De
John Flamsteed
, gebuer den
19. August
1646
zu Denby/
Derbyshire
a gestuerwen den
31. Dezember
1719
zu
Greenwich
, war en engleschen
Astronom
.
De Flamsteed war
Diakon
an huet am Derbyshire gelieft bis hien op
London
beruff gouf. De
4. Maerz
1675
gouf hie mat engem kinneklechen Dekreet zum
The King's Astronomical Observator
, ≫Astronomeschen Observateur vum Kinnek≪ ernannt. Hie war den eischten
Astronomer Royal
(≫Kinneklechen Astronom≪) a krut eng Rent vun 100 Pond am Joer.
Op sai Virschlag gouf
1675
e weidere kinneklechen Dekreet ugeholl: d'Grennung vum
Royal Greenwich Observatory
, wou de Flamsteed am August de
Grondstee
geluecht huet. Am Februar
1676
gouf hie Member vun der
Royal Society
an am Juli ass hien an den Observatoire geplennert, wou hie gelieft huet bis hien
1684
zum Paschtouer vun de Pare
Burstow
an
Surrey
beruff gouf. Dese Beruff, an deen als
Astronomer Royal
, huet hie bis zu sengem Doud ausgefeiert. Am Joer
1720
gouf hien zu Burstow begruewen.
De Flamsteed ass och fir sai Strait mam
Isaac Newton
bekannt, deen deemools President vun der
Royal Society
war. De Newton huet versicht, e puer Observatioune vum Flamsteed ze klauen an als seng eegen auszeginn, wat him mat Hellef vun engem kinneklechen Edikt och gelongen ass. De Newton huet d'Observatioune vum Flamsteed publizeiert ouni de Flamsteed als Entdecker ze nennen. Joren duerno huet de Flamsteed dei meescht Kopie vun de Bicher zereckkaaft an effentlech virum Royal Observatory verbrannt.
Zu Eiere vum Flamsteed gouf speider e
Krater
um
Mound
no him genannt.
De Flamsteed huet d'Date vu ronn 2.800
Staren
, dei iwwer England ze gesi sinn, gesammelt. Hien hat se zum greisstem Deel mat Instrumenter observeiert, dei hie selwer gebaut hat. Hien hat e System entweckelt fir eng systematesch Benennung mat de sougenannte
Flamsteed-Nummeren
, deen och haut nach gebraucht gett.
An de Joren
1666
an
1668
berechent de Flamsteed d'
Sonnendaischterten
prezis viraus. Hie mecht och dei eischt Observatioun vum
Planeit
Uranus
, deen hien allerdengs fir e
Star
gehalen huet an als 34
Tauri
a sai Starekatalog opgeholl huet.
Portal Astronomie