De
Fernand Boden
, gebuer den
13. September
1943
zu
Iechternach
, ass e
letzebuergesche
Politiker
[1]
.
De Fernand Boden huet seng Premiere am
Lycee classique zu Iechternach
gemaach an duerno op de
Cours superieurs
an op der
Universiteit vu Leck
Mathematik
a
Physik
studeiert, wouran en e letzebuergeschen Doktorat huet (duerch d'Gesetz vun der 'Collation des grades'). Tescht
1966
an
1978
war hie Professer am Iechternacher Lycee.
Seng politesch Karriar huet en
1970
als eischte Schaffe vun Iechternach ugefaangen (bis
1976
). 1978 ass hien op der Lescht vun der
CSV
an d'
Chamber
nogereckelt a gouf
1979
eremgewielt.
Hie war vum 17. bis den 19. Juli 1979 Deputeierten am
Europaparlament
[2]
.
Hie gouf Minister fir Erzeiung, Jugend an Tourismus an der
Regierung Werner-Thorn-Flesch
. Des Portefeuillen huet en och vun
1984
bis
1989
an der
Regierung Santer-Poos I
baibehalen.
1989 gouf de Fernand Boden Minister fir Familljen a Solidariteit, Mettelstand an Tourismus an der
Regierung Santer-Poos II
.
1994
koum d'Fonction Publique dobai. De
26. Januar
1995
gouf de
Jean-Claude Juncker
Premierminister
, an d'Ministeschposte goufe geannert. De Fernand Boden gouf Minister fir Landwirtschaft, Waibau a Landlech Entwecklung, fir Mettelstand an Tourismus a fir Wunnengsbau.
Tescht
1999
an
2004
, an der
Regierung Juncker-Polfer
, an tescht 2004 an
2009
, an der
Regierung Juncker-Asselborn I
, huet de Fernand Boden dei selwecht Portefeuille baibehalen.
No de
Chamberwale vum 7. Juni 2009
war de Fernand Boden, bis de 7. Oktober 2013, Deputeierten an der Chamber.
Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.
- ↑
De
Fernand Boden
um Site vum Europap-Parlament
- ↑
Les anciens Deputes luxembourgeois
op der Websait vum Europaparlament
- ↑
Distinctions honorifiques a l'occasion de la Fete Nationale
op der Sait 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Oktober 2022