Rozel Le Gallais

Vu Wikipedia
Rozel Le Gallais
Gebuer 15. Mee 1903
Gestuerwen 27. Juni 1988
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Tennisspiller, Moler

D' Rozel Le Gallais , gebuer de 15. Mee 1903 an der Stad Letzebuerg a gestuerwen de 27. Juni 1988 zu Konz [1] , war eng letzebuergesch Tennisspillerin an Olympionickin . [2]

Si huet Letzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Parais vertrueden, wou si am Tennis am double-mixed mam Camille Wolff ageschriwwe war, ma deen huet misse forfait erklaren.

Nieft dem Sport huet si gemoolt an hat e. a. am Januar 1974 eng Billerausstellung an der Galerie Marie-Therese an der Stad Letzebuerg [3] .

Si gouf 1932 mam Edmond Reverchon (1893 -1967) bestuet; d'Koppel hat ee Kand, den Eddie Reverchon [4] .

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Letzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Editions Schortgen - 2014 - ISBN 978-2-87953-197-7 Sait 186
  2. D'Rozel Le Gallais op der Websait vun der 'AssociationLuxembourgeoise des Olympiens'
  3. Bulletin de documentation - Gouvernement du Grand-Duche de Luxembourg, Janvier-Fevrier-Mars 1974, Sait 41
  4. D'Rozel Le Gallais am Stammbam vun der Famill Boch Archiveiert op 2012-10-11. Gekuckt de(n) 2011-06-26.