한국   대만   중국   일본 
Wikipedia ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Wikipedia

Vu Wikipedia

Wikipedia ass eng frai multilingual Enzyklopedie , dei vu Fraiwellege geschriwwe gett an um Wikikonzept baseiert. Mett Juni 2024 gouf et ronn 63 Milliounen Artikelen an 343 Sproochen. [1]

Dei letzebuergesch Versioun gouf den 21. Juli 2004 gegrennt an huet momentan 63.439 Artikelen. [2] Et fennt een s'enner http://lb.wikipedia.org .

Bedeitung vum Numm [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Numm ?Wikipedia“ ass zesummegesat aus ?Wiki“ an ?Enzyklopedie“:

  • ?Wiki“ kennt vum hawaiianesche wiki wiki , wat ?seier“ heescht.
  • ?Enzyklopedie“ kennt vum algriicheschen ?γκ?κλιο? παιδε?α enkyklios paideia . enkyklios heescht a senger eischter Bedeitung ?kreesfermeg“ an am ofgeleete Senn ?allgemeng“; paideia heescht ?Educatioun“.

Urspronk vum Projet [ anneren | Quelltext anneren ]

Genee wei Nupedia gett Wikipedia vun der Free Software Foundation vum Richard Stallman ennerstetzt. De Stallman ass eng vun de Persounen, dei als eischt d'Iddi vun enger fraier universeller Enzyklopedie vertrueden hunn (liest dozou och " The Free Universal Encyclopedia and Learning Resource ").

Haaptcharakteristiken [ anneren | Quelltext anneren ]

De Wikipediaprojet huet drai Haaptcharakteristiken, dei en am World Wide Web defineieren an eenzegaarteg maachen:

  • De Wikipediaprojet ass eng Enzyklopedie ?a keen Dictionnaire, e Forum, etc. Liest heizou och wat Wikipedia net ass .
  • De Projet ass ausserdeem e Wiki . E Wiki erlaabt d'Kreatioun an d'Modifikatioun vun all Sait vu jiddwerengem. Wikipedia ass dei eischt generell Enzyklopedie, dei enner desem Format gegrennt gouf.
  • Wikipedia ass "frai", enner der Lizenz CC-by-sa . D'frai Texter ginn dem "grand public" vum Proprietar vun der Lizenz offreiert, an erlabe jiddwerengem den Text emzeanneren a weiderzeverbreeden. All User kann de Contenu vu Wikipedia, souguer fir kommerziell Zwecker, benotzen, wann ee Wikipedia als seng Quell ugett an d'Lizenz respekteiert.

D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen zesumme Reegelen a Recommandatioune aus, fir datt de Projet gutt leeft.

Geschichtleches [ anneren | Quelltext anneren ]

De Projet gouf vum Jimmy Wales an dem Larry Sanger den 10. Januar 2001 gegrennt. Et war am Ufank just en Deel vun Nupedia a sollt dozou dengen, d'Nupedia mat Contenu vu baussen ze fidderen. Well Communauteit vun Nupedia awer staark Oppositioun geint deen oppene Projet gemaach huet, ass e schonn no e puer Deeg, de 15. Januar 2001, enner dem Numm Wikipedia op eng eegen Internetsait geplennert. De Larry Sanger huet dat eischt Joer dei englesch Versioun geleet.

E puer Meint drop sinn dunn dei eischt Wikipediaen an aner Sproochen entstanen. Den Ufank huet de 16. Maerz 2001 dei katalounesch Wikipedia gemaach.

Aner Projeten am Zesummenhank mat Wikipedia:

Den 20. Juni 2003 gouf d'Fondatioun Wikimedia ( http://wikimediafoundation.org ) gegrennt, fir dei verschidde Projete vu Wikipedia ze gereieren an ze finanzeieren.

Eng Pabeier/CD-ROM Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposeiert. Liest heizou w:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.0 .

Den 21. Juli 2004 ass dei letzebuergesch Versioun vun der Wikipedia aus der Daf gehuewe ginn.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Wikipedia op Letzebuergesch .

Mataarbechter [ anneren | Quelltext anneren ]

U Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Zuel vu Mataarbechter, Wikipedianer genannt.

Et gett eigentlech kee richtege "Chef" vu Wikipedia. Warend 13 Meint gouf de Larry Sanger vu Bomis, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien demissioneiert. Aktuell a freier Mataarbechter vu Bomis schaffen um Projet mat, sou z. B. den Tim Shell fir d'Enzyklopedie oder den Jason Richey an den Toan Vo als Developpeuren.

Technesch Aspekter [ anneren | Quelltext anneren ]

Wikipedia a seng Parallel-Projete si frai WikiWikiWebs . D'Wikie sinn dynamesch Websaiten, wou all Visiteur d'Sait dei e grad liest modifizeiere kann. De WikiWiki ass nach mei einfach wei HTML .

Op Wikipedia kann all Mensch sai Pefferkar zu engem Artikel baidroen, Feeler verbesseren an zesumme mat aneren u kniwwelegen Theme schaffen. De kompletten Historique vun de Kontributioune bleift emmer gespaichert.

Wikipedia funktioneiert mam fraie Logiciel MediaWiki .

Dei verschidde Wikipediaen [ anneren | Quelltext anneren ]

Am August 2010 gett et d'Wikipedia an 272 Sproochen. 192 dovun hu mei wei 1.000 Artikelen an 32 hunn der mei wei 100.000 Artikelen. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn dei engleschsproocheg (3.366.789), dei daitsch (1.100.864), dei franseisch (975.941), dei polnesch (718.012) an dei italieenesch (711.238) (Stand 1. August 2010).

Am Juli 2019 gesait d'Statistik sou ass: d'Wikipedia gett et an 304 Sprooche vun deenen der fofzeng mei wei eng Millioun Artikelen hunn. Dei meescht Artikele gett et a follgende Sproochen:

  1. Englesch (5.894.239 Artikelen),
  2. Cebuano (5.378.559 Artikelen),
  3. Schweedesch (3.747.841 Artikelen).

47 Sproochen hu mei wei 100.000 Artikelen, 81 Sproochen der mei wei 10.000 an 115 Sproochen der mei wei 1.000. A 46 Sprooche gett et hechstens 100 Artikelen. D'Letzebuerger Wikipedia lait op der 82. Plaz mat 56.844 Artikelen [3] .

Kuckt heizou och dei komplett Lescht vu Wikipediaen .

D'Datebank eroflueden [ anneren | Quelltext anneren ]

All d'Datebanke kennen hei erofgeluede ginn: http://download.wikipedia.org

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Wikipedia ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. List of Wikipedias Archiveiert de(n) 17.06.2024. Gekuckt de(n) 17.06.2024.
  2. D'Artikelzuel, dei hei ugewise gett, ass emmer aktuell a gett iwwer {{NUMBEROFARTICLES}} agebonnen.
  3. Stand: 21. Juli 2019 (00:00)