Aloyse Hentgen

Vu Wikipedia
Aloyse Hentgen
Gebuer 16. Juli 1894
Riedgen
Gestuerwen 1. Dezember 1953
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Politiker , Affekot
Partei CSV

Den Aloyse Hentgen gebuer de 16. Juli 1894 zu Riedgen , a gestuerwen den 1. Dezember 1953 an der Stad Letzebuerg [1] , war e letzebuergeschen Affekot a Wirtschafts- a Landwirtschaftsminister a Resistenzler .

Hien huet vun 1913 bis 1916 zu Parais an duerno zu Friburg an der Schwaiz Droit studeiert. Den 13. Juli 1917 huet e sain Eed als Affekot geleescht a gouf Member um Barreau vu Letzebuerg .

A senger Schuler- a Studentenzait war hie Member vun der pennaler "Landsmannschaft" a speiderer studentescher "Ferialverbindung" Amicita Luxemburgensis a vun 1917 un, war hien als President vum Akademikerverain engageiert, enger Studentenorganisatioun dei zwar offiziell onofhangeg war, u sech awer der Rietspartei an duerno dar hirer Nofollgerin CSV nostoung. Doduerch krut hie Kontakter an d'Politik a gouf do als "kathoulesch an nationalistesch" betitelt. En huet versicht, d' Marie-Adelaide geint d'Ugreff vun de Lenken ze verdeedegen a war als Konter-Revolutionnar a Reaktionar geint den Uschloss un d' Belsch . Bei de Chamberwalen 1934 gouf en dem Eugene Dondelinger sain Nofollger als Chamber -Deputeierte vun der Rietspartei am Sudbezierk.

Den 29. Februar 1920 huet en, mat nach anere Familljen, bei der Grennung vun der eischter Letzebuerger Assurancegesellschaft La Luxembourgeoise matgewierkt. Hie gouf do President vum Opsiichtsrot an duerno Administrateur-delegue ( 1923 : Division assurances, 1933 : Division banque).

Den 10. Dezember 1933 huet den Aloyse Hentgen d'Letzebuerger Basketball Federatioun matgegrennt a war do vun 1933 bis 1936 President vum Comite.

Um Haerz louch em och de Scoutissem . Sou war en e. a. virum Zweete Weltkrich Chef-Scout a vun 1944 bis 1948 Commissaire general vum Verband vun de Letzebuerger Scouten .

Am Zweete Weltkrich gouf den Aloyse Hentgen als Affekot vun der Lescht vum Barreau gestrach a vun der Gestapo mat senger Famill an Daitschland deporteiert ( 1942 - 1945 ). Virum KZ gouf e vum Dr Hedfeld vu Kaub , weinst enger Krankheet un dar en effektiv gelidden huet, gerett.

Nom Krich war den Aloyse Hentgen Fraktiounspresident vun der CSV. Hien huet 1948/ 1949 dei eischt Initiativ ergraff fir d'Grennung vun enger Jugendorganisatioun vu senger Partei am Sudbezierk. De 14. Juli 1948 gouf hie Wirtschafts- an Agrikulturminister an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson . No engem eischten Hiereschlag huet e sech den 2. September 1950 awer gezwonge gesi fir ze demissioneieren.

Den Aloyse Hentgen ass den 1. Dezember 1953 verscheet.

Gielercher [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Aloyse Hentgen ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 Doudesannonce vum Aloyse Hentgen am Luxemburger Wort vum 4. Dezember 1953 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 26. Juli 2022
  2. Odre de la Couronne de chene Auszeechnungen 1952 Memorial A N° 10 vun 1952 Archiveiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-04.