Henri Koch (Politiker)

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Politiker Henri Koch. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Henri Koch .
Henri Koch
Gebuer 31. Mee 1910
Gestuerwen 17. Abrell 1987
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Politiker
Partei CSV

Den Henri Koch , gebuer den 31. Mee 1910 zu Mamer a gestuerwen de 15. Abrell 1987 [1] zu Esch-Uelzecht [2] , war e letzebuergesche Politiker ( CSV ) an Direkter vum Escher Jongelycee . [3]

Hien huet sai Secondairestudium am Athenaum gemaach an huet duerno zu Parais an zu Bonn studeiert. Hien huet sai Studium 1934 mat engem Doktorat an der Philosophie of geschloss. Duerno huet hie Geschicht, Latain an Daitsch enseigneiert. Sai Stage huet hien am Atheneum an der Stad Letzebuerg an zu Esch-Uelzecht an der Industrieschoul gemaach. 1936 krut hien eng Nominatioun als Repetent an 1938 als Professer an der Escher Industrieschoul, dei 1945 den Numm “Lycee de garcons d'Esch-sur-Alzette” krut. [1]

Hie gouf 1942 vun den Nazie festgeholl a koum an d' KZ Hinzert . Seng Fra a seng zwei Meedercher goufen an d'Lager vu Leubus a Schlesien deporteiert. Nom Doud vu senger zweeter Duechter, dem Christiane, ass den Henri Koch aus dem KZ entlooss an op Leubus bei seng Famill verluecht ginn; speider goufe si an d'Lager Boberstein am Riesengebirge transfereiert. [3] Am Mee 1945 ass d'Famill Koch zereck op Letzebuerg komm. [2]

Nom Zweete Weltkrich war hien ee vun de Matgrenner vun der Amicale vun de politeschen Deporteierten. [3]

Vun 1945 bis 1975 war hien Direkter vum Escher Jongelycee. [3]

Den Henri Koch war Member vum Escher Gemengerot vun 1964 bis zu sengem Doud. [2] De 6. Maerz 1980 ass hien an d' Chamber "nogeretscht" [4] , an d'Plaz vum Jean Spautz , dee Minister gouf, a blouf bis 1984 Deputeierten.

Den Henri Koch war Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal . [3] Hie war ee vun den Auteure vum Geschichtsbuch “ Altertum und Mittelalter ”, dem eischte Band vum “ Handbuch der Geschichte fur die Unterstufe der hoheren Schulen ” (1946), dat vun der 2. Oplo un “ Lehrbuch der Geschichte ” geheescht huet (1947-1965).

A senger Setzung vum 21. August 1998 huet den Escher Gemengerot enger Strooss am Quartier Sommet dem Henri Koch sain Numm ginn: rue Henri Koch (L-4354). [2]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Allamano, W. & G. Bernardini, 2013. Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Strassen . Esch-sur-Alzette, Polyprint, 256 S. [rue Henri Koch, S. 129-130].
  • Wagner E. , 1988. [A la memoire de] Henri Koch. Journal de l'APESS 8(1988), S. 37-38.
  • Wagner, E., 2001. A la memoire de Monsieur Henri Koch, directeur honoraire du LGE. In: Lycee de Garcons d'Esch-sur-Alzette: Vun der Industrieschoul zum Jongelycee vun Esch, 1901-2001. Luxembourg, 307-309.

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 Wagner 1988, 2001.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Allamano & Bernardini 2013, S. 129-130.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 C-1986-O-058-0001 Hommage a la memoire de M. Henri Koch. um Site vun der Chamber
  4. D'Chamberdokument Session ordinaire 1979-1980 op der Sait 111 gett den 9. Oktober 1979 un. An deser Lescht kann awer e Feeler ennerlaf sinn, well de J. Spautz ereischt am Maerz 1980 Minister genannt gouf. (Memorial A N°10 vum 03.03.1980). Aus dem Chamberdokument vun der Setzung vum 6.03.1980 geet kloer ervir datt hien deen Dag vereedegt gouf.