Steieren ofzeknappen. D'Onofhangegkeet hat deemools hire Prais, och mei speit, wei erem versicht ginn ass, des friddlech Republik der Kierch z'ennerwerfen.

Wei de Napoleon Bonaparte um Rudder war, huet hie sengen Zaldoten am Laf vu senger Italienkampagne, den Uerder ginn, San Marino, fir dat hie vill Estime hat, z'emgoen an net ze besetzen. Nom Napoleon senger Neierlag gouf 1815 um Wiener Kongress dei freier Situatioun erem hiergestallt an d'Fraiheet an d'Onofhangegkeet vu San Marino gouf confirmeiert.

Interessant ass och, dat am Laf vum Risorgimento an Italie vill Fraiheetskampfer op San Marino geflucht sinn, och de Giuseppe Garibaldi , deen do 1861 d'Nationaliteit vu San Marino kritt huet. An desem Zesummenhank huet de speideren Eierebierger vu San Marino, den Abraham Lincoln an engem Breif un hir Autoriteite geschriwwen: Are Staat ass zwar kleng, ma een, deen an der Geschicht am meeschte begiert ass .

1865 huet San Marino als eischt europaescht Land d' Doudesstrof ofgeschaaft.

An der Zait vum Mussolini an Italien, hat de Faschismus och zu San Marino eng staark Positioun, de Fraiheetssenn ass awer erhale bliwwen an d'Land huet refuseiert, fir Zaldote fir de Mussolini ze stellen. Am Zweete Weltkrich huet d'Land et och faerdeg bruecht, seng Neutraliteit oprecht z'erhalen. Et ass allerdengs am September 1944 zu San Marino zu Gefechter komm, wei dei allieiert Truppen an Italien dei daitsch Besatzung verdriwwen hunn.

Wirtschaft a Verkeier [ anneren | Quelltext anneren ]

San Marino huet keng eege Buedemschatz. Et exporteiert haaptsachlech Wain a landwirtschaftlech Produkter, an och Kappercher , dei vu Sammler staark gesicht sinn. Haapthandelspartner vu San Marino ass Italien.

Wei an Italien, deem seng Lira et virdrun als Warung hat, ass den Euro zanter dem 1.Januar 2002 dei offiziell Warung. San Marino ass net Member vun der Eurozon , huet awer, well et virdrun och eege Lire-Stecker erausgouf, Euromenzen an den Emlaf bruecht mat eegenem Design op der nationaler Sait.

San Marino ass e Land, dat touristesch staark besicht ass; 60 % vu senge Recette stame vum Tourismus. Dofir sinn d' Steieren zu San Marino sou niddereg. Et huet neng eege Banke fir seng lokal Geschafter. D'international Finanztransaktioune ginn iwwer italieenesch Banken ofgeweckelt.

De Steemetzer Marino

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Fabio Foresti: Quella nostra sancta liberta. Lingue, storia e societa nella Repubblica di San Marino. Biblioteca e ricerca. Quaderni della Segretaria di Stato per la Pubblica Istruzione, Affari Sociali. Istituti Culturali e Giustizia 6. Aiep, San Marino 1998. ISBN 88-86051-66-2
  • Gunter Weitershagen: San Marino und die Einfuhrung des Euro. Libertas Paper. Bd 33. Libertas, Sindelfingen 2000. ISBN 3-921929-37-7
  • Friedrich Kochwasser: San Marino. Die alteste und kleinste Republik der Welt. Erdmann, Herrenalb im Schwarzwald 1961.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: San Marino ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: San Marino Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen