Malta

Vu Wikipedia


Repubblika ta' Malta
Republic of Malta

Malteesesche Fändel

Malteesesche Wopen

Detailer

Detailer
National Devise : "Duerch de Courage an d'Konstanz"
Offiziell Sprooch : Malteesesch , Englesch
Haaptstad : Valletta
Staatsform: Republik
 • Presidentin: Myriam Spiteri Debono
 • Premierminister: Robert Abela
Flach: 315,5 km²
Bevelkerung: 404 039 [1]
 • Bevelkerungsdicht: 1282/ km²
Onofhangegkeet: vu Groussbritannien ,
den 21. September 1964
Nationalfeierdag: 21. September
Nationalhymn: L-Innu Malti
(Lauschteren)
Warung : Euro (EUR)
Zaitzon : UTC +1
Internet TLD : .mt
Internationalen
Telefonsprefix
:
+356

D'Republik Malta (malt.: Repubblika ta'Malta) ass dee klengsten europaeschen Inselstaat am Mettelmier a klengste Memberstaat vun der EU .

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei eischt Mensche sinn ongefeier 5000 v. Chr. vu Sizilien aus op Malta komm. 4000 - 3000 v. Chr. sinn d'Megalith-Tempele gebaut ginn. Malta stoung enner dem Afloss vu ville Kulturen. Fir d'eischt ware Phenizier do, duerno d' Griichen , da bis 218 v. Chr. d' Karthager . Vun 218 bis 201 v. Chr. huet den Zweete Punesche Krich gedauert an d' Reimer hunn d'Muecht op Malta iwwerholl. Am Joer 60 ass den Apostel Paulus op Malta ukomm an huet d'Insel evangeliseiert. Dunn ass d'Insel an d'Hann vun de Vandalen iwwergaangen, duerno an dei vun de Goten . Dei goufe vun de Byzantiner verdriwwen a sou war Malta bis 870 vum byzantinesche Raich besat. 870 war d'Invasioun vun den Araber op der Insel. Si koume vu Sizilien eriwwer. 1090 hunn d' Normannen d'Muecht iwwerholl, du koumen d' Aragonier , bis 1530 d' Osmanen ugefaangen hunn, Malta unzegraifen. D'Insel, dei zu deem Zaitpunkt vum Malteeseruerde regeiert gouf, konnt sech geint d'Ugreff vun den Tierke behaapten.

Malta gouf den 21. September 1964 onofhangeg Groussbritannien . Den 1. Mee 2004 ass Malta an d' EU baigetrueden.

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Malta lait am Mettelmier, 90 km sudlech vu Sizilien . De malteesesche Staat besteet aus drai bewunnten Inselen , Malta, Gozo a Comino souwei drai onbewunnten, Cominotto , Filfla a St. Pauls Island .

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Malteesesch Inselen .

Malta huet 245,6 km² , Gozo 67 km² an de Rescht vun den Inselen 3 km² . Dei greisst Langt vu Malta huet 27 km, an dei greisst Breet 14 km. Zu Gozo sinn et 14 km Langt a 7 km Breet. Malta huet keng Bierger a keng Fless. Op der Kust sinn Hafen, Sandplagen a kleng Fielsebuchten.

Klima [ anneren | Quelltext anneren ]

Malta huet e Mettelmierklima . De Wanter geet vu Mett November bis Enn Maerz. Wann et reent oder wa Wand ass, dann hechstens 2 Deeg hannereneen. De kaalste Mount ass de Februar wou d' Temperature bis op 10 Grad Celsius an der Nuecht kenne falen. Meeschtens reent et just kuerz a staark. De Summer geet vu Mee bis September. Duerchschnettstemperatur am Summer ass 23,5 Grad Celsius. Am Summer reent et bal ni an d'Temperaturen erreechen och rar 40 Grad am August. Malta zielt zu de Lanner op der Welt wou et am mannste reent.

Ennerdeelung [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Haaptinsel Malta ass a fennef Bezierker agedeelt, Gozo a Comino sinn zesummen de sechste Bezierk. Zanter 1993 ass Malta an 68 lokal Verwaltungseenheeten agedeelt:

Insel Malta Gozo

Politik [ anneren | Quelltext anneren ]

Malta huet sech den 13. Dezember 1974 zu enger parlamentarescher Republik erklaert. Vum 21. September 1964 ass Malta vu Grousbritannien onofhangeg, ass awer nach am Commonwealth . Et gett zwou grouss Haaptparteien: d' Nationalist Party (konservativ) an d' Malta Labour Party (sozialdemokratesch). D'Walbedeelegung lait traditionell bei iwwer 90 %. D' Parlament huet 65 Setz.

Bevelkerung [ anneren | Quelltext anneren ]

Malta hat 2005 eng Bevelkerung vu 404 039 Leit. [1] De Gebuertentaux ass deen niddregsten a ganz Europa a lait bei 10,1 pro Dausend.

Op Camino, der klengster bewunnter Insel, wunne just 3 Malteeser.

Relioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Zirka 96 % vun der Populatioun si reimesch-kathoulesch. Donieft gett et nach Judden a Protestanten.

Sprooch a Schreft [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Landessprooch ass Malteesesch , eng semitesch Sprooch mat arabeschem a romaneschem Aschlag. Et ass dei eenzeg semitesch Sprooch dei mat latengesche Buschtawe geschriwwe gett. Englesch gett als zweet Amtssprooch benotzt. Als drett Sprooch leieren d'Malteeser Italieenesch an der Schoul.

Malteesesch ass e freieren arabeschen Dialekt , mat staarkem Afloss vun der italieenescher Sprooch, awer och vum Franseischen, Engleschen a Spueneschen.

Ekonomie [ anneren | Quelltext anneren ]

Zanter dem 1. Januar 2008 huet Malta den Euro als Warung. Virdru war dat d' Malteesesch Lira , op Malteesesch : Lira Maltija .

Malta beschaftegt sech mam Opbau vun der Industrie an dem Tourismus , nodeem dei brittesch Marinn ofgezu ginn ass, fir sou de finanziellen Deel ze kompenseieren.

Opdeelung vum Bruttosozialprodukt : 25 % Industrie, 72 % Dengschtleeschtungssecteur (dovun 35 % Tourismus) an 3 % Landwirtschaft.

Exportgidder sinn: Elektronik, Autosdeeler, Textil- a landwirtschaftlech Produkter.

Kultur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckeswaertes [ anneren | Quelltext anneren ]

Verkeier [ anneren | Quelltext anneren ]

Op Malta gett lenks gefuer. Eisebunn gett et keng mei op der Insel.

Fotosalbum vu Malta [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 Vollekszielung vum 27. November 2005. Source

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Malta ? Biller, Videoen oder Audiodateien