De
Gaspard-Theodore-Ignace (genannt: Theodore)
[1]
de la Fontaine
, gebuer de
6. Januar
1787
an der
Stad Letzebuerg
an do gestuerwen den
11. Februar
1871
, war e
letzebuergesche
Jurist
a
Politiker
.
Vun
1807
bis
1810
huet den Theodore de la Fontaine
Droit
zu
Parais
studeiert a gouf am selwechte Joer
Affekot
um Barreau an der Stad Letzebuerg.
1816
gouf hie Member vun den
Etats provinciaux
. Wei d'
Belsch Revolutioun
ausgebrach ass, stoung hien op der Sait vum
Wellem I. vun Holland
a war an der Regierungskommissioun, dei d'Stad Letzebuerg kontrolleiert.
Vun
1841
-
1848
war hie Gouverneur vum Grand-Duche. Den
1. August
1848 gouf hien deen eischte Regierungspresident vu Letzebuerg, a war glaichzaiteg fir d'Aussebezeiungen, d'Justiz an de Kultus zoustanneg. Ma schonn den
2. Dezember
falt d'Regierung.
Den de la Fontaine war vun
1849
bis
1851
am Gemengerot vun der Stad Letzebuerg.
Den 28. November
1857
gouf hie President vum nei gegrennte
Staatsrot
, a blouf dat bis den 10. Abrell 1868
[2]
.
1871 ass den de la Fontaine an der Stad Letzebuerg a senger Wunneng um
Knuedler
gestuerwen. Hien ass um
Nikloskierfecht
um
Lampertsbierg
begruewen.
Hien huet sech de 25. Juni 1816 (net 1815, wei een sou dacks liest) zu
Deifferdang
mat der Josephine Francq bestuet. D'Hochzaitsmass war dee selwechten Dag an der Parkierch zu
Uewerkuer
.
[3]
Hien ass de Papp vum:
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
De la Fontaine (Famill)
.
Den Gaspard-Theodore-Ignace de la Fontaine war e
letzebuergesche Fraimaurer
.
[4]
- ↑
Kuck z. B.:
Arrete royal grand-ducal, du 8 juin 1842, concernant la nomination du Gouverneur du Grand-Duche.
Memorial legislatif et administratif du Grand-Duche de Luxembourg 1842, N° 35, S. 393.
[1]
- ↑
Lescht vun de Presidente vum Staatsrot op der Websait vum Staatsrot
Archiveiert
op 2015-09-23. Gekuckt de(n) 2013-01-21.
- ↑
A. Logelin-Simon:
Le mariage des parents d'Edmond de la Fontaine.
In: Galerie 27(2009), No 3, S. 427-433.
- ↑
Quelques francs-macons luxembourgeois celebres | Grande Loge de Luxembourg
.
www.grande-loge.lu
. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
- ↑
Dem Theodore Fontaine seng Auszeechnungen op luxemburgensia.bnl.lu