Dashiell Hammett

Vu Wikipedia
Dashiell Hammett
Gebuer 27. Mee 1894
Baltimore
Gestuerwen 10. Januar 1961
New York
Doudesursaach Longekriibs
Nationaliteit USA
Aktiviteit Schreftsteller , Romancier, Dreibuchauteur , Journalist, Literaturkritiker, Prosaist
Partei Kommunistesch Partei vun den USA
Famill
Liewenspartner(in) Lillian Hellman

De Samuel Dashiell Hammett , gebuer de 27. Mee 1894 am Verwaltungsbezirk St. Mary's County a Maryland (USA) a gestuerwen den 10. Januar 1961 am Lenox Hill Spidol zu New York City war en US-amerikanesche Schreftsteller .

De Raymond Chandler iwwer den Dashiell Hammett:
Den Hammett huet de Mord zereckbruecht bei dei Zort Leit, dei mat wierkleche Grenn embrengen, an net nemmen, fir dem Auteur eng Laich ze verschafen .

Sai Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Dem Hammett sai Grafsteen am Arlington National Cemetery .

Den Dashiell Hammett war dat zweet vun drai Kanner vum Richard Hammett, engem Farmer a Lokalpolitiker, an der Annie Bond Dashiell, enger Infirmiere, dei meeschtendeels doheem war, fir sech em hir Kanner ze kemmmeren. Em 1900 huet de Richard Hammett ee fir hien ongleckleche Wiessel vun der Demokratescher Partei bei d'Republikaner gemaach, deen dozou gefouert huet, datt d'Famill huet missen d'Farm verkafen an aus der Klengstad plenneren.

No engem kuerzen Openthalt zu Philadelphia hu se sech zu Baltimore neiergelooss, wou dem Samuel sai Papp eng Plaz als Reesender fonnt hat.

Ma schonn 1908 huet de Papp aus Gesondheetsgrenn missen ophale mat schaffen, an de 14 Joer ale Samuel huet misse mat der Schoul ophale fir seng Famill z'ennerhalen. No e puer Jore mat schlechtbezuelten Aarbechtsplaze krut hien 1915 eng Plaz bei der Baltimore Agence vun der bekannter Detektei Pinkerton . Dat war an enger Zait, an dar et zu ville soziale Spannungen tescht de grousse Firmen an de Gewerkschafte koum. Sou waren d'Leit vu Pinkerton haaptsachlech als Streikbriecher beschaftegt.

Zu Butte am Montana krut den Hammett Suen ugebuede fir de Frank Little, en IWWW -Gewerkschaftschef emzebrengen. Wei de Little eng Zaitchen drop gelyncht gouf, hunn dem Hammett seng politesch Usiichte sech radikaliseiert an en huet bei Pinkerton opgehalen.

Am Eischte Weltkrich gouf den Hammett Sergeant an dem "Motor Ambulance Corps". Et war dei Zait, an dar d' Spuenesch Gripp sech weltwait ausgebreet huet. Den Hammett huet eng Gripp opgeraf, dei als Longenentzundung behandelt gouf an domat ausgoung, datt hien tuberkuloskrank war. Sou war hie fir de Rescht vum Krich an engem Spidol an Amerika a fir de Rescht vu sengem Liewen huet e sech misse mat de Follgen eremploen.

Nom Krich huet hien nees bei Pinkerton ugefaangen, huet ugefaange mat Drenken a mat Schreiwen.

Sai Schreiwen [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Pulp Magazine Black Mask , dat dei Zait vum Joseph Shaw editeiert gouf, koum am Dezember 1922 dem Hammett seng eischt Geschicht, The Road Home , enner dem Pseudonym "Peter Collinson" eraus. An der Oktober-Nummer 1923 vu Black Mask koum dei eischt Geschicht, Arson Plus , mam Continental Op eraus. Dat war e Personnage, deen an 28 Kuerzgeschichten an an zwei Romaner vum Hammett opdaucht. 1932 ass e Comic vum Alex Raymond erauskomm, Secret Agent X-9 , fir deen den Hammett den Text geschriwwen huet.
A sengem nachste Roman vun 1930 spillt den Detektiv Sam Spade d'Haaptroll. En desillusioneierten, rauen Eenzelganger, deen dacks laanscht d'Gesetzer hanteiert geet am The Maltese Falcon op d'Sich no dem Malteesesche Fallek , enger klenger Statu, mat dar eppes mei muss lass sinn. Bannent engem Joer kennt et zu siwen Oploen.

D'Romaner [ anneren | Quelltext anneren ]

Red Harvest (1929) [ anneren | Quelltext anneren ]

Den Donald Willson, deen a senger Zeitung ugefaangen hat, d'Korruptioun an der Stad Personville, och Poisonville genannt, opzedecken, gett dout opfonnt. Sai Papp, dee machtegste Mann aus der Geigend, engageiert en Detektiv, deen erausfanne soll, wie sai Jong embruecht huet. Den Ech-Erzieler ass den Detektiv, dee fir d' Continental Detective Agency schafft, an deem sain Numm ni genannt gett. E gett Continental Op genannt an am Laf vum Roman kritt de Lieser mat, datt e kleng, deck an ongefeier 40 Joer al ass.
No an no fennt den Detektiv eraus, wien a wat hanner deem Ganze stecht. Ma bis zum Enn leeft nach vill Blutt an d'Gullien.

The Dain Curse (1929) [ anneren | Quelltext anneren ]

The Malteses Falcon (1930) [ anneren | Quelltext anneren ]

The Glass Key (1931) [ anneren | Quelltext anneren ]

An enger US-amerikanescher Stad ass de Walkampf am Gaang an dem Senator Henry sai Jong, den Taylor Henry, lait op der Strooss an ass dout. Den Tayler war hanner dem "Big Boss" senger Seschter hier gewiescht, fennt den Detektiv, den Ned Beaumont eraus. De Paul Madwig, den ernimmte "Boss" gett de Muerd och zou, awer de Beaumont gleeft him naischt.

The Thin Man (1934) [ anneren | Quelltext anneren ]

Filmer [ anneren | Quelltext anneren ]

Dreibicher [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur zum Theema [ anneren | Quelltext anneren ]

Biographien [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Layman, Richard, Shadowman. The Life of Dashiell Hammett , 1981, Junction Books
  • Nolan, William F., Hammett. A Life at the Edge , 1983, Congdon & Weed
  • Johnson, Diane, The Life of Dashiell Hammett , 1984, Hogarth

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Dashiell Hammett ? Biller, Videoen oder Audiodateien