Geographesch Lag
anneren
Moskau lait am europaeschen Deel vu Russland an am Duerchschnett 156 Meter iwwer dem
Mier
, am Hiwwelland tescht de Fless
Oka
a
Wolga
, an un den zum Deel geien Ufere vun der
Moskwa
, engem Niewefloss von der Oka, dei an d'Wolga leeft.
D'Moskwa dreint a keiert sech queesch duerch d'Stad vun Nordwest no Sudost. Am Stadgebitt ass hir Langt zirka 80 Kilometer an hir Breet 120 bis 200 Meter. Den 126 Kilometer laange Moskau-Wolga-Kanal, deen
1937
faerdeg gouf, suergt fir d'Scheffbarkeet vum Floss. Ongefeier 120 kleng Fless streimen an d'Moskwa. Ausser 14 Steck goufe se all an ennerierdesch Rouersystemer verluecht.
D'Stadgrenze gi vun engem 109 Kilometer laangen Autobunnsrank gebilt, deen
1962
gebaut gouf. D'Stadgebitt huet eng Flach vun 878,7 Quadratkilometer. D'Grengflache maachen ongefeier een Drettel vum Stadgebitt aus. Dozou geheieren zirka 100 Parken an iwwer 800 gefleegt Anlagen, beraichert mat ongefeier 500 Weieren. Em d'Stad zitt sech eng 30 bis 40 Kilometer laang Beschparkzone mat enger Abberzuel vun Erhuelungs- an Ameseierariichtungen. D'Flach vun deem Beschpark ass 1.725 Quadratkilometer.
D'Haaptstad lait an der kontinentaler
Klimazon
. Dei duerchschnettlech Jorestemperatur ass 5 Grad Celsius, Ree falt es iwwer d'Joer am Duerchschnett 688 Millimeter. Dee meeschte Ree falt am
Juli
mat 92 Millimeter am Mount, dee mannsten am
Maerz
mat 34 Millimeter. De
Wand
bleist net iwwermeisseg, d'
Loft
ass drechen. De
Wandchill
-Faktor (d.?h. dei gefillt Temperatur) ass doweinst relativ niddreg, a grousse
Frascht
ass also verhaltnismeisseg liicht z'erdroen.
Dacks ginn d'Wantertemperaturen zu Moskau erof bis em dei -12 bis -15 Grad Celsius, deelweis gi souguer Temperature bis enner -20 Grad Celsius gemooss. Ma et kann am Contraire awer och grad sou seier alles nees opdeeen, wei et virdru gefruer war. Wat d'Duerchschnettstemperaturen am
Wanter
ugeet, dei leien am
Dezember
bei -6,1°, am
Januar
bei -9,3° an am
Februar
bei -7,7° Celsius. Am
Freijoer
klemmt de Queckselwer lues a lues an de Plusberaich:
Maerz
-2,2°,
Abrell
5,8° a
Mee
12,9° Celsius am Duerchschnett. De
Summer
ass an der Haaptstad an der Reegel agreabel waarm a sonneg, heinansdo awer och immens gliddeg. An de Summermeint lait d'Temperatur am Duerchschnett am
Juni
bei 16,6°, am
Juli
bei 18,1° an am
August
bei 16,4° Celsius. Am
Hierscht
ginn d'Duerchschnettstemperature rapid an de Keller:
September
10,9°,
Oktober
5° an
November
-1,1° Celsius.
De Schnei an der Stad fankt no de Berechnunge vun de Moskauer
Phenologen
em de
16. Maerz
u mat entdeeen, den Aisbroch um Moskwa-Floss ass em den
12. Abrell
falleg, mam Optriede vun den eischte
Wiederen
ass em den
2. Mee
ze rechnen, mam eischten Nuetsfrascht em de
14. September
a mam eischte Schnei em den
28. Oktober
. De Moskwa-Floss freiert em den
18. November
zou. Eng fest Couche Schnei bilt sech em den
23. November
.
Am risege Moskau kann ee ganz aner Klimaverhaltnesser feststellen, jee nodeem op een an der Bannestad, an engem vun de Faubourgen oder an der Emgeigend lieft. Am Zentrum ass et mei drechen a mei waarm, woubai d'Temperatur an der Banlieue gutt a gar em dei zwei bis drai Grad Celsius mei niddreg lait.
Moskau gett
1147
fir d'allereischt ernimmt, a schonn e puer Joer drop,
1156
, ass enner dem Fierscht
Juri Dolgoruki
(
1090
-
1157
) dei eischt, nach helze Wieranlag vum Kreml entstanen, bannent dar sech aus engem klenge Kaff lues a lues eng beuechtenswaert Siidlung entweckelt huet. Dozou baigedroen huet och, datt Moskau op der Handelsroute laanscht d'
Moskwa
lait, vun dar d'Stad iwwregends den Numm krut. Den
Iwan III.
, dee gemenkerhand als Eeneger vu Russland ugesi gett, huet am
15. Joerhonnert
d'Kathedral vum Kreml baue gelooss a Moskau zur Haaptstad vu sengem neie Kinnekraich erklaert. Am
18. Joerhonnert
huet de
Peiter de Groussen
d'Haaptstad op
St. Petersburg
verluecht, wou se och praktesch dei ganz Zait bliwwen ass, bis datt d'
Bolschewiken
de Regierungssetz
1918
erem zereck op Moskau bruecht hunn.
Iwwer d'Joren ass d'Stad dacks uerg geplemmt a bis op d'Grondmaueren niddergebrannt ginn, vun Tataren, Polen an och vun de Fransousen. Ma weinst dem zeie Geescht vun der russescher Bevelkerung ass d'Stad emmer nees opgebaut ginn, grad sou vital, wann net souguer mei wei virdrun.
Hautdesdaags ass d'Stad geneesou kapitalistesch agestallt wei London oder New York, an et kritt een do alles ze kafe wat et gett, vum BigMac bis zu BMWen.
D'Stad Moskau ass a
Russland
en eegestannege
Federatiounssujet
. Moskau ass donieft nach d'Haaptstad vum Federatiounskrees
Zentralrussland
am
Oblast Moskau
(dat ass de Groussraum Moskau ouns d'Stad selwer). D'Oblast gliddert sech an 39
Rajonen
(Kreesser) an d'Stad selwer an zeng
Bezierker
an 125
Uertsdeeler
. D'
Stadbezierker
vu Moskau sinn dei heiten:
- Norden (Sewerny)
- Nordosten (Sewerowostotschny)
- Nordwesten (Sewerosapadny)
- Osten (Wostotschny)
- Suden (Jujny)
|
- Sudosten (Jugowostotschny)
- Sudwesten (Jugosapadny)
- Westen (Sapadny)
- Selenograd
- Zentrum (Zentralny)
|
Sech net entgoe loosse sollt ee sech dei follgend Museeen, Bauwierker, Monumenter, etc.:
Ekonomie an Infrastruktur
anneren
Moskau spillt eng Schlesselroll an der
Ekonomie
vu Russland. Den Undeel vun der Stad um
Bruttoinlandsprodukt
vum Land bedreit 12,5 Prozent. Ongefeier ee Veirel vun der
Industrieproduktioun
vu Moskau geet op de Kont vum
Maschinnebau
, deem seng Haaptbranchen Handwierksgeschierbau, Elektroindustrie, Lagerfaerdegung, Autoindustrie a Geratebau sinn. Weider wichteg Industriebranche sinn d'Schmelzen, Liicht-, Baustoff-,
Chimie
- a petrocheemesch Industrie. D'Stad ass och e grousst Zentrum vum Militar-Industrie-Komplex.
Zu Moskau si zirka 80 Prozent vum Finanzpotenzial vum Land konzentreiert. Zwee Drettel vun allen auslanneschen
Investitiounen
an d'
Ekonomie
vu Russland ginn an d'Haaptstad.
An der Stad gett et ongefeier 18.500 Handels-, Hotellerie- an Dengschtleeschtungsbetriber, 9.000 Klenghandelsbetriber an em dei 150 Maert, an deenen zirka eng Millioun Persoune beschaftegt sinn.
- Schaeder Hildegard,
Moskau, das dritte Rom
, Darmstadt 1957.
- Ruthers Monica,
Moskau
, Koln 2003.