Joseph-Emile Muller

Vu Wikipedia
Joseph-Emile Muller
Gebuertsnumm Emile Joseph Muller
Gebuer 20. Maerz 1911
Kielen
Gestuerwen 31. Dezember 1999
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Schreftsteller , Konschthistoriker

De Joseph-Emile Muller , gebuer den 20. Maerz 1911 zu Kielen a gestuerwen den 31. Dezember 1999 zu Berbuerg , war e letzebuergesche Konschtkritiker an Auteur. Hie war Konservator an der section des beaux-arts am Nationalmusee . [1] Hie war enner de Pseudonymen Ioseph-Emile, Bert Helmuth, Kurt Reinholdt, Helmut Gunter oder nach Helmut Kuno Beck bekannt.

No senger Premiere 1929 am Athenee de Luxembourg ass en an d'Assurancewiese schaffe gaangen. 1945 ass hie vum Pierre Frieden , deemolege Minister, zum Zoustannege fir de service d'education esthetique am MNHA ernannt ginn. Duerno war hien Direkter vum service des beaux-arts . Hien huet eng sellege Konferenze gehalen, enner anerem zu Letzebuerg , Breissel , Antwerpen , Parais a Moskau . En ass e puermol warend de Konferenzen zu Letzebuerg vum Batty Weber als Kommunist vernannt ginn, well hien dei deemoleg effentlech Uerdnung a Fro gestallt huet.

1977 huet hien d' Association des Amis du Musee National d'Histoire et d'Art nei gegrennt, dei am zweete Weltkrich verbuede gi war, a war och hire President bis 1991. [2] Hien huet och d'Organisatioun Aica Luxembourg gegrennt, dei letzebuergesch Sektioun vun der internationaler Associatioun vun de Konschtkritiker. [3]

De Joseph-Emile Muller war e groussen Ennerstetzer vum Joseph Kutter an huet 1945, 1946, 1967 an 1981, am Ganze veier Monographien iwwer de Kutter erausginn.

1988 krut hien d' Paul-Henkes-Medail fir sain Engagement am Dengscht vun der Letzebuerger Kultur.

Seng lescht Joren huet hien am Hospiz vu Berbuerg verbruecht, wou e senger Sekretarin seng Biographie Zuerst im Schatten, dann im Licht dikteiert huet. Hien ass do den 31. Dezember 1999 gestuerwen.

Publikatiounen (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • "Robert Thill: "Joseph-Emile Muller (1911-1999) ? Vom linksradikalen Literaten zum profilierten Kunstkenner. Sein Einsatz fur deutsche Exilliteratur und antifaschistische Autoren in den 1930er Jahren." In: Aufbruche und Vermittlungen: Beitrage zur Luxemburger und europaischen Literatur- und Kulturgeschichte. Nouveaux horizons et mediations: Contributions a l'histoire litteraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. Herausgegeben von Claude D. Conter & Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthetis Verlag, 2010, S.535-556.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Romain Hilgert : Erinnerungen eines Intellektuellen und Kunstpapsts , d'Letzebuerger Land , 4. Februar 2000
  2. www.amisdesmusees.lu Archiveiert op 2012-01-27. Gekuckt de(n) 2010-01-24.
  3. www.aica-luxembourg.lu Archiveiert op 2009-08-05. Gekuckt de(n) 2010-01-24.