Utah

Vu Wikipedia
Utah
( Detailer ) ( Detailer )
Spetznumm: ' The Beehive State'

Lescht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad : Salt Lake City
Greisst Stad : Salt Lake City
Gouverneur : Spencer Cox
Flach :
 - Total:
 - Waasser:
Op 13. Plaz
219.653 km²
3,25 %
Bevelkerung :
 - Total:
 - Dicht :
Op 30. Plaz
3.271.616 (2020) [1]
15.33/km²
Opgeholl als Memberstaat : 4. Januar 1896 (45ten)
Zaitzon : UTC -7 bis -6

De Utah ass e Bundesstaat am Weste vun den USA .

Den Numm Utah ass op den Indianer -Stamm vun den Ute zereckzefeieren, dei do, nieft aneren, bis haut do liewen.

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

De Utah ass Noper mam Nevada , Idaho , Wyoming , Colorado , New Mexico an Arizona . Zesumme mam Colorado, New Mexico an Arizona huet de Utah e Veierlannereck . ( Four Corners ).

Am Osten an am Suden ass de Colorado-Plateau , am Westen d' Basin and Range Province . Tescht deenen zwou Groussregioune sinn d' Wasatch Mountains , dei d'Grenz maachen. D' Rocky Mountains ginn am Osten an Nordosten nach sou just bis an de Utah. Am Nordosten, an de Uinta Mountains , ass de Kings Peak (4123 m), den hechste Bierg vum Utah.

Demographie [ anneren | Quelltext anneren ]

De Utah huet 2,855 Milliounen Awunner (2012), wouvun iwwer 80 % an der Metropolregioun Wasatch Front enner der Westflank vun der Wasatchkette liewen. De Rescht vum Bundesstaat ass extreem denn bewunnt.

Ronn 60 % vun der Bevelkerung si Mormonen .

Arches-Nationalpark
Bryce-Canyon-Nationalpark
Monument Valley

Kuckeswaertes [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Utah sinn dei heiten Nationalparken:

De Monument Valley ass keen Nationalpark a gett autonom vun den Indianer, dei do wunnen, verwalt.

Zu den National Monuments zielenː

  • Cedar Breaks National Monument
  • Dinosaur National Monument
  • Grand Staircase-Escalante National Monument
  • Natural Bridges National Monument
  • Rainbow Bridge National Monument
  • Timpanogos Cave National Monument

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Utah ? Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. https://www.census.gov/quickfacts/fact/table/UT/PST045222