D'
Vereent Natiounen
(
en:
United Nations
oder
UN
, dacks och als
Uno
fir
United Nations Organization
ofgekierzt;
fr:
Organisation des Nations unies
oder
ONU
) ass eng global
international Organisatioun
. Hir wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze secheren, der wirtschaftlecher a sozialer Entwecklung virunzehellefen an drop uecht ze ginn, datt
d'Menscherechter
agehale ginn.
D'Vereent Natioune versti sech als Mettelsorganisatioun tescht de Staaten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir mei international Kooperatioun.
2001 kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretar, de
Kofi Annan
, de
Friddensnobelprais
fir hiren Engagement em en internationaalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.
D'Iddi vun enger weltwaiter, iwwernationaler Organisatioun dei sech dofir asetzt de Fridden ze hidden a
Kricher
ze verhennere gouf dei eischt Keier a Form vum
Velkerbond
(
1920
-
1946
) emgesat. D'Virgangerorganisatioun vun de Vereenten Natioune war als reng diplomatesch Plattform konzipeiert an eng ganz Retsch Lanner, dorenner d'
USA
an d'
Sowjetunioun
, waren ni Member oder sinn, wei
Daitschland
a
Japan
, speider nees ausgetrueden. De Velkerbond ass doduerch relativ seier u seng Grenze gestouss a gouf kuerz nom
Zweete Weltkrich
vun de Vereenten Natiounen ofgeleist.
Nach warend dem Krich, de
14. August
1941
, hunn den US-amerikanesche President
Franklin D. Roosevelt
an de brittesche Premier
Winston Churchill
d'
Atlantik-Charta
proklameiert. Am Dokument sinn eischt programmatesch Iwwerleeungen a Richtung vun enger neier Weltorganisatioun festgehalen.
An der
Declaration by United Nations
vum
1. Januar
1942
beruffe sech 26 Staaten, dorenner och
Letzebuerg
, op d'Prinzipie vun der Atlantik-Charta.
D'Verhandlungen iwwer eng zukenfteg international Organisatioun ginn nach emol
1944
op der
Konferenz vun Dumbarton Oaks
, bei
Washington
, tescht Vertrieder vu
China
,
Groussbritannien
, der Sowjetunioun an den USA intensiveiert a konkreetiseiert.
Nodeem zentral nach mei emstridde Punkten am
Februar
1945
op der
Konferenz vu Jalta
geklaert konnte ginn, gett d'
Charta vun de Vereenten Natiounen
deklareiert. D'Charta gouf de
26. Juni
1945
vu 50 Staaten zu
San Francisco
ennerschriwwen an ass de
24. Oktober
1945
a Kraaft getrueden.
Polen
ass als 51. Grennungsmember speider baikomm.
D'Charta ass d'Konstitutioun vun de Vereenten Natiounen a bennt d'Memberstaaten opgronn vum
Droit international public
.
An der Charta sinn d'Ziler a Reegelen, d'Kompetenzen an d'Organisatioun vun der UNO festgehalen. Inhaltlech ass d'Dokument eminent vun den Erliefnesser aus dem Zweete Weltkrich, de Verbrieche vum Hitler-Regime, dem Scheitere vum Velkerbond an der Weltwirtschaftskris an den 1930er Jore gepragt.
D'Charta huet eng Praambel an 19 Kapitele mat 111 Artikelen.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Membere vun de Vereenten Natiounen
.
2017 hat d'UNO 193 Memberstaate mat glaichberechtegt Stemmrecht an der UNO-Vollversammlung. Domat sinn d'Vereent Natioune virun der
Organisatioun fir islamesch Zesummenaarbecht
dei greisst teschestaatlech Organisatioun op der Welt. Als lescht Land ass de
Sudsudan
am Juli 2011 Member ginn. Jiddwer Member muss sech den an der Charta formuleierten Ziler a Reegele vun de Vereenten Natioune verflichten.
E puer Lanner, dei net vun alle Staaten unerkannt ginn, si kee Member an der Vereenten Natiounen, wei zum Beispill
Taiwan
, de
Kosovo
oder
Abchasien
a
Sudossetien
. De Grennungsmember Taiwan, deemools als China unerkannt, war bis 1971 am Secherheetsrot vertrueden, huet dunn awer nom Vote vun der Generalversammlung de Stull fir d'
Volleksrepublik China
misse fraimaachen.
De
Vatikan
a
Palestina
hunn Observateurstatus ouni Walrecht.
D'Vereent Natiounen hu sechs Haaptorganer:
- De
Secherheetsrot
(
Security Council
;
Conseil de securite
) ass d'Zentralorgan vun de Vereenten Natiounen an huet 15 Memberen.
China
,
Russland
,
Frankraich
,
Groussbritannien
an d'
USA
sinn emmer vertrueden an hunn, doduerch datt all Decisioun eestemmeg vun hinnen akzepteiert gi muss, en indirekt
Vetorecht
. Dei aner 10 Membere gi jeeweils op zwee Joer vun der Generalversammlung gewielt.
- D'
Generalversammlung
(
General Assembly
;
Assemblee generale
). All Memberstaat huet ee Setz an eng Stemm. D'Generalversammlung ka Proposen a Recommandatiounen un de Secherheetsrot riichten un dei desen awer net gebonnen ass.
- D'
Generalsekretariat
(
Secretariat
;
Secretariat
): gereiert a representeiert d'Organisatioun. De
Generalsekretar vun de Vereenten Natiounen?
ass den hechste Beamten an der Administratioun vun de Vereenten Natiounen. Zanter Januar
2017
huet den
Antonio Guterres
des Funktioun.
- Wirtschafts- a Sozialrot
(
Economic and Social Council
;
Conseil economique et social
): huet eng consultativ Roll bei Froen zu der internationaler wirtschaftlecher a sozialer Kooperatioun.
- Den
Internationale Geriichtshaff
(
International Court of Justice
;
Cour internationale de Justice
): zoustanneg fir d'Klarung vu teschestaatleche Streidereien.
- De
Conseil de tutelle
(
Trusteeship Council
) huet seng Aarbecht an Teschenzait suspendeiert a kennt just nach zesummen, wann e gebraucht gett.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Lescht vun den UNO-Organer
.
Nieft dese sechs Haaptorganer gett et eng Retsch vun net-politesch spezialiseierten Niewenorganisatiounen an Agence.
Hiren Haaptsetz hunn d'Vereent Natiounen zu
New York
. Den Terrain laanscht den East River gouf vum
John Davison Rockefeller Junior
gesteft an zanter
1951
sinn hei fennef vun deene sechs Haaptorganer doheem.
Donieft huet d'Sekretariat nach drai Buroen, jeeweils zu
Geneve
an der
Schwaiz
(
UNOG
), zu
Wien
an
Eistraich
(
UNOV
) an zu
Nairobi
am
Kenia
(
UNON
).
Den Internationale Geriichtshaff huet sai Setz zu
Den Haag
an
Holland
.
Anlech wei d'Ambassade sinn d'Setzer vun de Vereenten Natiounen exterritorialt Gebitt.
D'Vereent Natiounen hu sechs offiziell
Sproochen
an dei all Dokument, Resolutioun a Protokoll iwwersat gett:
Arabesch
,
Chineesesch
,
Englesch
,
Franseisch
,
Russesch
a
Spuenesch
. Aarbechtssprooch sinn Englesch a Franseisch.
D'Vereent Natioune finanzeiere sech haaptsachlech iwwer obligatoresch Kontributioune vun de Memberlanner. All Land ass dozou verflicht e gewesse Prozentsaz vum Budget ze droen. De Maximum wat en eenzele Staat baisteiere ka lait bei 22%. De Gros vum Zweejoersbudget gett vun nemmen engem Grapp voll Lanner gedroen.
2017 hat d'UNO e regulare Budget vu 5,6 Milliarden US-Dollar an e Budget vu 7,3 Milliarden USD fir Friddensmissiounen (Juli 2017 bis Juni 2018). Greisst Geldgiewer fir de regulare Budget 2016-18 sinn d'
USA
(22%),
Japan
(9,68%),
China
(7,92%),
Daitschland
(6,39%) a
Frankraich
(4,86%). Beim Budget 2016-18 fir d'Friddensmissioune waren et nees d'USA (28,47%), China (10,25%), Japan (9,68%), Daitschland (6,39%) a Frankraich (6,29%).
[1]
Spezialprogrammer (wei z. B. d'
UNICEF
) ginn entweeder duerch Extracotisatiounen oder fraiwelleg Leeschtunge finanzeiert.
- ↑
diplomatie.gouv.fr:
Infographie: le financement des Nations unies, contributions et priorites de la France
(September 2017)