De
Jean Pierre Godefroy Foehr (Fohr)
, gebuer den
11. Mee
1824
zu
Iechternach
an do
[1]
gestuerwen de
26. Mee
[2]
1875
, war e letzebuergesche Jurist, Magistrat, Deputeierten an Diplomat.
De Jean Pierre Foehr huet seng Carriere am Joer 1850 als Affekot zu
Dikrech
ugefaangen. 1859 ass hie Riichter beim Tribunal zu
Letzebuerg
ginn; 1868 gouf hie Vizepresident vun deem Tribunal; 1872 krut hien eng Nominatioun als
"conseiller a la Cour superieure de justice"
.
[3]
Hie war Deputeierte vum
Kanton Iechternach
vun 1854 bis 1856 a vun 1862 bis 1875.
[4]
Hie war Vizepresident vun der Chamber warend de Sessiounen 1868, 1869, 1873 an 1874. Wei de
Felix de Blochausen
de 26. Dezember 1874 Generaldirekter (Minister) gouf, ass de Foehr an deem senger Plaz Chamberspresident ginn.
[5]
Am Abrell 1867 ass de Foehr letzebuergesche
"charge d'affaires"
zu Berlin ginn,
[6]
eng Aufgab, dei hien nieft senger Aktiviteit an der Chamber an um Geriicht erfellt huet.
Hie war de Fils vum
Barthelemy Foehr
an de Brudder vum
Jean Mathias Foehr
. Hie selwer war net bestuet.
Zesumme mam
Norbert Metz
an dem
Leon Wurth
war de Jean Pierre Foehr Coauteur vum
Rapport de la commission nommee par l'Assemblee des Etats pour examiner la question de la liquidation entre le Grand-Duche de Luxembourg et les Pays-Bas.
(V. Buck, Luxembourg 1868, 18 S.).
[7]
- Neyen, A.
, 1876.
Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingues originaires de ce pays considere a l'epoque de sa plus grande etendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le sejour qu'ils y ont fait.
Tome 3. J. Joris, Luxembourg, 490+XXXI+XII S. + table gen. alphabet. (Jean-Pierre-Godefroy Foehr: S. 134-135).
- Luxemburger Wort 1875, Nr. 123 (28. Mai), S. 1 [J.P. Fohr †].
[1]
- Luxemburger Wort 1875, Nr. 125 (31. Mai), S. 1 [Poleemik em d'Missioun zu Berlin].
[2]
- ↑
Spedener, G., 1937.
Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen.
P. Faber, Grevenmacher, S. 26. ? Cf. Luxemburger Wort 1875, Nr. 123.
- ↑
Massard, J.A., 1988.
Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der offentlichen Hygiene in Luxemburg.
Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Departement des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, S. 210. ? Den Neyen (1876) an de Spedener (1937) gi falschlecherweis de 27. Mee 1875 als Doudesdag un.
- ↑
Cf. Neyen 1876, S. 134.
- ↑
Als, N. & R. Philippart, 1994.
La Chambre des Deputes. Histoire et lieux de travail.
Luxembourg, S. 514/515.
- ↑
Neyen 1876, S. 135.
- ↑
Neyen 1876, S. 134.
- ↑
Blum, M., 1981.
Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonne de tous les ouvrages ou travaux litteraires publies par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duche actuel de Luxembourg. Premiere partie: Les auteurs connus. Nouvelle edition, completee, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury.
First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, Munchen, vol. 1: A-L, S. 289 a S. 765.
- ↑
(fr)
Memorial
.
L'Independance luxembourgeoise
. viewer.eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-17.
- ↑
(fr)
Enterrement de J P Foehr
.
L'Independance luxembourgeoise
. viewer.eluxemburgensia.lu (1. Juni 1875). Gekuckt de(n) 2023-10-17.