|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem
Nirwana
am Buddismus. Fir aner Bedeitunge vun Nirwana oder Nirvana, kuckt wgl.
Nirvana
.
|
Nirwana
oder
Nirvana
(Sanskrit ???????,
Erlaschen
,
Erfaassen
,
Verwehen
) bezeechent am
Buddhismus
den Austrett aus dem Kreeslaf vum Liewen, aus der
Reinkarnatioun
, also aus dem
Samsara
. Et ass d'Enn vun alle falsche Virstellunge vun der Existenz.
Aus Manktem un engem bessere Wuert ass "Nirwana" am westeuropaesche Sproochraum dacks als "Naischt" iwwersat ginn. Dat huet allerdengs zu verschiddene Feelinterpretatioune vum eigentleche Begreff gefouert, enner anerem zu der Suppositioun, datt de Buddhismus eng nihilistesch Philosophie wier.
Heiansdo iwwerfuerdert d'Konzept vum Nirwana och d'Virstellungskraaft vun engem Geescht, deen a
Meditatioun
ongeubt, op weltlech Bedierfnesser fixeiert a mat Virstellunge vum Paradaisgaart
Eden
gefiddert ass.
Den Nirwana ass keng Plaz wei Eden, et ass och keng aner Dimensioun, kee "Jenseits". Et ass eischter en Zoustand, an deem Virstellungen, Wensch a Bedierfnesser gestellt wei och iwwerwonne sinn. Den absolutten an iwwerweltlechen Nirwana steet am Geigesaz zum relativen a weltleche Samsara.