Buren
(vum
afrikaanse
Wuert
Boere
, wiertlech "Baueren") ginn zenter dem Enn vum
18. Joerhonnert
dei Awunner aus
Sudafrika
an
Namibia
genannt, dei
Afrikaans
- dat sech aus dem
Hollanneschen
entweckelt huet - schwatzen an deenen hir Virfaren zenter 1652 aus Europa agewandert waren. Si selwer nenne sech
Afrikaner(s)
(freier och alt
Kaphollanner
oder
Waissafrikaner
).
Si hu sech ursprenglech an der
Kapkolonie
em de
Kap vun der Gudder Hoffnung
neiergelooss, dei zu der
Nidderlannescher Ostindien-Kompanie
(VOC) geheiert huet. Ufanks vum
19. Joerhonnert
hunn d'Briten d'Kapkolonie annexeiert, an en Deel vun de Buren huet sech no Norden an d'Land verzunn (des Wanderung gouf
Groussen Treck
genannt), wou se dei sougenannt
Burerepublike
wei Natalia, Transvaal an
Oranje-Fraistaat
gegrennt hunn.
Natalia gouf schonn an der Mett vum
19. Joerhonnert
eng brittesch Kolonie, dei zwou aner hunn awer ereischt am
Zweete Burekrich
1899?1902 hir Onofhangegkeet verluer.
D'Bure ware bis 1945 virun allem Farmer a Veiziichter. Vill vun hinne si
Calvinisten
.
1925 gouf Afrikaans nieft dem Engleschen dei zweeet offiziell
Amtssprooch
an der Sudafrikanescher Unioun.
D'Buren haten e groussen Afloss an der dominanter
Nationaler Partei
(resp. National Party) an an der Regierung, dei d'
Apartheid
emmer mei ausgewait huet, ir se 1994 bei den eischten allgemengen a fraie Walen hir Dominanz verluer huet an d'Apartheid ofgeschaaft gouf.