De
Grof Christian Marie Fernand de La Croix de Castries
, gebuer zu
Parais
den
11. August
1902
an och do gestuerwen den
29. Juli
1991
, war e franseischen Offizeier.
Hien huet aus enger Famill gestaamt, aus dar zanter e puer Generatiounen heich Offizeier ervirgaange waren, dovun ee
Marechal de France
enner dem
Louis de XIV.
Den de Castries koum mat 19 Joer bei d'franseisch Armei an ass op d'Cavalarieschoul vu
Saumur
gaangen, wou hien
1926
sain Offizeieschpatent krut. Hien huet dei Carriere awer dunn opgi fir am Reitsport aktiv ze ginn, wou hien
1933
mat 2,38 Meter e Weltrekord am Heichsprong um Paerd opgestallt hat.
Wei den
Zweete Weltkrich
ugefaangen huet, koum hien erem zereck bei d'Armei. Hie gouf
1940
vun der
Wehrmacht
gefaange geholl, konnt sech awer
1941
aus dem Stebs maachen a sech zu den Allieierten duerchschloen, op dar hirer Sait hien an
Nordafrika
,
Italien
a
Sudfrankraich
gekampft huet.
1946
gouf hien am Rang vu Lieutenant-Colonel an Indochina gescheckt. Do gouf hie blesseiert a koum fir ee Joer a Frankraich zereck, an ass duerno erem als Colonel zereck an Indochina gaangen.
Am Dezember
1953
gouf hie mat der Verdeedegung vu
Ði?n Bien Ph?
beopdraagt. Do gouf hien zum
Brigade-Generol
ernannt. No enger Belagerungszait vu 55 Deeg, huet d'Besatzung vum Camp sech der
Viet Minh-Armei
de
7. Mee
1954
missen erginn. Den de Castries war du veier Meint a Krichsgefaangeschaft, an dei Zait gouf zu
Genf
de Waffestellstand ausgehandelt.
Am Joer 1959 huet hien de Militardengscht mat dem Rang vun engem Generol verloss.
Mat him hat d'
Famill de La Croix de Castries
am Zaitraum vu 5 Joerhonnerten, Frankraich, ee Marschall, ee Marineminister, aacht
Generollaitnanten
, veier
Lieutenant-Gouverneuren
, a fennef
Chevaliere
geliwwert.