E
Schaltjoer
ass e
Joer
mat 366 amplaz vun 365 Deeg.
Zanter der Afeierung vum
gregorianesche Kalenner
gellt:
- Nemme Joren, dei ouni Rescht duerch 4 deelbar sinn, si Schaltjoren.
- Ausnam: Joren, dei ouni Rescht duerch 100 deelbar sinn, si keng Schaltjoren.
- Ausnam zur Ausnam: Joren, dei ouni Rescht duerch 400 deelbar sinn, si Schaltjoren.
Sou war d'Joer
2000
e Schaltjoer weinst der 3. Reegel,
1900
dogeint war keent weinst der 2. Reegel.
De
julianesche Kalenner
, de Virganger vum gregorianeschen, huet nemmen dei eischt Reegel kannt.
E Joer op der Aerd huet genee 365,2422
Deeg
. Am julianesche Kalenner hat e Joer am Duerchschnett eng Langt vun 365,25 Deeg, an dat huet am Laf vu 15
Joerhonnerten
zu engem Ennerscheed vun 10 Deeg gefouert. De gregorianesche Kalenner huet desen Ennerscheed duerch e Joer mat 10 Deeg manner ausgeglach, an zwar
1582
, wou nom
4. Oktober
direkt de
15. Oktober
koum. Zanterhier huet d'Joer am Duerchschnett 365,2425 Deeg. Dat ass zwar emmer nach ze vill, ma ereischt an 10.000 Joer entsteet e Feeler vun 3 Deeg.
De Schaltdag ass deen Dag, deen an engem Schaltjoer baigesat gett.
Deen Dag gett am
Februar
baigefleckt, soudatt an engem Schaltjoer de Februar 29 amplaz vun 28 Deeg, huet.