Parais

Vu Wikipedia
Portal vu Parais  ? All d'Artikelen op deser Wikipedia iwwer Parais .
Parais
Paräis nuets

Parais nuets
Parais nuets
Land Frankraich
Regioun Ile-de-France
Departement Parais
Arrondissement 20 Arrondissementer
Postcode 75001 bis 75020 a 75116
Gemengecode 75056
Koordinaten 48° 51’ 00’’ N
      02° 20’ 00’’ O
Flach   105,40 km² ha
Bevelkerung   2 229 621 ( 2013 )
Satellittefoto vu Parais
Regioun Ile-de-France mat Parais

Parais ( fr. [ pa??i ]) ass d'Haaptstad vu Frankraich a vun der Regioun Ile-de-France . An eeleren, meeschtens latengeschen , Texter gett Parais och Lutetia respektiv Lutezia genannt. De Floss Seine deelt d'Stad an en nerdlechen Deel ( rive droite - rietst Seineufer) an e sudlechen Deel ( rive gauche - lenkst Seineufer). Parais huet am eigentleche Stadgebitt 2.153.600 Awunner, an an der Agglomeratioun liewen 12.067.000 Menschen (Stand 1. Januar 2007 ). Dei Uertschafte vun der Banlieue , dei baussent dem Peripheriqueleien , gi selbstanneg verwalt an zielen doduerch net wierklech zur Stad Parais mat hiren zwanzeg Arrondissementer am verwaltungsrechtleche Senn. Parais ass eng Weltstad an dat grousst politescht , wirtschaftlecht a kulturellt Zentrum vum zentralistesch organiseierte Land, an ass och deem seng greisst Verkeiersachs (enner anerem mat drai Fluchhafen a sechs Kappgaren ). Parais ass och de Setz vun der UNESCO , der OECD an der ICC .

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Geographesch Lag [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Stad lait am Zentrum vum Paraisser Baseng duerchschnettlech 65 Meter iwwer dem Mieresspigel. D' Seine leeft op enger Heicht vu 25 Meter iwwer dem Mieresspigel aus der Stad eraus. Ronderem Parais leien zwei grouss Stadbescher , dei der Bevelkerung als Noerhuelungsgebitt dengen. D'Stadgebitt huet eng Flach vun 105,4 Quadratkilometer. D' Metropolregioun huet eng Buedemflach vu 14.518 Quadratkilometer. De Meridian vu Parais, dee 1718 vum Jacques Cassini festgeluecht an 1806 vum franseische Physiker Arago prezis berechent gouf, huet bis an d'Joer 1884 ( International Meridian-Konferenz zu Washington ) ee vu villen Nullmeridianen duergestallt. En ass matzen duerch de Paraisser Observatoire gaangen, a gouf duerch verschidde Saile souwei duerch dei verschidden Arago -Medaillone markeiert, dei 1995 vum hollannesche Konzeptkenschtler Jan Dibbets diskreet an de Pave , op Trottoiren, Haff a verschidde Gebaier (enner anerem de Louvre) agelooss goufen, als en Hommage un de Physiker a Menscherechtler. Vun den ursprenglech 135 Plackette sinn der e puer zanter der Vereffentlechung vum Dan Brown sengem Erfollegsroman The Da Vinci Code geklaut ginn.

Seine [ anneren | Quelltext anneren ]

D' Seine verbennt Parais mam Banneland ( Bourgogne ) a mam Aermelkanal . Si war de wichtegste Faktor fir d'Entstehung an d'Entwecklung vun der Stad, dei hiren Ursprong op der greisster Seineinsel, vun deenen et freier eng ganz Partie gouf, fonnt huet. D'Seine deelt d'Stad an zou onglaich Hallschenten, dei nerdlech, mam Handel an de Finanzen ( rive droite ) an dei sudlech ( rive gauche ), dei mat dem Quartier Latin als Veirel vun den Intellektuellen ugesi gett, an als Wunngeigend staark gefrot ass.

Inselen [ anneren | Quelltext anneren ]

Ile aux Cygnes

D' ile de la Cite am Haerz vun der Stad war schonn an der Antiquiteit bewunnt, an ass domat den eelsten Deel vun der Haaptstad. 1584 huet den Henri III. drai suppeg Insele vun der estlecher Inselspetzt matenee verbonnen, a si un dei grouss ugegliddert. Domat ass d'Flach am Laf vun de Joerhonnerte vun ursprenglech 8 op am Ganze 17 Hektar eropgaangen. Sou konnt eng "kinneklech" Plaz entstoen ( Place Dauphine ) entstoen, an aus dem Verkaf vun den Haiser konnten d'Sue beschaf ginn, fir eng Breck ze bauen, dei dei zwei Seine-Ufere matenee verbanne sollt. Des sougenannten "Nei Breck" ( Pont Neuf ) ass haut dei eelst Breck vu Parais, dei nach erhalen ass. Och d' Ile Saint-Louis ass eng Zesummefugung vun zwou klengen Inselcher, der Ile aux Vaches an der Ile Notre Dame . Am Geigesaz zu hirer grousser Schwester, der Cite , ass si bis zum Ufank vum 17. Joerhonnert onbebaut bliwwen. Am Joer 1614 huet de Louis XIII. dem Entreprener Christophe Marie den Optrag ginn, d'Geigend z'erschleissen. De Marie huet een Aarm vun der Seine zougeschott, ronderem dei zwou Inselen eng Kaimauer baue gelooss, souwei Brecken zu de Flossuferen. Zanter ongefeier 1618 gouf d'Gelann mat Haiser fir Handwierker a Kafleit bebaut, zanter 1638 och mat luxurieise Stadpalaise fir dei mei gehuewe Klass. D'Bebauung ass no engem feste Grondplang mat riichte Stroosse gemaach ginn, deen een och haut nach erkenne kann. (Kuckt och: Plang vun der Ile Saint-Louis ) Dei freier Ile des Cygnes (Schwaneninsel) gouf 1773 mam Champ de Mars , dem Manoverfeld vun der Militarschoul, verbonnen. Haut dreit net wait vum Eiffeltuerm en Damm, deen op der Seine ugeluecht gouf, den Numm Ile aux Cygnes mat der Allee des Cygnes dei driwwer leeft. Op hir steet eng 11,50 Meter heich Kopie vun der Fraiheetsstatu . Si kuckt no Westen, a Richtung Atlantik , an domat zu hirer "grousser Schwester" am New Yorker Hafen. En opfallegt Bauwierk op der Ile aux Cygnes ass dei 380 Meter laang Breck Pont de Bir-Hakeim . Si besteet aus verschiddenen Deeler: enger 114 Meter laanger Breck iwwer den Haaptaarm vun der Seine, dem Deel op der Insel, enger 90 Meter laanger Breck iwwer den Niewenaarm vun der Seine souwei den ?Zoufahrtsviaduct“ vum Paraisser Metro .

Hiwwelen [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei hechst natierlech Erhiewung bannent de Stadgrenzen ass den Hiwwel Butte Montmartre mat enger Heicht vun 129 Meter. Op den Hiwwel fiert d' Standseelbunn Funiculaire de Montmartre . Um Nordhang gouf e Wengert ugeluecht, deen awer zanter datt am Parc Georges Brassens an am Parc de Bercy Riewe wuessen, net mei deen eenzege vu Parais ass.

Geologie [ anneren | Quelltext anneren ]

De Paraisser Baseng ass eng grouss Schichtstufelandschaft. Schlesselfermeg leien do d'Schichte vum Mesozoikum a vum Paleogen (freier Altertiar ) anenaner a si vun der Erosioun zu enger waitgespaanter Stufelandschaft ausgeschafft ginn, dar hir Stufe sech no bausse riichten. Nemmen am estlechen Deel sinn am Offall vun dese Stufe geint d' Saone-Spleck tektonesch Brochlinne mei markant. Dat sinn dei gei Hang vum Plateau vu Langres an der Cote-d'Or (bis 636 Meter), dei och beruumt Waibaugebidder sinn, well si am Reeschiet vun der Leesait mei laang Sonn hunn, an doriwwer eraus och nach d'Virdeeler vun der Sudexpositioun hunn. Eng gewessen Onglaichfermegkeet besteet doran, datt d'Schichtefolleg am nordestlechen Deel mei perfekt ass, wei am Westen. Dei mei staark Eraushiewung vum Ostfligel huet och allgemeng mei grouss Heichtenennerscheeder a mei eng markant Formatioun vun de Stufe mat sech bruecht. An de Baseng era reecht als bedeitend Stuf dei vun den eozene -Kalleker, an dar d' Ile-de-France , d'Ballungsgebitt vu Parais, agebett lait.

Stadglidderung [ anneren | Quelltext anneren ]

Kaart vun den Arrondissementer

Parais gouf am Joer 1790 Verwaltungssetz vum Departement Seine (75) an ass zanter der Neiglidderung vun der Ile-de-France am Joer 1968 glaichzaiteg Stad an Departement. Ofgesi vun der geographescher Glidderung a rive droite , rive gauche an ?Inselen" ass si an arrondissements an a quartiers ennerdeelt. Dei 20 nummereiert arrondissements (ofgekierzt Arrdt.) hunn d' Postcode 75001 bis 75020 an duerchzeie Parais spiralfermeg vu bannen no baussen. D'Spiral fankt am historesche Stadkar un, der Geigend vum Louvre , Palais Royal a Forum des Halles , a geet am Oste vun der Stad, dem Arrondissement vum Kierfecht Pere-Lachaise op en Enn. All Arrondissement huet sain eegene Buergermeeschter (Maire d'Arrondissement) , deen am Buergermeeschteramt vu sengem Bezierk (Mairie de l'Arrondissement) resideiert. All Bezierk ass sengersaits nach a veier quartiers agedeelt. D'Arrondissementer vu Parais sinn:

Klima [ anneren | Quelltext anneren ]

Klimadiagramm Parais

Parais lait an der gemassegter Klimazon . D'Joresmetteltemperatur bedreit 10,6 Grad Celsius an et falen am Duerchschnett pro Joer 639 Millimeter Neierschlag. De waermste Mount ass de Juli mat an der Moyenne 18,0 Grad Celsius, de keelste Mount ass de Januar mat an der Moyenne 3,4 Grad Celsius. De meeschten Neierschlag falt am Juni mat an der Moyenne, am Mannsten Neierschlag falt am Februar an am Abrell mat an der Moyenne 45 Millimeter. Zanter 1873 ginn zu Parais reegelmeisseg meteorologesch Miessunge gemaach. Dei deifst Temperatur gouf den 10. Dezember 1879 mat -23,9 Grad Celsius. Den Hetzterekord gouf mat 40,4 Grad Celsius den 28. Juli 1947 im Parc Montsouris gemooss.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vu Parais .

Lutetia

D'Stad huet sech zanter der Mett vum 3. Joerhonnert v. Chr. aus der keltescher Siidlung Lutuhezi entweckelt, dei vum Stamm vun de Parisii bewunnt war, an op der Seine - Insel louch, dei haut Ile de la Cite heescht. Deen eischte Bestanddeel vum Numm staamt vun der keltescher Wuerzel luta , also "Supp/Mouer", soudatt de ganze keltesch-reimesche Numm Lutetia Parisiorum , also "flaach Supp vun de Parisier" bedeit. Den Hiwais op d'Supp goung dunn am Laf vun der Zait verluer. No der Eruewerung vun der Siidlung duerch d' Reimer am Joer 52 v. Chr. hunn d' Parisii hiert Inselfort niddergebrannt an et de Reimer iwwerlooss. Dei hunn d'Stad als Lutetia erem opgebaut, se befestegt an och op dat lenkst Seineufer ausgebreet. Do sinn Thermen, e Forum an en Amphitheater entstanen. D'Stad gouf am reimesche Raich als Civitas Parisiorum oder Parisia bekannt, blouf awer am besate Gallien uganks relativ onbedeitend.

Parais 1493

Am 5. Joerhonnert ass d'reimesch Herrschaft duerch d' Merowenger op en Enn gaangen. Am Joer 508 war Parais d'Haaptstad vum Merowengerraich enner dem Clovis I. (466-511) ginn. Duerno gouf si enner engem vu senge Jongen zum frankeschen Deelkinnekraich Parais . Warend der Karolengerherrschaft hunn d' Normannen emmer nees d'Stad iwwerfall. D' Kapetenger hu Parais nees zur Haaptstad vu Frankraich gemaach. De Philippe II. Auguste (1165-1223) huet d'Stad befestege gelooss. 1190 gouf eng Mauer um rietsen Ufer vun der Seine gebaut an am Joer 1210 e Wall um lenksen Ufer. Zu dar Zait gouf et um rietse Seineufer vill Handler. Ausserdeem huet de Philippe II. de Louvre an Optrag ginn. 1181 ass dei eischt iwwerdaachte Machthal opgaangen an 1301 ass op der Ile de la Cite e Kinnekspalais gebaut ginn. D' Sorbonne huet sech am Sude vu Parais aus enger jett mei klenge Schoulen entweckelt. De Charles V. (1338-1380) huet um lenkse Seineufer d'Mauer zum Schutz vun der Stad virun den Englanner erneiere gelooss. 1370 gouf op seng Veruloossung um rietsen Ufer, wou hat d' Grands boulevards verlafen, och eng Mauer gebaut ginn. Warend dem Honnertjarege Krich war Parais vu 1420 bis 1436 vun den Englanner besat.

De Stuerm op d'Bastille de 14. Juli 1789

Warend de Reliounskricher tescht 1562 a 1598 ass d'Stad a kathouleschem Besetz bliwwen. An der Baartelmeisnuecht de 24. August 1572 goufen zu Parais Dausende vun Hugenotten higeriicht. Op Uerder vum Louis XIV. (1638-1715) goufe Stroossebeliichtungen installeiert, d'Waasserversuergung moderniseiert an d'Spideler Invalides a Salpetriere gebaut. Hien huet d'Stadmauere vu Parais ofdroe gelooss an an hirer Plaz d' Grands boulevards baue gelooss. D' Residenz vum Kinnek gouf op Versailles verluecht. Parais ass awer de politeschen Zentrum vu Frankraich bliwwen, wat op d'heich Bevelkerungszuel an d'wirtschaftlech Roll am Land zereckzefeiere war. Wei am Joer 1789 d' Franseisch Revolutioun ausgebrach ass, war et d'Bevelkerung vu Parais, dei de Wee zu der Ofschafung vun der Monarchie an zu der Afeierung vun der eischter franseischer Republik fraigemaach huet. 1844 gouf zu Verdeegeungszwecker do wou hat de Boulevard Peripherique verleeft, eng nei Stadbefestegung gebaut mat enger Langt vun 39 Kilometer. Si war mat hire 94 Bastiounen a 16 Forts dei greisst Befestegungsanlag vun der Welt.

D'Weltausstellung 1900

Parais war an de Joren 1855 , 1867 , 1878 , 1889 , 1900 an 1937 d'Veranstaltungsplaz vu sechs Weltausstellungen , dei d'kulturell a politesch Bedeitung vun der Stad ennerstrach hunn. Nom Neiergang vum Second Empire wei daitsch Truppen 1871 op Parais amarscheiert sinn, koum et zu der Commune vu Parais , dei sech aus Aarbechter, Handwierker a Klengbierger zesummegesat huet, geint dei konservativ provisoresch Regierung vun der Republik. Eng Bleizait huet Parais tescht 1871 an 1914 an der Belle epoque erlieft. Un der Gare de Lyon , dem Pont Alexandre III an de Metrosstatiounen ass de Stil vun dar Zait z'erkennen. 1921 hat Parais mat knapps drai Milliounen dei hechst Awunnerzuel vu senger Geschicht erreecht. De stattesche Wunnengsbau ass der Nofro net mei nokomm. Warend dem Zweete Weltkrich war d'Stad tescht 1940 an 1945 vun der daitscher Wehrmacht besat. 1968 koum et zu Studenterevolten a Massestreiken. 2005 koum et zu Onroue vu Randaleierer an de Faubourge vun der Haaptstad, dei sech lues a lues op d'ganzt Land ausgebreet hunn. 2015 huet den IS Attentater mat 132 Doudeger verubt. 2024 sinn zu Parais dei XXXIII. Olympesch Summerspiller

Bevelkerung [ anneren | Quelltext anneren ]

Relioun [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Kierch Notre-Dame

Em dei 80 Prozent vun den Awunner si gedeeft , ronn 75 Prozent bekenne sech zum kathoulesche Glawen, dei meescht praktizeieren de Latengesche Ritus , verschiddener och den armeeneschen a ukrainesche Ritus. Den Aerzbeschof vu Parais ass fir d'Katholicke vun den estleche Riten zoustanneg. Zu Parais gett et an de politesche Grenze vun der Stad 94 kathoulesch Gemengen, des Weidere 15 griichesch- a russesch-orthodox Kierchen , siwe Synagogen fir dei ronn 220.000 Judden an zwou Moschee e fir dei ronn 50.000 Moslemen , haaptsachlech Sunitten . Nemme knapps 12 % vun de Chreschten an ongefeier 15 % vun de Judde praktizeieren hire Glawen. D'Regioun Ile-de-France ass och en Zentrum vum arabesch-islamesche Liewen an Europa. Am Laf vum 20. Joerhonnert ass d'Zuel vun de Moslems an der Metropolregioun op schatzungsweis eng Millioun (10 % vun den Awunner) geklommen. Besonnesch zanter Ufank vun den 1960er Jore si vill Awanderer aus Nordafrika ( Algerien , Marokko und Tunesien ) an d'Banlieue vu Parais kopmm. D'Spannungen tescht de verschiddene Reliounen hunn zanter den 1980er Joren zougeholl. No de Walerfolleger vum rietsradikale Front National (FN) vum Jean-Marie Le Pen bei de Kommunalwalen 1983 koum et an der Regioun an a waiten Deeler vum Land zu enger Well vu rassistescher Gewalt geint Moslems aus Nordafrika. Besonnesch nodeem den Noostkonflikt no den Uschlei vum 11. September 2001 zu New York nees opgeflamt ass, koum et zu weidere rassisteschen an antisemittesche Strofdoten. Des Fakte sollen awer op kee Fall iwwerdriwwe ginn. Den Alldag vun de Paraisser ass vun engem Multikulturalismus charakteriseiert, deen zu enger bemierkenswaerter Spezifiziteit vun der Stad ginn ass.

Awunnerentwecklung [ anneren | Quelltext anneren ]

De bestannege Reckgank vun der Bevelkerung an der Antiquiteit an am Mettelalter ass op dei vill Kricher, Epidemien an Hongersneit zereckzefeieren. Sou si souguer nach am Joer 1832 bei enger Choleraepidemie ronn 20.000 Mensche gestuerwen. Ereischt d'Inudstrialiseierung am 19. Joerhonnert huet zu engem staarke Wuesstem vun der Bevelkerung gefouert. 1846 hunn zu Parais ronn eng Millioun Leit gewunnt, bis 1876 hat sech des Zuel op 2 Millioune verduebelt. 1921 hat d'Awunnerzuel vu Parais mat knapps 3 Milliounen Awunner hiren historeschen Heichpunkt erreecht. 2009 liewen eppes mei wei zwou Millioune Leit an der Haaptstad selwer. Zanter 1954 huet eng 3/4 Millioun Awunner Parais nees verlooss. Verschiddener sinn an d'Provenz geplennert, ma d'Majoriteit an d' Banlieue . Sou huet sech d'Bevelkerungszuel vun der Metropolregioun , zu dar nieft Parais och d'Regioun Ile-de-France geheiert, vu 5,85 Milliounen am Joer 1946 op 11,6 Milliounen am Joer 2005 verduebelt. Den Haaptgrond fir d'Ofwanderung waren d'Praisser vun de Wunnengen, dei emmer mei an d'Luucht gaange sinn. Ma och d' Dezentraliseierung vu verschidden Industriebrachen an de Bau vu ville Burosgebaier hunn eng wichteg Roll fir de Bevelkerungsverloscht vun der Haaptstad gespillt. Am Verlaf vum 20. Joerhonnert huet sech Parais zu enger multikultureller , kosmopolitescher Stad entweckelt. Den Haaptdeel vun den Immigrante kennt aus Algerien, Portugal a Spuenien. Am Ganze liewen eng 40 verschidden Nationaliteiten zu Parais (vun Nordafrika iwwer Sudamerika bis Indochina ).

Dei follgend Iwwersiicht weist d'Awunnerzuele nom jeeweilege Gebittsstand. Bis 1784 handelt et sech em Schatzunge vun den Historiker Jacques Dupaquier an Alfred Fierro , vun 1790 bis 1999 em Resultater vun der Vollekszielung a fir 2005 em eng Berechnung.

0 0 De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.
        Joer         Awunner
150 80.000
363 20.000
510 30.000
1000 20.000
1180 110.000
1250 215.000
1365 275.000
1500 200.000
1589 300.000
1637 415.000
1675 500.000
1700 600.000
1784 660.000
1790 524.186
1796 556.304
1801 546.856
        Joer         Awunner
1807 580.609
1817 713.966
1831 785.862
1836 909.126
1841 935.261
1846 1.053.297
1851 1.053.262
1856 1.174.346
1861 1.696.141
1866 1.825.274
1872 1.851.752
1876 1.988.813
1881 2.239.928
1886 2.260.945
1891 2.447.957
1896 2.536.834
Joer Awunner
24. Maerz 1901 2.714.068
4. Maerz 1906 2.763.393
5. Maerz 1911 2.888.110
6. Maerz 1921 2.906.472
7. Maerz 1926 2.871.429
8. Maerz 1931 2.891.020
8. Maerz 1936 2.829.746
10. Maerz 1946 2.725.374
10. Mee 1954 2.850.189
7. Maerz 1962 2.753.014
1. Maerz 1968 2.590.771
20. Februar 1975 2.317.227
4. Maerz 1982 2.188.918
5. Maerz 1990 2.152.423
8. Maerz 1999 2.125.246
1. Januar 2005 2.138.551

Entwecklung vun der Wunnsituatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Ufank vun den 1960er Jore gouf zu Parais mat enger groussugeluechter Stadsaneierung an Entwecklung vum Stadbau ugefaangen. Am estlechen a sudestlechen Deel vun der Haaptstad goufe ganz Veirel renoveiert. An der Emgeigend vun de moderniseierten an neie Gare wei d' Gare de Lyon an d' Gare Montparnasse sinn nei Staddeeler an Dengschtleeschtungszentren entstanen.

Duerch des Agreffer goufen awer och vill historesch Gebaier zersteiert, wat zu Protester vu villen Awunner gefouert huet. D' urbanistesch Entwecklung huet zu Veirel a Betonbauweis gefouert, an Heichhaiser aus Glas a Stol , wouduerch Parais deenen anere Grousstied emmer mei geglach huet. D'Wunnengen am Zentrum sinn emmer mei deier ginn, an dei mei arm Awunner sinn an d' Banlieue geplennert, warend dei mei raich sech an der Stad selwer neiergelooss hunn. Och vill Awanderer dei virun allem aus Nord- a Schwaarzafrika komm sinn, hu sech an de leschte Joerzengten an de Betongssiidlungen um Bord vun der Stad neiergelooss.

A Frankraich gouf iwwer Joerzengten d'Awanderung vu Millioune vu Menschen aus dem aussereuropaesche Raum geferdert, ouni d'Folgen z'analyseieren an ze verschaffen. Et kennt emmer nees zu Gewaltausbrech an der Paraisser Banlieue, wat fir d'Experten en Zeeche fir d'Roserei vu ville Jugendlecher iwwer de relativen Aarmut, de Rassismus , d'Perspektivlosegkeet an d'Massenaarbechtslosegkeet ass, dei besonnesch d' Migranten an den Trabantestied betrefft.

Politik [ anneren | Quelltext anneren ]

Stadregierung [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Hotel de Ville vu Parais
0 0 De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.

Zanter dem 18. Maerz 2001 ass de Bertrand Delanoe vun der Sozialistescher Partei Buergermeeschter vu Parais. Den Delanoe war den eischte lenksgeriichte Politiker, deen an de bis dohin immens konservativen Hotel de Ville an der Stad erageplennert ass. Hie konnt am Staatsrot (163 Memberen) all 92 Stemme vu senger rout-grenger Lescht fir sech gewannen. Deen eenzege Geigekandidat war den ale Buergermeeschter Jean Tiberi , deen nemmen 12 Stemme krut. Parais gouf bisewell traditionell vun der gaullistescher RPR -Partei beherrscht; de konservative Staatspresident Jacques Chirac war vun 1977 bis 1995 selwer Buergermeeschter vun der Haaptstad. Dei riets Parteie waren awer zerstridden an d'Kommunalwalen eragaangen, an hu sou hir Chance op eng Victoire verklengert.

Den eischte Buergermeeschter vun der Haaptstad, de Jean-Sylvain Bailly , gouf de 15. Juli 1789 vun der Paraisser Selbstverwaltung agesat. Well d'Commune un der diktatorescher Schreckensherrschaft ( Terreur ) bedeelegt war, gouf si 1794 vun 12 getrennten an dezentraliseierte Gemengeverwaltungen ersat. De Staat huet d'Kontroll iwwer d'Stad iwwerhol, an huet d'Amt vum Prefekt vun der Seine ( Prefet de la Seine ) geschaf. Warend der Biergerlecher Revolutioun vun 1848 an der Commune vu Parais vun 1870 / 1871 huet fir e puer Meint e Buergermeeschter d'Soen iwwer d'Stad gehat.

Den 20. Maerz 1977 gouf de Jacques Chirac den eischte frai gewielte Buergermeeschter vu Parais. D'Haaptstad, dei bis elo enner engem Prefekt stoung, dee vun der Regierung ernannt gi war, krut de selwechte Status wei all aner Gemengen a Frankraich. Eng Ausnam ass awer d' Police , dei weiderhin dem Policeprefekt ennersteet. E Gesetz vun 1982 huet d'Rotsversammlunge vun den Arrondissements etableiert, dei haaptsachlech berotschloe sollen, a begrenzt Befugnisser hunn. De Gemengerot ( Conseil de Paris ) an de Buergermeeschter ( Maire de Paris ) gi fir jeeweils sechs Joer gewielt. Dei nachst Gemengewale si fir 2007 festgesat.

Buergermeeschter vu Parais waren: Jean-Sylvain Bailly (15. Juli 1789-18. November 1791), Jerome Petion (18. November 1791-15. Oktober 1792), Philibert Borie (7. Juli 1792-13. Juli 1792), Rene Boucher (15. Oktober 1792-2. Dezember 1792), Nicolas Chambon (8. Dezember 1792-2. Februar 1793), Jean-Nicolas Pache (14. Februar 1793-10. Mee 1794), Jean-Baptiste Fleuriot-Lescot (10. Mee 1794-17. Juli 1794), Louis-Antoine Garnier-Pages (24. Februar 1848-5. Maerz 1848), Armand Marrast (9. Maerz 1848-19. Juli 1848), Etienne Arago (4. September 1870-15. November 1870), Jules Ferry (15. November 1870-5. Juni 1871), Jacques Chirac (20. Maerz 1977-16. Mee 1995), Jean Tiberi (22. Mee 1995-24. Maerz 2001), Bertrand Delanoe (25. Maerz 2001-5. Abrell 2014) an Anne Hidalgo (5. Abrell 2014-haut).

Partnerschafte mat anere Stied [ anneren | Quelltext anneren ]

Parais huet Partnerschafte mat follgende Stied. A Klameren d'Joer vum Etablissement vun der Partnerschaft.

Kultur a Kuckeswaertes [ anneren | Quelltext anneren ]

D'franseisch Haaptstad huet eng grouss Zuel vu kuckeswaerte kierchlechen a weltleche Bauwierker, Stroossen, Plazen a Parken, eng ronn 160 Museeen, 200 Konschtgalerien, zirka 100 Theater , iwwer 650 Kinoen a mei wei 10.000 Restaurantsen. D'Offer vu kulturelle Veranstaltungen, Musek- a Filmfestivaler, Ausstellungen, Concerten, Moudedefileen a sportleche Kompetitiounen ass raichhalteg. D'Schlassanlag zu Fontainebleau gouf 1979, d' Schlass vu Versailles 1981 an d'Uferpromenad vun der Seine zu Parais an d' UNESCO -Lescht vun de Weltkulturierwen opgeholl. Kuckt och: Kuckeswaertes zu Parais , Adelspalaisen zu Parais

De Musee d'Orsay .

Theater [ anneren | Quelltext anneren ]

Bedengt duerch d'Traditioun vum Zentralismus a Frankraich hunn dei wichtegst Theater- a Ballettsensembele vum Land hire Setz zu Parais. De Programm ass mat vill Ofwiesslung a kann an engem vun de Veranstaltungskalennere wei Pariscope oder Officiel des Spectacles nogekuckt ginn, dei een op all Zeitungskiosk fennt. Staark reduzeiert Theaterkaarte kann een all Dag vun 13.00 Auer u fir d'Virstellunge vum selwechten Owend an de speziellen Theaterkioske virun der Gare Montparnasse an der Kierch Madeleine kreien.  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Paraisser Theater .

Museeen [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu Parais gett et eng ronn 160 Musee en zu de verschiddensten Theemen. Zu de bekanntsten zielen natierlech de Louvre , deen 1793 opgaangen ass, an de Musee d'Orsay fir zaitgenessesch Konscht an Impressionismus .  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Paraisser Museeen .

Bauwierker [ anneren | Quelltext anneren ]

Plazen a Stroossen [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu Parais gett et eng jett kuckeswaert Plazen a Stroossen. Eischt urbanistesch relevant Moossname goufen zu Parais um Ufank vum 17. Joerhonnert vum Kinnek Henri IV. getraff, wei zwou vun den am Ganze fennef sougenannte "Places royales" gebaut goufen. Op der Place de la Concorde fankt d'Prunk- a Paradestrooss Avenue des Champs-Elysees un, eng vun de groussen a beruumte "Weltstroossen".  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Paraisser Plazen a Stroossen .

Weltlech Bauwierker [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei eelst Bauwierker vun der Stad Parais stinn am Quartier Latin op der Montagne-Sainte-Genevieve , wou sech zanter 52 v. Chr. Reimer neiergelooss hunn. Nom Ennergang vum Reimesche Raich si virun allem Sakralbauten entstanen.

Hotel de Sens

Dei eelst Deeler vum Palais de la Cite - dorenner d' Sainte-Chapelle - dei nach erhale sinn, goufen am 13. Joerhonnert enner dem Louis IX. gebaut. De Louvre wei mir en haut kennen ass d'Resultat vu ville Baucampagnen enner ville verschiddene Kinneken, eng Meschung aus Mettelalter , Renaissance , Barock a Second Empire . Aus der zweeter Hallschent vum 15. an dem 16. Joerhonnert komme vill interessant Hotels , Stadpalaisen, wei zum Beispill den Hotel de Sens ( 1475 - 1507 ) och nach den Hotel Carnavalet dee 1548 ugefaange gouf. De Palais du Luxembourg gouf am 1615 vum Maria vu Medici als Landschlass baussent den deemolege Stadmaueren an Optrag ginn. De Palais-Royal , nerdlech vum Louvre, gouf vu 1627 bis 1629 fir de Richelieu gebaut. De Pantheon gouf tescht 1764 a 1790 als Klouschterkierch fir d' Benediktiner baue gelooss.

Den Eiffeltuerm

Den Arc de Triomphe op der Place de l'Etoile gouf nach enner dem Napoleon 1806 an Optrag ginn, ma war ereischt am Joer 1836 faerdeggebaut. Zanter der Mett vum 19. Joerhonnert huet sech d'Stad an eng prestigraich modern Metropol verwandelt. Als Kreinung vun deser Epoch zielt d' Opera Garnier (1861 - 1875). D'Wouerzeeche vun der Stad ass den Eiffelturm (324,8 Meter heich mat der Antenn) vun 1889 , deen eigentlech nemmen temporar fir d'Weltausstellung do stoe sollt. An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert koum et duerch d' grands projets zu ville Bauteprojeten an der ganzer Stad. E perseinleche Prestigeobjet aus der eischter Amtsperiod vum Francois Mitterrand ass d' Opera Bastille (1983 - 1989). D' Grande Arche vum Johan Otto von Spreckelsen , e Kubus deen an der Mett op ass, steet am Defense-Veirel a gouf 1989 ageweit.  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Paraisser Bauwierker .

Kierchen [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei freier Abteikierch Saint-Germain-des-Pres um Boulevard Saint-Germain (6. Arrdt.) erennert dodrun, datt de frankesche Kinnek Childebert I. aus dem Geschlecht vun de Merowenger , e Jong vum Clovis I. hei am Joer 557 eng Abtei gegrennt huet, dei mei speit eng grouss Bedeitung krut. D' Kathedral Notre-Dame de Paris op der Ile de la Cite (4. Arrdt.) ass eng vun de freiste gotesche Kathedrale vu Frankraich . Si ass der Maria , der Mamm Jesu , geweit. D'Kierch Saint Germain-l'Auxerrois nieft dem Louvre (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zait vun der Romanik am 12. Joerhonnert. D'Parkierch Saint-Sulpice sudlech vum Boulevard Saint-Germain (6. Arrdt.) ass dem hellege Sulpicius II. vu Bourges geweit. D'Palaiskapell Sainte-Chapelle am Palais de la Cite (1. Arrdt.) net wait vun der Kathedral ewech gouf vum Saint Louis an den 1240er Jore baue gelooss, fir waertvoll Reliquien opzehuelen. Den Dome des Invalides gouf tescht 1670 a 1691 vum Jules Hardouin-Mansart um lenksen Ufer vun der Seine gebaut (7. Arrdt.). Des prachteg kinneklech Kuppelkierch ass, sou wei d'Zaldotekierch Saint-Louis des Invalides en Deel vum Hotel des Invalides . De Bau vun der Kierch La Madeleine nerdlech vun der Place de la Concorde (8. Arrdt.) huet 1764 nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember 1791 opgrond vun der Franseischer Revolutioun missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt Jacques-Marie Huve ( 1783 - 1852 ) nees opgeholl an am Joer 1842 ofgeschloss D' Basilique du Sacre-Cœur ass eng reimesch-kathoulesch Wallfaartskierch um Hiwwel vu Montmartre an ass den zweethechste Punkt vun der Stad nom Eiffeltuerm .  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Paraisser relieis Gebaier .

Grengflachen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Sei " Lac Inferieur " am Bois de Boulogne .

Op den eischte Bleck mecht Parais den Androck vun enger grenger Stad. Un de Stroosse stinn eng Ronn 89.000 Beem. D'Gaardebauamt Direction des Parcs, Jardins et Espaces Verts de Paris kemmert sech an der Stad selwer em dei 2.437 Hektar Grengflachen, zu deenen ausser de beide grousse Stadbescher Bois de Vincennes (995 Hektar) a Bois de Boulogne (846 Hektar) och dei 14 Kierfechter zielen (92 Hektar), d'Gaardebauschoul Ecole Horticulture Du Breuil (22 Hektar) an de Gaardebauzentrum Centre Horticole Auteuil-Longchamps (8,5 Hektar), an deem Blummen a Straicher geziicht ginn. D'Stad Parais huet doriwwereraus nach 6 weider Kierfechter, de Besch Beauregard bei La-Celle-Saint-Cloud an d'Blummeproduktiounsplazen zu Rungis , Fresnes an Acheres (477 Hektar). Nieft de Flachen, em dei sech d'Stad kemmert, stinn den Awunner an Touriste vu Parais och nach siwe Gaert a Parken zur Verfugung, dei vum Stat ennerhale ginn (118 Hektar).  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Parken a Gaert zu Parais .

Kuckeswaertes an der Geigend [ anneren | Quelltext anneren ]

D' Schlass vu Versailles .

Zu La Defense , engem Buros- a Geschaftsveirel, leeft no Westen de Paraisser Axe historique weider bis bei dei sougenannt Grande Arche . De Kubus, deen 110 Meter heich ass, ass en Entworf vum Architekt Johan Otto von Spreckelsen dee vum Paul Andreu ausgefouert gouf. D'Gebai ass de Setz vum franseischen Handels- an Transportministere. D' Schlass vu Fontainebleau an der Uertschaft mam selwechten Numm lait 65 Kilometer sudlech vu Parais, a gouf am 16. Joerhonnert enner de Kinneke Francois I. an Henri II. baue gelooss. Den Architekt war de Philibert Delorme ( 1510 ? 1570 ). D' Schlass vu Versailles , wat westlech vu Parais an der Stad Versailles steet, war d'Virbild fir vill europaesch Kinneksschlasser. Fir d'Erweiderung vum Juegdschlass vum Louis XIII. huet de Louis XIV. 1661 den Architekt Le Vau , de Moler Le Brun an de Gaardenarchitekt Le Notre komme gelooss. D' Basilika Saint-Denis ass eng freier Abteikierch an der Stad Saint-Denis nerdlech vu Parais. Do goufen zanter dem 10. Joerhonnert quasi all franseisch Monarche begruewen. D'Kierch huet zanter 1966 de Status vun enger Kathedral . Den Disneyland Resort Paris (kuerz och Eurodisney genannt) an der Stad Marne-la-Vallee , em dei 30 Kilometer estlech vu Parais, ass mat 1943 Hektar e grousse Fraizaitkomplex.

Sport [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu Parais gett et eng Partie sportlech Groussevenementer: hei ass d'Arrivee vum Tour de France am Velossport, hei gett e Marathon gelaf, d' French Open am Tennis gespillt, an de Prix de l'Arc de Triomphe am Paerdssport iwwerreecht. Ausserdeem ginn de Meeting Gaz de France ( Liichtathleetik ), d' Trophee Lalique ( Aiskonschtlaf ) an de Sechs-Natiounen-Tournoi am Rugby organiseiert.

De Stade de France steet zu Saint-Denis , nerdlech vu Parais. De Foussball- an Nationalstadion fir 80.000 Spectateure gouf fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998 a Frankraich gebaut. D'franseisch Foussballsekipp an d'Rugby-Nationalmannschaft spillen hir Heemspiller am Stade de France .

Am Parc des Princes fannen 49.000 Spectateuren eng Plaz, an hei gi meeschtens d'Matcher tescht de Lokalmannschaften ausgedroen. De Stadion gett haaptsachlech vum Foussballclub Paris Saint-Germain benotzt. Zanter dem Bau vum Stade de France huet de Parc des Princes u Bedeitung verluer, zielt awer weiderhin zu de modernste Stadie vun Europa .

Den Hippodrom vu Longchamp ass dei wichtegst Infrastruktur fir Paerdssport zu Parais. Den haitegen Hippodrom gouf 1857 op de Mauere vun der Abtei vu Longchamp gebaut, dei am Kader vun der Franseischer Revolutioun zersteiert gi war.

Reegelmeisseg Evenenemter [ anneren | Quelltext anneren ]

Akafen [ anneren | Quelltext anneren ]

Galeries Lafayette .

Parais ass natierlech och bekannt duerch dei vill Geschafter, dei et hei ginn. Zu de bekanntste Geschafter zielen d' Galeries Lafayette . Dei grouss Zentralhal mat hirer Glaskuppel ass e Baumonument. Nemmen e puer Meter weider fennt een d'Geschaft Au Printemps . Op der Rive Gauche ass och d'Luxusgeschaft Le Bon Marche ze fannen, wat mat senger ? Grande Epicerie de Paris “ och Liewensmettel aus aller Welt ze bidden huet. Net wait ewech vun der Opera Bastille lait de Maart Marche d'Aligre , deen all Dag ausser meindes op huet. Gezei an och Konschtgeigestann kann een um Floumaart Puces de la Porte de Montreuil fannen. Weider Maert sinn de Marche de la Porte Vanves an de Puces de Saint-Ouen-Clignancourt . D'Geschaft Le Louvre des Antiquaires beim Palais Royal zielt zu de greissten a bekanntsten Antiquiteitegeschafter vu Parais. A ronn 250 Raim op drai Stack fennt ee Miwwelen, Biller, Teppecher, Spillsaachen, awer och Aueren a Bijouen. E weidert grousst Akafszentrum ass Les Halles , wou een nieft Geschafter och Restauranten an e Kino fanne kann. Eng grouss a bekannt Geschaftsstrooss ass d' Rue de Rivoli .

Parais an de Film [ anneren | Quelltext anneren ]

Parais kann op eng laang an erfollegraich Filmgeschicht zereckkucken.  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Film zu Parais .

Ekonomie an Infrastruktur [ anneren | Quelltext anneren ]

Ekonomie [ anneren | Quelltext anneren ]

Vue vun der Austelitz-Breck op Parais.

Parais ass de wichtegste Wirtschaftszentrum vu Frankraich. An der Metropolregioun Parais hu sech ongefeier e Veirel vun de Produktiounsbetriber vum Land neiergelooss. Duerch de grousse Maart, deen d'Stad selwer bitt, huet si schonn emmer Hiersteller vu Konsumartikelen ugezunn. Parais ass bekannt fir d'Produktioun vu Luxusgeigestann ( Haute Couture a Bijouen). Zu de wichtegste Produite vun der Stad zielen och cheemesch Produiten, elektresch Apparater, Autoen a Maschinnen. Traditionell ass d'Wirtschaftspolitik duerch dei staark staatlech Agreffer beaflosst. Hei spillt dei historesch Roll vum Merkantilismus ? besonnesch dem Colbertismus ? eng Roll. D'reguleiert Vollekswirtschaft gouf an de leschte Joren awer emmer mei privatiseiert . D'Schlesselindustrien, besonnesch d' Energiewirtschaft , stinn awer nach enner staatlecher Kontroll. Bal all grouss Dengschtleeschtungsentreprise vu Frankraich, besonnesch Banken a Firme vum Finanzwiesen, hunn hire Setz zu Parais. Zanter den 1990er Jore gouf ausserdeem versicht, multinational Konzerner op Parais ze kreien. D'Stad ass haut eng vun de wichtegsten Handelsmetropole vun Europa . E wichtege Virdeel vun der Stad ass, datt si matzen an enger vun de fruuchtbarsten Argrarlandschaften an Europa lait. D'Landwirtschaft war schonn a freiere Joerhonnerten d'Wirtschaftsgrondlag vun der Regioun an huet d'Versuergung vun der Stadbevelkerung gesechert. D'Haaptstadregioun produzeiert duerch dei staark Konzentratioun vun nationalen an internationalen Entreprisen ongefeier en Drettel vum BIP vum Land. Ee Problem ass de Chomage. Zanter dem Ufank vun den 1990er Joren huet Parais ronn eng veirels Millioun Aarbechtsplaze verluer. E Grond ass den Ofbau vun Aarbechtsplazen an der Industrie an d'Verlagerung vun de wirtschaftlechen Aktiviteiten an d'Nopeschgemenge wei z. B. d'Geschaftsveirel La Defense .

Verkeier [ anneren | Quelltext anneren ]

Fernverkeier [ anneren | Quelltext anneren ]

De Peripherique bei der Porte de la Muette.

Parais ass iwwer e Netz vun Autobunnen a Schnellstroosse mam ganze Land verbonnen. Eng wichteg Roll spillt heibai de Boulevard peripherique . Dei aachtspuereg Autobunn leet de Verkeier ronderem Parais an an d'Stad eran. Bal all wichteg franseisch Autobunne lafen op Parais zou a kommen aus alle Richtungen op de Boulevard peripherique: d'A 1 aus Lille , d'A 4 aus Reims , d'A 5 aus Dijon , d'A 6 aus Lyon , d'A 77 aus Nevers , d'A 10 aus Orleans , d'A 13 aus Rouen an d'A 16 aus Amiens . Parais huet den zweetgreisste Bannenhafen an Europa an ass e wichtege Knuet am Eisebunnsnetz vu Frankraich. E besse baussent der Stad gett et drai international Fluchhafen . 48,3 Millioune Passageier hunn am Joer 2003 de Fluchhafe ? Charles de Gaulle “ passeiert ? dest war dei dretthechst Zuel vun alle Fluchhafen an Europa. Mat 23,1 Millioune Passageiert war den Orly op nengter Plaz. Den drette Fluchhafen ass de Paris-Beauvais . Zu de wichtegsten Eisebunnsstrecken zielen d'Verbindunge mat de Stied Marseille , Lyon , Bordeaux , Toulouse , Stroossbuerg a Rennes , dei zum Deel mat TGV -Zich befuer ginn. Zu de groussen europaesche Verbindungen zielen d'Strecke vum Eurostar op London a vum Thalys op Koln an Amsterdam iwwer Breissel . Dei grouss Gare sinn d' Gare d'Austerlitz , Gare de l'Est , Gare de Lyon , Gare Montparnasse , Gare du Nord a Gare Saint-Lazare . Fir Wuere gett d'Gare Le Bourget benotzt.

Noverkeier [ anneren | Quelltext anneren ]

De Paraisser Metro

De Verkeier an der Stad selwer leeft greisstendeels iwwer de Metro . De Paraisser Metro ass no London ( 1863 ), Glasgow a Budapest ( 1896 ) dei veierteelst U-Bahn an Europa. Dei eischt Metroslinn ass den 19. Juli 1900 opgaangen. D'Paraisser U-Bahnnetz besteet aus 14 Linnen an ass mat 212,5 Kilometer eent vun de greissten Netzer vun der Welt. De Metro gett dagdeeglech vu bal 5 Millioune Mensche benotzt. Um Metrosnetz hanken d'Expressbunne vum RER , dei Parais mat de Faubourge verbannen. Den 21. November 1853 sinn zu Parais dei eischt Paerdstramme gefuer, et waren dei eischt an Europa. Mat der Elektrifizeierung vum Tramsnetz gouf de 6. November 1881 ugefaangen. De Betrib gouf de 14. August 1938 agestallt. No 54 Joer Ennerbriechung fiert zanter dem 6. Juli 1992 nees en Tram duerch d'Banlieue. Zanter dem 16. Dezember 2006 fiert den Tram och nees zu Parais selwer. Parais huet och e grousst Netz vu Buslinnen, souwei speziell Nuetsbusser ( Noctambus ).  Mei Informatioun doriwwer an den Artikelen Paraisser Metro ; Reseau Express Regional a(n) Paraisser Tram

Bildung [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Universiteit Paris IV-Sorbonne

D'Geigesatz tescht Parais an dem Rescht vum Land gi virun allem an der Bildung daitlech. Dei wichtegst Schoulen an Infrastrukture stinn zu Parais. 1257 gouf d' Sorbonne gegrennt, an ass domat dei eelst Universiteit a Frankraich. Aus enger Fakulteit fir Theologie ass d'Sorbonne zu enger vun de renommeiersten Universiteite vun hirer Zait ginn. Am Joer 1968 gouf d'Universiteit duerch eng Reform an 13 onofhangeg Deeler opgespleckt, wouvu fennef haut baussent Parais leien.  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Sorbonne .
D' Academie francaise ass eng vun den eelsten Institutioune vu Frankraich, an dei mam greisste Prestige. Si ass zanter 1801 am College des Quatre Nations vis-a-vis vum Louvre ze fannen; do wunnt och de Secretaire perpetuel , dee sain Amt op Liewenszait kritt.  Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Academie francaise .
Weider heich Bildungsariichtunge sinn de College de France ( 1530 ), d' Ecole polytechnique ( 1794 ), den Institut Catholique ( 1875 ), den HEC Paris ( 1881 ) an d' Ecole du Louvre ( 1882 ). Vun de ville Bibliotheiken zu Parais ass d' Franseisch Nationalbibliotheik ( fr. : Bibliotheque Nationale de France ) dei greisst. Dat haitegt Gebai gouf 1990 ugefaangen, an ass den 20. Dezember 1996 opgaangen.

Bekannt Paraisser [ anneren | Quelltext anneren ]

Eierebierger [ anneren | Quelltext anneren ]

Eierebierger vu Parais sinn enner anerem de Moler a Graphiker Pablo Picasso (zanter 1971 ), d' Ingrid Betancourt , den US-amerikanesche Journalist Mumia Abu-Jamal (zanter 2003 ) souwei d'Politikerin Aung San Suu Kyi (zanter 2004 ).

Jongen a Meedercher vun der Stad [ anneren | Quelltext anneren ]

Parais war de Gebuertsuert vu ville bekannte Perseinlechkeeten. Dozou zielen enner anerem de Komponist Georges Bizet , d'Chansonsangerin Edith Piaf , de Moler Francois Boucher , de Pierre de Coubertin , de Serge Gainsbourg , den Architekt Charles Garnier , de Prefekt Georges-Eugene Haussmann , de Schauspiller a Regisseur Mathieu Kassovitz , d'Schauspillerin Sophie Marceau an d'Sangerin a Schauspillerin Caterina Valente .

Perseinlechkeeten, dei zu Parais gewierkt hunn [ anneren | Quelltext anneren ]

Zu de Perseinlechkeeten, dei zu Parais gewierkt hunn, geheieren enner anerem de Schreftsteller Honore de Balzac , de Komponist Frederic Chopin , d'Schauspillerin Marlene Dietrich , den Ingenieur Gustave Eiffel , de Schreftsteller Heinrich Heine , de Sanger Jim Morrison ( The Doors ), de Komponist Jacques Offenbach an de Literat Oscar Wilde .

Literatur zum Theema [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Hanno Ballhausen, Chronik der Metropolen. Paris. Wissen Media Verlag GmbH, Gutersloh 2004 ( ISBN 3-577-14599-4 )
  • Jean-Pierre A. Bernard, Les deux Paris: les representations de Paris dans la seconde moitie du XIX e siecle , Seyssel, Champ Vallon, 2001.
  • Yvan Combeau, Histoire de Paris , Que sais-je ?, Parais, 2003.
  • Bernard Champigneulle, Paris: architectures, sites et jardins , Editions du Seuil, Parais, 1973.
  • Jean Firges, Die Stadt Paris. Geschichte ihrer Entwicklung und Urbanisation. Sonnenberg-Verlag, Annweiler am Trifels, 2002 ( ISBN 3-933264-00-6 )
  • Michel Fleury, Paris monumental , Flammarion, Parais, 1974.
  • Michel Fleury, Paris: de Lutece a Beaubourg , Flammarion, Parais, 1979.
  • Ursula von Kardorff, Adieu Paris. Streifzuge durch die Stadt der Boheme , Kindler-Verlag, Munchen, 1974 ( ISBN 3-463-00590-5 )
  • Herbert R. Lottman, Der Fall von Paris 1940 , Piper, Munchen, 1994 ( ISBN 3-492-03531-0 )
  • Giovanna Magi, Rita Bianucci, Hubert Bressonneau, Kunst und Geschichte von Paris und Versailles. Besichtigung aller bedeutenden Monumente und Museen. , Konrad-Theiss-Verlag, Stuttgart, 2002 ( ISBN 3-8062-1697-5 )
  • Gerhard Salter, Polizei und soziale Ordnung in Paris. , Vittorio-Klostermann-Verlag, Frankfurt am Main, 2004 ( ISBN 3-465-03298-5 )
  • Klaus Schule, Paris. Die politische Geschichte seit der Franzosischen Revolution. , Gunter-Narr-Verlag, Tubingen, 2005 ( ISBN 3-8233-6183-X )
  • Fritz Stahl, Paris. Eine Stadt als Kunstwerk. , Rudolf Mosse Buchverlag, Berlin, 1929.
  • Richard Wunderer, Paris - Sittengeschichte einer Weltstadt. , Weltspiegel-Verlag, Stuttgart, 1967 (ISBN B0000BU9UC)

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Parais ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Parais  ? All d'Artikelen op deser Wikipedia iwwer Parais .