De
Jean-Claude Juncker
, gebuer den
9. Dezember
1954
zu
Reiden op der Atert
[1]
, ass e
letzebuergesche
Politiker
.
Hie war vun 2014 bis 2019
President
vun der
Europescher Kommissioun
.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Kommissioun Juncker
.
Virdru war hie vun 1982 bis 2013 ouni Ennerbriechung Member vun der Letzebuerger Regierung an zanter 1995 Premierminister (zaitweileg och Finanzminister). Ausserdeem war hie vun 2005 bis 2013 President vum
Eurogrupp
. No de virgezunnene
Chamberwale vum 20. Oktober 2013
war hie fir e puer Meint Deputeierten an der
Chamber
.
Als Jong vun engem Huttepolizist
[2]
vun der
ARBED
ass de Jean-Claude Juncker zu
Bieles
(Gemeng
Suessem
) opgewuess. Sai Lycee huet e ganz an der
Ecole apostolique
vun den
Haerz-Jesu Pateren
zu
Clairefontaine
gemaach an
1974
mam letzebuergesche Premieresexamen (Section A latine), deen en am
Lycee Michel Rodange
an der
Stad
geschriwwen huet, ofgeschloss.
1975
bis
1979
huet hien no eegenen Aussoen
ouni groussen Enthusiasmus
Droit
op der
Universiteit Stroossbuerg
studeiert an dee Studium mat enger Maitrise ofgeschloss.
1980
gouf de Jean-Claude Juncker an der Stad Letzebuerg um
Barreau
als
Affekot
vereedegt, huet awer dese Beruff bis ewell net praktizeiert. Zanter 1974 engageiert hie sech an der
Chreschtlech Sozialer Vollekspartei (CSV)
a gouf 1979 parlamentaresche Sekretar vun dar Partei.
De Jean-Claude Juncker ass bestuet, d'Koppel huet keng Kanner.
1982
, mat knapps 28 Joer, gouf hie Staatssekretar fir Aarbecht a Sozialversecherung an der
Regierung Werner-Thorn-Flesch
. Bei de
Chamberwale vum 17. Juni 1984
gouf de Jean-Claude Juncker fir d'eischt Keier an d'Chamber gewielt, huet dat Mandat awer net ugeholl, wei en zum Aarbechtsminister a Budgetsminister an der
Regierung Santer-Poos I
ernannt gouf. No de
Chamberwale vum 18. Juni 1989
gouf hie Finanzminister an Aarbechtsminister an der
Regierung Santer-Poos II
.
1991
, als President vum Conseil vun de Wirtschafts- a Finanzministere vun der EG (EcoFin), huet de Jean-Claude Juncker den
Traite iwwer d'Europaesch Unioun
(
Traite vu Maastricht
) mat ausgeschafft, besonnesch dei Voleten, dei d'
Wirtschafts- a Warungsunioun
(EMU) betreffen. Et ass och hien, deen um informelle Conseil vun den EGs-Finanzministeren zu Letzebuerg de Prinzip vum
opting out
fir
Groussbritannien
geschaf huet an domat d'Negociatiounen em d'EMU gerett huet.
Am Hierscht
1989
hat hien e schrot Autosaccident, weinst deem en zwou Wochen am
Koma
louch.
1992
huet de Jean-Claude Juncker op nationalem Plang eng grouss
Steierreform
ausgeschafft, dei den
1. Januar
1993
a Kraaft getrueden ass. Tescht
1990
a
1995
war hien zousatzlech President vun der CSV.
Bei de
Chamberwale vum 12. Juni 1994
gouf de Jean-Claude Juncker an d'Parlament eremgewielt, huet awer an der
Regierung Santer-Poos III
, seng Funktiounen als Finanz- an Aarbechtsminister baibehalen. Den
20. Januar
1995, nodeem de
Jacques Santer
zum
President vun der
Europaescher Kommissioun
ernannt gouf, gouf de Jean-Claude Juncker Premierminister a Staatsminister vu Letzebuerg. Hien huet awer och nach seng zwei vireg Portefeuille baibehalen.
Am Juni
1999
, no de
Chamberwalen
, gouf de Jean-Claude Juncker nees zum Premier ernannt, des Keier vun enger
Koalitiounsregierung
, dei aus Vertrieder vun der CSV an der
Demokratescher Partei (DP)
zesummegesat war (d'
Regierung Juncker-Polfer
). Ausserdeem war hien zoustanneg fir d'Finanzen an d'Kommunikatiounen.
Weinst sengem bis dohi perseinleche beschte Resultat bei de
Chamberwale vum 13. Juni 2004
gouf de Jean-Claude Juncker op en Neits Premierminister, Staats- a Finanzminister vun enger Regierung, dei aus Vertrieder vun der CSV an der
Letzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP)
zesummegesat ass (d'
Regierung Juncker-Asselborn I
). Och an der
Regierung Juncker-Asselborn II
, dei aus de
Chamberwale vum 7. Juni 2009
ervirgoung an dei den
23. Juli
2009
vereedegt gouf, war hien nees Staats- a Premierminister a Minister fir den Tresor. Den 30. Abrell 2013 gouf hien zousatzlech Minister fir de Kultus.
[3]
Den
10. September
2004
, gouf de Jean-Claude Juncker zu
Scheveningen
fir 2 Joer, vum 1. Januar 2005 un, zum eischte President vun der informeller Reunioun vun de Finanzministere vun de Memberslanner vun der
Eurozon
, dem "
Eurogrupp
" gewielt. Dest Mandat gouf den
8. September
2006
em 2 Joer, deemno bis Enn
2008
, verlangert, an de Statuten no sollt de Jean-Claude Juncker och net mei fir en drett Mandat kandideieren daerfen. Den 12. September 2008 gouf allerdengs an enger Reunioun vun der Eurogrupp zu Nice decideiert, dem Jean-Claude Juncker en drette Mandat unzebidden, wat desen ugeholl huet.
[4]
Den 18. Januar 2010 gouf hien nach eng Keier, fir zwee an en halleft Joer, a sengem Mandat confirmeiert.
[5]
Am Summer 2012 huet de Jean-Claude Juncker sain Accord ginn, nach eng Keier 6 Meint drun ze hanken, enner der Konditioun, datt den
Yves Mersch
soll an den Direktiounsrot vun der
Europaescher Zentralbank
nomineiert ginn. Den 21. Januar 2013 dunn huet hie sain Amt dem
Jeroen Dijsselbloem
iwwerlooss.
[6]
An der eischter Hallschecht vun 2013 huet eng Spezialkommissioun vun der Chamber sech mat de Praktike vum
SREL
aus deene Jore virdrun auserneegesat. Deem virausgaange ware Revelatiounen iwwer illegal Macheschafte vu verschiddene Membere vum Srel, deels duerch Presseartikelen, deels duerch Aussoen am Kontext vun der
Bommeleeer
-Affar. Am Ofschlossrapport huet d'Chamberkommissioun festgestallt, datt de Juncker, deem de SREL als Premierminister direkt ennerstoung, dei politesch Verantwortung fir des onkontrolleiert Aktiviteiten ze droen hatt. De Juncker selwer war, wei erauskomm war, 2007 Affer vu sou Praktike ginn, wei den deemolege Chef vum SREL
Marco Mille
heemlech e Gespreich tescht hinnen zwei mat enger prepareierter Auer opgeholl hat.
[7]
Den 10. Juli 2013 huet de Juncker no laanger Diskussioun an der Chamber Neiwalen ugekennegt.
[8]
President vun der CSV-Fraktioun an der Oppositioun
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Bei de
Chamberwale vum 20. Oktober 2013
, dei dorophin organiseiert goufen, gouf de Jean-Claude Juncker nees, als dee Kandidat mat deene meeschte Stemmen, an d'Parlament eremgewielt. Well d'CSV kee Koalitiounspartner fonnt huet, an drai Parteien, namlech d'LSAP, d'DP an
dei Greng
32 Setz vu 60 op sech vereenege konnten, hu si Koalitiounsgespreicher gefouert, dei de 4. Dezember 2013 an der
Regierung Bettel-Schneider
hiren Ausdrock fonnt hunn. De Jean-Claude Juncker war zanterhir, bis Enn September 2014, Fraktiounschef vun der CSV-Fraktioun, der Haapt-Oppositiounspartei an der Chamber.
[9]
President vun der Europaescher Kommissioun
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Fir d'
Wale fir d'Europaescht Parlament 2014
war de Jean-Claude Juncker de Spetzekandidat vun der
Europaescher Vollekspartei
(EVP), ouni selwer fir d'Parlament kandideiert gehat ze hunn. Dei grouss Parteien am Europaparlament ware sech am Januar 2014 eens ginn, datt de Spetzekandidat vun dar Partei mat deene meeschte Setz sollt de Preisdent vun der Europaescher Kommissioun ginn. D'Europaesch Staats- a Regierungscheffen hu sech laang dar Interpretaioun vum
Traite vu Lissabon
widersat, well et si sinn, dei de Kommissiounspresident ze "designeieren" hunn, deen awer vun EP "approuveiert" muss ginn. Well en anere Kandidat virum Parlament keng Chance gehat hatt, huet den
Europaesche Conseil
de 26. Juni 2014 de Jean-Claude Juncker virgeschloen. De brittesche Premierminister
David Cameron
hat sech bis zulescht dar Nominatioun widersat
[10]
, konnt awer keng Sparminoriteit vu Votten zesummekreien, fir et ze verhenneren.
De 15. Juli 2014 gouf hie vu 422 vun de 729 Deputeierte vum Europaparlament, dei present waren, zum
President vun der Europaescher Kommissioun
gewielt. 250 haten der dergeint gestemmt.
[11]
Nodeem d'Europaparlament den 22. Oktober 2014 mat 423 dofir an 209 dergeint (bei 67 Enthalungen) och dem ganze College vu Kommissaren d'Vertaue gestemmt hat, huet d'Juncker-Kommissioun hiert Mandat offiziell den 1. November 2014 ugetrueden.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Kommissioun Juncker
.
Schonn dei eischt Woch vu sengem Amt gouf hien duerch d'
LuxLeaks
-Vereefentlechunge vu senger Vergaangenheet als Premier a Finanzminister eremgeholl.
- Tescht 1989 a 1995 ass de Jean-Claude Juncker Gouverneur vun der
Weltbank
, zanter 1995 Gouverneur vum
Fonds monetaire international
a vun der
BERD
.
- Vum
1. Juli
2006 bis zur Astellung vum Blat, am September 2010, war de Jean-Claude Juncker Coediteur vum "
Rheinischer Merkur
", enger daitscher, chreschtlech orienteierter Wochenzeitung.
- Zanter dem Dezember 2013 ass hie bei enger Agence ageschriwwen, dei Riedner vermettelt.
[12]
De Jean-Claude Juncker gouf bis Enn 2013 eng 70 Mol
[13]
fir seng politesch Aarbecht ausgezeechent
[14]
:
Sou gouf hie mei dacks schonn zum
Doctor honoris causa
ernannt an zwar vun
Hie gouf de 5. Februar 2002 vum franseische President
Jacques Chirac
zum
Grand officier de la
Legion d'honneur
ernannt.
Den 13. Abrell 2003 huet de rumanesche President
Ion Illiescu
de Jean-Claude Juncker mat den Insigne vum Grousse Stare-Kraiz, der hechster rumanescher Distinctioun, ausgezeechent.
Hien ass zanter dem 27. Mee 2003 Eierebierger vun
Treier
.
De 27. Januar 2004 gouf hien Eierebierger vun
Orestiada
, enger Stad an Thrakien.
De
25. Mee
2006 krut hien den Oochener
Karlsprais
.
De Jean-Claude Juncker gouf den 12. Maerz 2007 als
membre associe etranger
an der
Academie des sciences morales et politiques
vum
Institut de France
(Parais) installeiert amplaz vum verstuerwene
Leopold Sedar Senghor
.
De 16. Februar 2009 gouf hie
senateur d'honneur
vun der Academie europeenne des sciences et des arts.
2010 krut hien d'
Große Goldenes Ehrenzeichen am Bande fur Verdienste um die Republik Osterreich
[15]
.
Den 21. November 2011 krut hien de Verdengschtuerde vum Land
Rheinland-Pfalz
fir seng landesiwwergraifend Zesummenaarbecht a sain Engagement an der
Groussregioun
.
Den 8. November 2013 krut hien d'Großkreuz vum
Verdienstorden der Bundesrepublik Deutschland
.
[16]
- Margaretha Kopeinig,
Jean-Claude Juncker - Der Europaer
; Wien (Czernin-Verlag), 2004.
ISBN 3-7076-0188-9
- Haag, Emil
:
Jean-Claude Juncker
*
1954, champion d'un petit pays dans la cour des Grands
In:
Une reussite originale - Le Luxembourg au fil des siecles
(Ss 550-557); Letzebuerg (Editions Guy Binsfeld), 2011; 576 Saiten (ill.);
ISBN 978-2-87954-235-5
- Laurent Schmit, Jurgen Stoldt, Bernard Thomas:
"Der Mann ohne Eigenschaften."
In:
forum
Nr. 324, Dezember 2012, S. 4-11. (E kritesche Bilan vun 30 Joer Regierungsmemberschaft).
- Eva Joly (mat der Guillemette Faure),
Le loup dans la bergerie - Jean-Claude Juncker, l'homme des paradis fiscaux place a la tete de l'Europe
; Parais (Verlag "les arenes"), 2016.
- ↑
LuxLex
- ↑
Mister Europa im Kreuzfeuer
.
DIE WELT
(2016-07-01). Gekuckt de(n) 2021-01-05.
- ↑
"Remaniement ministeriel."
Communique vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
- ↑
gouvernement.lu:
Jean-Claude Juncker elu pour un nouveau mandat a la tete de l'Eurogroupe
. Pressemitteilung vom 12. September 2008.
- ↑
"Jean-Claude Juncker reelu president de l'Europgroupe."
nouvelobs.com
, Reuters, 18.01.2010, 18:34.
- ↑
"Eurogrupp: Jeroen Dijsselbloem neie President."
rtl.lu - 21.01.2013, 22:20 | Fir d'lescht aktualiseiert: 22.01.2013, 07:54.
- ↑
Regierung droht das Aus.
Tageblatt
, 7. Juli 2013.
- ↑
"Parlament und Regierung bleiben vorerst im Amt - Neuwahlen im Oktober".
wort.lu 2013-07-11
- ↑
"Juncker neien CSV-Fraktiounschef: 19 Jo, 1 Nee, 1 Enthalung."
RTL.lu - 18.11.2013, 16:17 | Fir d'lescht aktualiseiert: 18.11.2013, 17:29.
- ↑
David Cameron:
Wir brauchen den allerbesten Kandidaten ? nicht Juncker
. 13. Juni 2014 am Portal vun der
sueddeutsche.de
,
- ↑
" Europaparlament: Juncker zum neuen EU-Kommissionschef gewahlt."
speigel.de, 15.07.2014 ? 13:51.
- ↑
"'Rent a Juncker': Neuer Job fur den Ex-Premier."
wort.lu, 20.02.14 08:51.
- ↑
"Vingt-cinq ans d'honneurs et de distinctions pour Jean-Claude Juncker."
wort.lu, 2013-11-21.
- ↑
De Premierminister um
Service information et presse
- ↑
Lescht vun de Persounen dei tescht 1952 an 2012 d'
Ehrenzeichen fur Verdienste um die Republik Osterreich
kruten
- ↑
Bundeskanzlerin ehrt Jean-Claude Juncker
ofgeruff den 20. Maerz 2016
- ↑
Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lescht vun de Leit dei 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn
Op der Sait 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' warend op der sait 94 'Promotion 1994' steet.