|
Desen Artikel muss nogekuckt an iwwerschafft ginn, weinst Onkloerheeten a partielle Widdersprech. Kuckt dozou och an d'
Diskussioun
|
Theo Kerg
|
---|
Pseudonym
|
Kerg, Theo
|
---|
Gebuer
|
2. Juni
1909
Nidderkuer
|
---|
Gestuerwen
|
4. Maerz
1993
Chissey-en-Morvan
|
---|
Nationaliteit
|
Letzebuerg
|
---|
Educatioun
|
Ecole nationale superieure des beaux-arts
|
---|
Aktiviteit
|
Sculpteur, Moler, Graveur, Glaskenschtler
|
---|
|
Den
Theo Kerg
, gebuer den
2. Juni
1909
zu
Nidderkuer
, a gestuerwen de
4. Maerz
1993
zu
Chissey-en-Morvan
an der
Bourgogne
a
Frankraich
, war e
letzebuergesche
Moler
,
Sculpteur
,
Graveur
a
Glasmoler
.
Den Theo Kerg koum als Bouf vum
Schoulmeeschter
, Komponist an Organist Jean Kerg (1866-1937) zu Nidderkuer op d'Welt
[1]
an ass zu
Esch-Uelzecht
an d'
Industrieschoul
gaangen, wou hie seng Premiere gemaach huet.
1929 koum hien op
Parais
, wou hien op der
Ecole superieure des beaux arts
, der
Sorbonne
an dem
Institut d'art et d'archeologie
studeiert huet.
1932-33 war hie Schuler vum
Paul Klee
a vum
Oscar Moll
op der
Kunstakademie Dusseldorf
.
1941 gouf den Theo Kerg Konschtprofesser an der Industrieschoul zu Esch-Uelzecht
[2]
.
1943 gouf hien als Protest geint d'Besatzung seng Demissioun
[3]
, huet zu
Biwels
en Haus kaaft, wou hien nieft der Molerei vun der Landwirtschaft wollt liewen
[4]
. Am Juni 1944 ass en op Biwels geplennert, wou hien am Duercherneen no der Liberatioun duerch d'Amerikaner den 10. September 1944 vun der
Veianer Miliz
verhaft gouf. Ouni Prozess souz den Theo Kerg am Ganze 15 Meint am Prisong, um Ufank zu
Dikrech
, duerno am
Stadgronn
. Sain Haus an de greissten Deel vu sengem Wierk goufen duerch de Krich zersteiert.
1946 huet e ruineierten Theo Kerg Letzebuerg verlooss. Hie wollt a
Venezuela
auswanderen, ass dunn awer zu Parais hanke bliwwen, wou de
Paul Eluard
hie mat Optrag iwwer Waasser gehalen huet a wou hie sech definitiv etableiert huet.
[5]
De 14. Dezember 1948 ass den Theo Kerg zu Letzebuerg vun engem "Tribunal sommaire" weinst senger Haltung am Krich zu 10 Meint Prisong verurteelt ginn.
[6]
Hien huet mat bedeitende Kenschtler a Schreftsteller geschafft a korrespondeiert wei z. B. de
Jean Cocteau
, de
Leopold Sedar Senghor
an den
Herve Bazin
[7]
.
Seng lescht drai Joer huet den Theo Kerg zu Chissey-en-Morvan an der
Bourgogne
gelieft.
Den Theo Kerg huet sech u mei wei 300 kollektiven Ausstellungen a Konschtbiennale bedeelegt. Dobai komme ronn 150 individuell Ausstellungen. Hie war de Grenner vum
Taktilismus
.
Sai Wierk gett an enger permanenter Ausstellung am
Musee Theo-Kerg
an engem restaureierte Fachwierkbau matzen an der Alstad vu
Schriesheim
presenteiert.
1934-35 war hie Member vun der Beweegung "Abstraction-Creation" zu Parais. 1937 huet hie sech un der Ausstellung "Art mural" zu Parais bedeelegt.
Den Theo Kerg huet enner anerem d'Fensteren aus Glasbetong an de Mobilier an der
Zenser Kierch
realiseiert.
[8]
Am Joer 1982 huet den Theo Kerg eng Aarbecht fir dei franseisch-Schwaizer Konschtrevue TROU realiseiert.
[9]
Fir eng limiteiert Oplo vun 100 Steck (vergraff) huet hien eng Originalgraphik gemoolt
[10]
.
Zwanzeg Joer nom Theo Kerg sengem Doud huet den
Nationalmusee fir Geschicht a Konscht
zesumme mam
Cercle-Cite
eng Ausstellung vu sengen Nokrichswierker organiseiert. D'Ausstellung leeft enner dem Titel
Theo Kerg, 1909-1993: de l'Ecole de Paris au tactilisme
.
[11]
- 1935 Medaille d'or op der
Weltausstellung
zu
Breissel
.
- 1950 Hallmark-Prais zu Parais.
- 1951 Eischte Prais op der Biennale zu
Genua
(Sektioun
Bianco e Nero
).
- 1952 Galerie Wildenstein zu
New York
, selektioneiert fir den Hallmark-Prais, ausgestallt an iwwer 20 Museeen uechtert d'
USA
.
- 1953 Noceto Prix San Marino.
- 1953 2. Prais bei der
Exposition internationale
zu
Parma
.
- 1955 Prix "Un ami des artistes" am
Grand Palais
zu Parais (Societe nationale des beaux arts).
- 1956 Salon de la Marine 1955-56 zu Parais, Auszeechnung "Felicitations du jury".
- 1957 Goldmedail op der VIe Mostra Nazionale del Disegno e dell Incisione, Reggio Emilia.
- 1957 Prix pour la France vum Ministere des affaires culturelles zu Parais.
- 1958 Mentioun um Salon de la marine zu Parais, secretariat de l'Etat a la marine, ministere de la marine.
- 1958 Perseinlech Ausstellung zu Breissel, Prix de la critique belge.
- 1968 Medaille d'argent op der Targa Internazionale "Europa Arte", Annuale Italiana d'Arte Grafica zu
Ancona
.
- 1969 Prix aux Floralies internationales zu Parais.
- 1971 Medaille d'argent pour le design du verre, (vitrail), 15 mai 1971, zu
Montrouge
.
- 1971 Prix signatures, categorie abstraite, Premier prix, Centre culturel de
Meudon
, 6 janvier 1972.
- 1971 IVe Biennale azureenne de peinture et de la sculpture zu
Cannes
, Grand prix de la biennale.
- 1978
Auszeichnung mit Plakette guter Bauten
an der
Trauerhalle
zu
Mannheim
, Bund Deutscher Architekten + Land Baden-Wurtemberg.
- Eluard, Paul
, 1947. Dignes de vivre. [vingt bois originaux de Theo Kerg]. Porrentruy: Ed. des Portes de France. 135 p.* Anonym, 1950. Theo Kerg, l'Effronte.
Rappel, Organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et deportes politiques
no 11: 663-664.
- Feltes, Patrick H., 2010. Wandern zwischen Figuration und Abstraktion: Theo Kerg - ein grosser Moderner aus Luxemburg.
Opus: Kulturmagazin
Nr. 19: 50-51. Saarbrucken.
- Hengen, Emile, 2009. Das verkannte Genie / In diesem Monat ware der luxemburgische Kunstler Theo Kerg 100 Jahre alt geworden.
Tageblatt
, 17. Juni 2009, N° 139, S. 18.
- Jeck, Marc, 2010. Pleins feux sur Theo Kerg: il y a 80 ans, l'artiste luxembourgeois fait une apparition fulgurante dans la vie culturelle parisienne.
Die Warte
Jg. 62, Nr. 27 = n° 2305 (7. Oktober), pp. 11?13, ill. Luxembourg.
- Kayser, Lucien, 2009. face a face: la fonction publique et l'art luxembourgeois.
Confederation generale de la fonction publique
. Letzebuerg.
ISBN 978-2-87954-212-6
. (Ss. 44-45)
- Kerg, Carlo, 2013. Theo Kerg: peintre, sculpteur, graveur, verrier d'art 1909-1993: chronologie d'une vie et d'une oeuvre. Luxembourg: C. Kerg, Petange, Heintz. 297 p.
ISBN 978-99959-0-053-3
.
- Kerg, Theo, 1982. Du neant nait une oeuvre.
Trou
Nr. III: 48-49. Moutiers, Editions de la prevote.
- Kiby, Ulrika, 1988. Theo Kerg: ein Leben fur die Kunst.
Letzebuerger Almanach
’89, S. 282-292. G. Binsfeld, Luxembourg.
- Lech, P., 2006. Chronique de l'Association des professeurs de l'enseignement secondaire et superieur. In: 100 ans. Chronique de l'APESS. Diekirch, Editions de l'APESS, S. 183.
- Lorent, Catherine
, 2012. Die nationalsozialistische Kunst- und Kulturpolitik im Großherzogtum Luxemburg 1934-1944. Kliomedia, Trier.
ISBN 978-3-89890-173-4
.
- Rolland, Marie-Laure, 2009. Le premier peintre abstrait luxembourgeois.
Luxemburger Wort
vum 2. Juni 2009, Sait 13, Rubrik "La vie culturelle".
- Salm-Salm, Marie-Amelie zu, 2013. Theo Kerg, 1909 - 1993: de l'Ecole de Paris au tactilisme. Publications du Musee national d'histoire et d'art Luxembourg n° 22. Musee national d'histoire et d'art & Cercle-Cite, Impr. Centrale, Luxembourg. 93 p.
ISBN 978-2-87985-257-7
.
- Walentiny, Joseph, 1993. In memoriam Theo Kerg (1909-1993).
Die Warte
Jg. 46, 25. Marz, N° 11: 2. Letzebuerg.
- Wehenkel, Henri
, 2014. Theo Kerg, l'homme qui fache.
d'Letzebuerger Land
10. Januar 2014, S. 13.
- Weides, Fernand
, 2009. Presentatioun vun der Biographie vum Theo Kerg an der Emissioun "Rendez-vous an der Galerie" (Dauer 10 Minutten) um
Radio 100,7
den 1. Juni 2009 em 18 Auer 30.
- Dornand Guy
. Theo Kerg ein Maler aus Niederkorn.
Revue (Zaitschreft)Revue
N°11 vum 12 Maerz 1955 Saite 16-18.
- ↑
Den Theo Kerg war den
Neveu
vum Journalist a Schreftsteller
Mathias Tresch
(1876-1942).
- ↑
Cf. Lech 2006: 183 an der Literatur.
- ↑
theokerg.com Biographie
archiveiert Versioun
:
1940: Luxembourg: decembre 15, Theo Kerg recoit sa carte de membre du VDB. L'occupant oblige les instituteurs et professeurs, sous peine de deportation vers l'Allemagne, de devenir membre de cette organisation. Theo Kerg en sera membre jusqu'au jour de sa demission, le 3 juillet 1943 (no.de la carte 8102).
1943: Luxembourg: le 3 juillet, Theo Kerg introduit sa troisieme demande de demission de son poste de professeur de dessin. Cette demission est acceptee par l'occupant et prend effet le 1er octobre 1943. (Archives Theo-Kerg)
- ↑
Den 8. Juli 1943 huet hien zu Biwels en Haff mat Stall, Scheier an Terraine kaaft. D'Embauaarbechten hu sech bis de 17. Juni 1944 gezunn.
- ↑
Cf. Eluard 1947 an der Literatur.
- ↑
Anonym 1950 a Lech 2006 an der Literatur
- ↑
Den Theo Kerg huet Uelegbiller vum Leopold Sedar Senghor a vum Herve Bazin gemoolt.
- ↑
Marc Jeck 2011:
Sakrale Kunst in Luxemburg. Gefuhrte Besichtigung der Heilig-Geist-Kirche in Luxemburg-Cents am morgigen 7. August.
Luxemburger Wort
vum 6. August 2011, S. 18.
- ↑
Cf. Kerg 1982 an der Literatur.
- ↑
An der selwechter Editioun vun TROU si Kreatioune vu Jean Lecoultre, Alicia Penalba, Jean Bouhier an Vinko Globokar dran.
- ↑
Presentatioun vun der Ausstellung um Site vum
MNHA
archiveiert Versioun