D'Republik
Malta
(malt.: Repubblika ta'Malta)
ass dee klengsten
europaeschen
Inselstaat am
Mettelmier
a klengste
Memberstaat
vun der
EU
.
Dei eischt Mensche sinn ongefeier 5000 v. Chr. vu
Sizilien
aus op Malta komm. 4000 - 3000 v. Chr. sinn d'Megalith-Tempele gebaut ginn. Malta stoung enner dem Afloss vu ville Kulturen. Fir d'eischt ware
Phenizier
do, duerno d'
Griichen
, da bis 218 v. Chr. d'
Karthager
. Vun 218 bis 201 v. Chr. huet den
Zweete Punesche Krich
gedauert an d'
Reimer
hunn d'Muecht op Malta iwwerholl. Am Joer
60
ass den
Apostel Paulus
op Malta ukomm an huet d'Insel evangeliseiert. Dunn ass d'Insel an d'Hann vun de
Vandalen
iwwergaangen, duerno an dei vun de
Goten
. Dei goufe vun de
Byzantiner
verdriwwen a sou war Malta bis
870
vum byzantinesche Raich besat.
870
war d'Invasioun vun den
Araber
op der Insel. Si koume vu Sizilien eriwwer.
1090
hunn d'
Normannen
d'Muecht iwwerholl, du koumen d'
Aragonier
, bis
1530
d'
Osmanen
ugefaangen hunn, Malta unzegraifen. D'Insel, dei zu deem Zaitpunkt vum
Malteeseruerde
regeiert gouf, konnt sech geint d'Ugreff vun den Tierke behaapten.
Malta gouf den
21. September
1964
onofhangeg
Groussbritannien
. Den
1. Mee
2004
ass Malta an d'
EU
baigetrueden.
Malta lait am Mettelmier, 90 km sudlech vu
Sizilien
. De malteesesche Staat besteet aus drai bewunnten
Inselen
, Malta,
Gozo
a
Comino
souwei drai onbewunnten,
Cominotto
,
Filfla
a
St. Pauls Island
.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Malteesesch Inselen
.
Malta huet 245,6
km²
, Gozo 67
km²
an de Rescht vun den Inselen 3
km²
.
Dei greisst Langt vu Malta huet 27 km, an dei greisst Breet 14 km. Zu Gozo sinn et 14 km Langt a 7 km Breet.
Malta huet keng Bierger a keng Fless.
Op der Kust sinn Hafen, Sandplagen a kleng Fielsebuchten.
Malta huet e
Mettelmierklima
. De Wanter geet vu Mett November bis Enn Maerz. Wann et reent oder wa Wand ass, dann hechstens 2 Deeg hannereneen. De kaalste Mount ass de Februar wou d'
Temperature
bis op 10 Grad
Celsius
an der Nuecht kenne falen. Meeschtens reent et just kuerz a staark. De Summer geet vu Mee bis September. Duerchschnettstemperatur am Summer ass 23,5 Grad Celsius. Am Summer reent et bal ni an d'Temperaturen erreechen och rar 40 Grad am August. Malta zielt zu de Lanner op der Welt wou et am mannste reent.
D'Haaptinsel Malta ass a fennef Bezierker agedeelt, Gozo a Comino sinn zesummen de sechste Bezierk. Zanter
1993
ass Malta an 68 lokal Verwaltungseenheeten agedeelt:
Malta huet sech den
13. Dezember
1974
zu enger parlamentarescher Republik erklaert. Vum 21. September 1964 ass Malta vu Grousbritannien onofhangeg, ass awer nach am
Commonwealth
.
Et gett zwou grouss Haaptparteien: d'
Nationalist Party
(konservativ) an d'
Malta Labour Party
(sozialdemokratesch).
D'Walbedeelegung lait traditionell bei iwwer 90 %.
D'
Parlament
huet 65 Setz.
Malta hat 2005 eng Bevelkerung vu 404 039 Leit.
[1]
De Gebuertentaux ass deen niddregsten a ganz Europa a lait bei 10,1 pro Dausend.
Op Camino, der klengster bewunnter Insel, wunne just 3 Malteeser.
Zirka 96 % vun der Populatioun si reimesch-kathoulesch. Donieft gett et nach Judden a Protestanten.
D'Landessprooch ass
Malteesesch
, eng semitesch
Sprooch
mat arabeschem a romaneschem Aschlag. Et ass dei eenzeg semitesch Sprooch dei mat latengesche Buschtawe geschriwwe gett.
Englesch
gett als zweet Amtssprooch benotzt. Als drett Sprooch leieren d'Malteeser
Italieenesch
an der Schoul.
Malteesesch ass e freieren arabeschen
Dialekt
, mat staarkem Afloss vun der italieenescher Sprooch, awer och vum Franseischen, Engleschen a Spueneschen.
Zanter dem
1. Januar
2008
huet Malta den
Euro
als Warung. Virdru war dat d'
Malteesesch Lira
, op
Malteesesch
:
Lira Maltija
.
Malta beschaftegt sech mam Opbau vun der
Industrie
an dem
Tourismus
, nodeem dei brittesch Marinn ofgezu ginn ass, fir sou de finanziellen Deel ze kompenseieren.
Opdeelung vum
Bruttosozialprodukt
: 25 % Industrie, 72 % Dengschtleeschtungssecteur (dovun 35 % Tourismus) an 3 % Landwirtschaft.
Exportgidder sinn: Elektronik, Autosdeeler, Textil- a landwirtschaftlech Produkter.
Op Malta gett lenks gefuer. Eisebunn gett et keng mei op der Insel.
-
Valletta, Vue op den Hafen (Ostsait)
-
Aner Vue op den Hafen
-
Mdina, An der Festung
-
Mdina, D'Festungsmaueren
-
Valletta: D'Kathedral
-
D'Lower Barracca Gardens zu Valetta
-
De Fort St. Elmo zu Valetta
-
Dei blo Fenster zu Gozo
|
---|
Aktuell Memberen
| |
---|
Freier Memberen
| |
---|
- ↑
1,0
1,1
Vollekszielung vum 27. November 2005. Source