한국   대만   중국   일본 
Frankraich ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Frankraich

Vu Wikipedia


Franseisch Republik
Republique francaise

Franséische Fändel

Nationalen Emblème vu Frankräich

Detailer

Detailer
National Devise : Liberte, Egalite, Fraternite
("Fraiheet, Glaichheet, Bridderlechkeet")
Offiziell Sprooch : Franseisch
Haaptstad : Parais
Staatsform: Republik
 • President: Emmanuel Macron
 • Premierminister: Gabriel Attal
Flach: 551 691 [1] km²
Bevelkerung: 68.373.433 [1]
 • Bevelkerungsdicht: 105/ km²
Nationalfeierdag: 14. Juli
Nationalhymn: La Marseillaise
(Lauschteren)
Warung : Euro (EUR)
Zaitzon : UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD : .fr
Internationalen
Telefonsprefix
:
+33

Frankraich (amtlech: Republique francaise, Franseisch Republik ) ass en demokrateschen , zentralisteschen Eenheetsstaat am Weste vun Europa . Frankraich huet Grenze mat der Belsch , Letzebuerg , Daitschland , der Schwaiz , Italien , Monaco , Spuenien an Andorra . D'Kuste vu Frankraich ginn iwwer den Atlantik mam Aermelkanal an d' Mettelmier . Nieft dem Territoire an Europa huet Frankraich och eng Partie Iwwerseigebidder an der Karibik (e. a. d' Martinique , d' Guadeloupe an een Deel vu Saint-Martin ), Sudamerika ( Franseisch Guyane ), virun der Kust vun Nordamerika ( Saint-Pierre-et-Miquelon ), am Indeschen Ozean (d' Reunion , d'Insel Mayotte ), am Pazifik ( Tahiti , Clipperton , asw.) an an Ozeanien ( Nei-Caledonien , asw.). Ausserdeem erhieft Frankraich en Usproch op en Deel vun der Antarktis ( Terre Adelie an arktesch Gebidder am deiwe Sude vum Indeschen Ozean (e. a. d' Kerguelen -Inselen).

Frankraich ass Grennungsmember vun der UNO , wou et ee permanente Setz am Secherheetsrot huet, vun der EU a vun der Atlantescher Allianz , respektiv NATO .

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Ganzen huet dat ?franseischt Mammeland” an Europa eng Flach vu 543.965 km². Am franseische Landschaftsbild fennt ee virun allem flaach Geigenden a kleng Hiwwelen am Norden a Westen. De Rescht ass mat Bierger bedeckt, Haaptbierger sinn d' Pyrenaen am Sudwesten, de Massif central an d' Alpen am Sudosten. Den hechste Bierg vu Frankraich - an och hechste Bierg vun den Alpen - ass de Mont Blanc (4.808 Meter). Weinst senger Form gett Frankraich och l'Hexagone (Sechseck) genannt.

Dei mat Ofstand wichtegst a greisst Stad a Frankraich ass d'Haaptstad Parais mat ronn 12 Milliounen Awunner an der Agglomeratioun (Regioun Ile-de-France ). D'Groussraim em Marseille , Lille a Lyon hunn och mei wei eng Millioun Awunner.

Grouss Stied [ anneren | Quelltext anneren ]

  1. Parais - 2.340.000 am Groussraum 12.350.000
  2. Marseille - 850.000 am Groussraum 1.700.000
  3. Lyon - 500.000 am Groussraum 2.200.000
  4. Toulouse - 450.000 am Groussraum 1.250.000
  5. Nice - 345.000 am Groussraum 1.000.000
  6. Nantes - 290.000 am Groussraum 900.000
  7. Stroossbuerg - 275.000 am Groussraum 770.000
  8. Montpellier - 270.000 am Groussraum 570.000
  9. Bordeaux - 240.000 am Groussraum 1.150.000
  10. Lille - 230 000 am Groussraum 1.150.000
  11. Rennes - 210.000 am Groussraum 700.000

(Awunner Maerz 2012)

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vu Frankraich .

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Wope vu Frankraich am Ancien Regime .

D'aktuellt Frankraich besteet greisstendeels aus dem anticke Gallien . Den Numm kennt allerdengs vun engem germanesche Vollek, de Franken , dei sech op de Lannereie vum Reimesche Raich neiergelooss hunn.

Eng eischt richteg Dynastie, dei eng Partie Territoire enner dem Regnum Francorum vereenegt huet, waren d' Merowenger mam Kinnek Clovis am Joer 486 . Enner sengen Ierwe gouf d'Frankeraich awer nach dacks opgedeelt, duerch d'merowengesch Ierfschaftspolitik no dar d'Kinnekraich nom Doud vum Kinnek enner all de Jongen opgedeelt gett.

Eng zweet Dynastie, d' Karolenger , konnte sech am 8. Joerhonnert behaapten, an enner dem Karel dem Groussen koum et zu engem grousse Keeserraich. No sengem Doud gouf d'Raich alt erem opgedeelt, an aus der Francia occidentalis gouf dat speidert Frankraich (d' Francia orientalis gett zum haitegen Daitschland ).

D'Karolenger konnte sech nach bis 987 um franseischen Troun behaapten, ier d' Kapetenger mam Hugues Capet un d'Muecht komm sinn. Nodeem mam Philippe IV. d' Valois um franseischen Troun souzen, si schlussendlech d' Bourbonen mam Henri IV. d'Kinneke vu Frankraich bis zu der Franseischer Revolutioun bliwwen.

D' 19. Joerhonnert war vu verschiddene Regimme markeiert, no der Convention nationale , dem Directoire an dem Consulat huet sech den Napoleon zum Keeser kreine gelooss. 1815 gouf an der sougenannter Restauratioun d' Monarchie nees agefouert, ma dese System konnt sech a Frankraich net mei duerchsetzen. No engem Second Empire sinn d'Fransousen nees zu enger Republik iwwergaangen, enger Regierungsform dei sech bis haut, mat der fennefter Republik , behaapte konnt.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Franseisch Geschicht .

Politik [ anneren | Quelltext anneren ]

Politesche System [ anneren | Quelltext anneren ]

Frankraich ass eng zentralistesch organiseiert Demokratie mat engem semi-presidentielle Regierungssystem . An der Constitutioun vun der V. Republik huet de Staatspresident, dee vum Vollek gewielt gett, eng staark Positioun. Hien ernennt de Premierminister an (op Rot vum Premierminister) dei aner Ministeren, huet vis-a-vis vu Gesetzesvirschlei vum Parlament e Veto -Recht, a kann d'Nationalversammlung opleisen. D'Parlament besteet aus zwou Kummeren, der Nationalversammlung ( Assemblee nationale ) mat 577 Deputeiert, dei vum Vollek gewielt ginn, an dem indirekt gewielte Senat mat 331 (no der Senatsreform 2010: 346) Memberen.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel Franseisch Politik an am Artikel Franseisch Regierung

Aktuell politesch Situatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Aktuelle President vun der Republik ass den Emmanuel Macron . Seng Partei LREM huet och d'Majoriteit an der Nationalversammlung ( Assemblee nationale ).

Am Senat hunn d'konservativ Parteien d'Majoriteit, ennert anerem d' Republikaner .

Baussen- a Secherheetspolitik [ anneren | Quelltext anneren ]

Frankraich war 1949 Grennungsmember vum Nordatlantiktraite a krut militaresche Schutz vun den USA . Wei 1958 den de Gaulle un d'Muecht komm ass, hu sech d'Bezeiungen zu den USA, an zu der NATO , dei vun den USA domineiert gouf, verannert. Enner der Leedung vum de Gaulle huet sech Frankraich 1960 zu enger Atommuecht entweckelt, an hat zanter 1965 mat der Force de Frappe och eng Atomstraitkraaft , dei 50 Fligere mat Atombommen an den Dengscht opgeholl huet. 1968 hat Frankraich schonn 18 Ofschossrampe fir Mettelstreckerakeiten opgestallt, dei 1970 an 71 Atomsprengkapp kruten. An de 70er Joren huet Frankraich seng Atommuecht och op d'Mier ausgebreet. Veier Atom-U-Booter hu jeeweils 16 atomar Mettelstreckerakeiten.

An der aktueller Baussepolitik bemeit sech Frankraich em gutt Relatioune mat sengem Noper Daitschland (" Kareuropa ") a steet zesumme mat den Daitschen der Virmuechtstellung vun den USA skeptesch geintiwwer. Duerch des Skepsis ass Frankraich 1966 bis Maerz 2009 aus der militarescher Organisatioun vun der NATO ausgetrueden, ma ass awer am politeschen Deel weiderhin integreiert bliwwen.

Dobai kennt och en Engagement nom Enn vun der Kolonialherrschaft an Afrika , wou Frankraich bis haut a ville Lanner d'Uerdnungsmuecht bliwwen ass. Frankraich ass ausserdeem Member am UNO-Secherheetsrot mat Vetorecht .

D' Doudesstrof gouf a Frankraich 1981 ofgeschaaft.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel Friemelegioun an am Artikel Gendarmerie nationale

Administrativ Ennerdeelungen [ anneren | Quelltext anneren ]

0 0 De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.
Territorial Administratioun vu Frankraich.

Frankraich ass a 26 Regiounen opgedeelt, dei hirersaits nees an 100 Departementer opgespleckt sinn. 22 vun deene Regioune sinn um europaesche Karland (France metropolitaine), dorenner och d'Mettelmierinsel Korsika , dei allerdengs als Collectivite territoriale e Sonnerstatus huet. Dei aner veier Regioune bestinn aus jeeweils nemmen engem Departement a ginn dohier Departements et regions d'outre-mer (D.R.O.M.) genannt (bis zu der Annerung vun der Constitutioun am Joer 2003 Departements d'outre-mer, Ofk. D.O.M.). Am Eenzelen handelt et sech heibai em Guadeloupe (971), Martinique (972), Guyane (973), La Reunion (974) a Mayotte (976)

Donieft gett et

D'D.R.O.M. si wei dat franseischt Karland Member vun der EU , fir d'T.O.M. gellt dat net. Gesetzer aus Frankraich gellen an den T.O.M. nemme wann dat ausdrecklech ernimmt gett.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel Lescht vun de franseischen Departementer an am Artikel Lescht vun de franseische Regiounen

Ekonomie [ anneren | Quelltext anneren ]

Traditionell ass a Frankraich d'Wirtschaftspolitik vu staarke staatlechen Agreffer beaflosst. Dobai spillt virun allem den historesche Merkantilismus - besonnesch de Colbertismus - eng wichteg Roll.

Frankraich ass eng sougenannt " Gemescht Ekonomie ", dei an de leschte Joren emmer mei dereguleiert a privatiseiert ginn ass. E staatleche Mindestloun , de SMIC , sechert den Ugestallten e Stonneloun vun 8,03 Euro. Schlesselindustrien, besonnesch d' Energiewirtschaft , sinn enner staatlecher Kontroll. Frankraich ass e wichtege Produzent vun Atomstroum , Daitschland zielt zu de greisste Clienten. A Frankraich ginn ongefeier 80 Prozent vum Elektresch mat Atomkraaftwierker produzeiert. Domat huet Frankraich nieft Litauen momentan (Ufank 2005) den hechste Prozentsaz un Atomstroumproduktioun op der Welt.

Wain steet opgrond vun de ville Waibaugebidder op fennefter Plaz vun de franseischen Exporter: no Autoen, Fligeren, pharmazeutesche Produiten an Elektronik. Och den Tourismus spillt eng grouss Roll.

D' Bruttoinlandsprodukt (BIP) ass an der Moyenne vun 1995 bis 2005 em 2,1 % pro Joer an d'Luucht gaangen, an huet 2005 de Waert vun 1.689,4 Milliarden Euro erreecht. Am Verglach mat dem BIP vun der EU kennt Frankraich op en Index vun 111.4 (EU-25:100) (2003). 1

2003 hu 4 % an der Land- a Forstwirtschaft souwei der Fescherei geschafft, an der Industrie ware 24 % beschaftegt, 72 % vun de Fransousen hunn am Dengschtleeschtungsberaich geschafft. 2004 louch d'Inflatioun bei 2,1 % an am Januar 2005 hat Frankraich 2.716.000 Aarbechtsloser (10 %).

Dei greisst Firmen a Frankraich (2003) [ anneren | Quelltext anneren ]

ouni Banken a Versecherungen

  1. Total ? Emsaz 104,7 Mrd. € ? 111.000 Beschaftegt
  2. Carrefour ? Emsaz 70,5 Mrd. € ? 419.000 Beschaftegt
  3. PSA Peugeot Citroen ? Emsaz 54,2 Mrd. € ? 200.000 Beschaftegt
  4. France Telecom ? Emsaz 46,1 Mrd. € ? 222.000 Beschaftegt
  5. EDF ? Emsaz 44,9 Mrd. € ? 167.000 Beschaftegt
  6. Suez ? Emsaz 39,6 Mrd. € ? 171.000 Beschaftegt
  7. Les Mousquetaires ? Emsaz 38,4 Mrd. € ? 112.000 Beschaftegt
  8. Renault ? Emsaz 37,5 Mrd. € ? 160.000 Beschaftegt
  9. Publicis Groupe ? Emsaz 32,2 Mrd. € ? 35.000 Beschaftegt
  10. Saint-Gobain ? Emsaz 29,6 Mrd. € ? 172.000 Beschaftegt
  11. Auchan ? Emsaz 28,7 Mrd. € ? 156.000 Beschaftegt
  12. Veolia Environnement ? Emsaz 28,6 Mrd. € ? 257.000 Beschaftegt
  13. E.Leclerc ? Emsaz 27,2 Mrd. € ? 84.000 Beschaftegt

Demographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Zum 1. Januar 2004 gouf d'Bevelkerung, inkl. den Iwwerseigebidder, op 61,9 Millioune geschat. No Daitschland steet Frankraich an der EU domat op der zweeter Plaz, wat d'Bevelkerungszuel ugeet. An der EU huet Frankraich e Bevelkerungsundeel vun 13 %.

Am Joer 2003 koumen op 792.600 Gebuerten 560.300 Stierffall , dat entsprecht engem Iwwerschoss vun 232.300 Persounen. 2004 louch de Gebuertentaux bei 1,9. Den 1. Januar 2004 ware 16,2 % vun der Bevelkerung mei al wei 65 Joer, geintiwwer 14,6 % am Joer 1994 . Am selwechten Zaitraum ass den Undeel vun de Leit enner 20 vu 26,7 % op 25,3 % gefall.

2003 hu sech 280.300 Leit bestuet , dat sinn der 6.000 (-2,1 %) manner wei 2002. Den Duerchschnettsalter louch bei de Manner bei 30,4 a bei de Frae bei 28,3 Joer.

D'Kannerstierflechkeet lait bei 4,29 ‰.

Den duerchschnettleche mannleche franseische Staatsbierger huet eng Liewenserwaardung vu 76,7 Joer, d'Frae kommen op 83,8 Joer.

Educatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

De Schoulsystem a Frankraich

Wei a bal allen europaesche Staate gett et a Frankraich eng Bildungsflicht , dei am Geigesaz zu der Schoulflicht och duerch Hausunterrecht ofgeschloss ka ginn. A Frankraich gett et follgend Schoulformen:

Am Kader vun der europawaiter Harmoniseierung vun de Studien ( Bologna-Prozess ) gett och an de franseischen Heichschoulen den LMD-System agefouert. LMD bedeit, datt noenaner d' Licence respektiv Bachelor (no 3 Joer), de Master (no 5 Joer) an en Doktorat (no 8 Joer) ofgeschloss kenne ginn. Dei national Diplomer falen domat ewech.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Franseische Schoulsystem .

Sproochen am europaeschen Deel vu Frankraich [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Awanderer vu verschiddenen Natiounen, virun allem aus Portugal , Osteuropa , dem Maghreb an allgemeng aus Afrika hunn hir Sprooche matbruecht. D'Zuel vun den Awanderer aus arabesche Lanner gett op 4,5 Millioune geschat. Am Ennerscheed zu den traditionelle Sprooche konzentreiere sech dei Sproochgemeinschafte besonnesch an de grousse Stied, ma et kann ee se kengem geneee geographesche Gebitt zouuerdnen.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Franseisch Sproochepolitik .

Reliounen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Clovis gett 496 an der Kathedral vu Reims gedeeft.

Frankraich ass offiziell e laizistesche Staat, dat heescht, Staat a Reliounsgemeinschafte si komplett vunenaner getrennt. Well vu staatlecher Sait keng Daten iwwer d'Reliounszougeheieregkeet vun den Awunner erhuewe ginn, berouen all Informatiounen iwwer eng konfessionell Zesummesetzung vun der Bevelkerung op Schatzungen oder Informatioune vun de Reliounsgemeinschafte selwer. Dofir si follgend Zuele mat der neideger Virsiicht ze geneissen.

Frankraich dreit den Eierentitel, dei eelst Duechter vun der Kierch ze sinn. 496 huet sech de Kinnek Clovis ( Chlodwig I. > Ludwig/Louis)) no enger Victoire geint d' Alemannen an der Schluecht vun Tolbiac ( Zulpich ) zum eischte chreschtlechen Herrscher vun Europa ernannt, a sech deefe gelooss.

83 % vun de Fransouse si kathoulesch (~ 51 Mio.) an 8 % si Moslemen (~ 4,8 Mio.). Dernieft gett et protestantesch a jiddesch Minoriteiten, dei knapps 4 % ausmaachen. 5 % hu keng Relioun, d'Tendenz geet an d'Luucht.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Frankraich ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal Frankraich  ? All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Frankraich.

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 Flach vun der France metropolitaine mat enger geschater Populatioun vun 65.834.836 (01/2023). Mat den Departements d'outre-mer huet Frankraich 643 801 km² an 68 042 591 Awunner.