|
Desen
Droitsartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
Prohibitioun
(vum
lat.
:
prohibere
"verhenneren") ass d'gesetzlech Verbuet vu bestemmten
Drogen
. Gemenkerhand gett de Begreff virun allem op de Verbuet vun der Produktioun, dem Verkaf an/oder der Consommatioun vun
Alkohol
bezunn.
Och wann den Alkohol a ville Lanner verbuede war (z. B. an
Norwegen
1916?1927, a
Finnland
1919?1932 oder op de
Faroer
1907?1992) oder ass (notamment an de
Golfstaaten
), gett den Ausdrock "Prohibitioun" (
prohibition
) virun allem mat de
Vereenegte Staaten
a Verbindung bruecht.
Do war de des Verkaf, d'Produktioun an den Transport vun alkoholeschem Gedrenks duerch dat 18. Amendement zu der
Verfassung vun de Vereenegte Staaten
, bekannt als
Volstead Act
oder
National Prohibition Act
, vum 16. Januar 1920 bis de 5. Dezember 1933 verbueden. Vun Ufank u gouf weineg gemaach, fir d'Gesetz duerchzesetzen. D'Zuel vun illegalen
Distillerien
,
Brauereien
an "heemleche" Bistroe goung rasant an d'Luucht, an och wann de globalen Alkoholkonsum liicht erofgoung, sou waren dei negativ Auswierkunge vun der Prohibitioun dach considerabel. Besonnesch d'organiseiert Kriminaliteit (am bekanntsten ass dem
Al Capone
seng Band zu
Chicago
) huet enorm dovu profiteiert fir e lukrative Commerce opzebauen an hir Muecht ze staerken.
D'18. Verfassungs-Amendement gouf duerch dat 21. nees opgehuewen.
- John Kobler:
Ardent Spirits: The Rise and Fall of Prohibition
. Putnam, New York 1973.
- Thomas Welskopp:
Amerikas große Ernuchterung. Eine Kulturgeschichte der Prohibition
. Verlag Ferdinand Schoningh, Paderborn 2010,
ISBN 978-3-506-77026-4
.