한국   대만   중국   일본 
Robert Schuman ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Robert Schuman

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Politiker Robert Schuman. Fir de Komponist, kuckt wgl. Robert Schumann .
Robert Schuman
De Robert Schuman 1958 bei der Iwwerreechung vum Karlsprais.
Gebuertsnumm Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman
Gebuer 29. Juni 1886
Letzebuerg
Gestuerwen 4. September 1963
Scy-Chazelles
Nationaliteit Frankraich , Daitschland
Educatioun Universiteit vu Stroossbuerg ,
Universiteit Bonn,
Humboldt-Universiteit Berlin ,
Universiteit vu Munchen ,
Stater Kolleisch
Aktiviteit Politiker , Diplomat, Affekot
Partei Mouvement republicain populaire
Sai Gebuertshaus an der Rue Jules-Wilhelm.

De Robert Schuman , gebuer den 29. Juni 1886 am Faubourg Clausen an der Stad Letzebuerg , a gestuerwen de 4. September 1963 zu Scy-Chazelles bei Metz , war e franseische Politiker .

Als franseischen Ausseminister huet de Schuman d'Grennung vun der CECA , der eischter Europaescher Communauteit, an d'Weeer geleet (kuckt: Schuman-Deklaratioun ). Speider war de Schuman President vum Europaesche Parlament . Hie gellt, mam Jean Monnet , als ee vun de Grennungspapp vun der Europaescher Unioun .

Liewenslaf [ anneren | Quelltext anneren ]

De Jean-Baptiste Nicolas Robert Schuman koum 29. Juni 1886 a Clausen op d'Welt. Sai Papp war de Jean-Pierre Schuman, e Loutrenger vun Evrange , direkt hanner Freiseng , a seng Mamm war d'Eugenie Duren (1864-1911), enger gebierteg Beetebuergerin . [1] Well Loutrengen deizait deelweis daitsch war hat de Robert Schuman bis nom Eischte Weltkrich dei daitsch Nationaliteit.

Vun 1896 - 1903 war hie Schuler am Kolleisch an der Stad Letzebuerg, wou hie seng Premiere gemaach huet. An deser Zait gouf hien een aktive Member an der pennaler "Landsmannschaft" a studentescher "Ferialverbindung"  Amicitia Luxemburgensis , dei de 4. September 1890 am Noperquartier Pafendall gegrennt gi war. Ee Joer mei speit huet hien dei daitsch Premiere ( Abitur ) um keeserleche Gymnasium zu Metz gemaach.

1904 huet en e Studium op der Uni Bonn ugefaangen, an an de Joren duerno huet en Droit zu Munchen , Berlin a Stroossbuerg studeiert. Warend sengem Studium war hien emmer aktive Member an der lokaler Studenteverbindung vum Verband der Wissenschaftlichen Katholischen Studentenvereine Unitas , esou e. a. an der bekannter Unitas-Salia Bonn . 1908 huet hien den eischte Staatsexamen an e Stage (Referendariat) zu Metz gemaach. 1910 krut hien d'Promotioun als Dr. iur. "summa cum laude".

1911 ass seng Mamm gestuerwen, an de Schuman huet mam Gedanke gespillt, Paschtouer ze ginn. Ma et kennt ganz anescht: 1912 huet hien den zweete Staatsexamen gemaach a gouf Affekot zu Metz.

1913 war de Schuman President vun der Organisatioun vum Daitsche Katholickekongress zu Metz.

Vun 1914 bis 1918 huet en zu Boulay an der Sous-prefecture geschafft a gouf 1918 Member vum Metzer Gemengerot.

Nodeem Elsass-Loutrengen 1919 erem franseisch gouf, krut en d'franseisch Nationaliteit a war, vun 1919 bis zu senger Verhaftung 1940 duerch d' Gestapo , Deputeierte fir d' Union Republicaine Lorraine an der Assemblee Nationale , dem franseische Parlament .

Vun 1928 bis 1936 war de Schuman President vun der parlamentarescher Kommissioun 'Alsace-Lorraine', zaitweileg och Vizepresident vun der Assemblee Nationale.

Vun 1940 bis 1942 souz hien zu Metz an zu Neustadt an der Weinstraße am Prisong, ma konnt vun do fortlafen an ennerdauchen.

Nom Krich 1945 war hien op en Neits Deputeierten am franseische Parlament, als President vun der Finanzkommissioun.

1946 gouf de Schuman Finanzminister a vun 1947 bis 1948 Ministerpresident vu Frankraich.

Vun 1948 bis 1952 war de Schuman Ausseminister an aacht Regierungen, dei ni laang gehalen hunn.

Den 9. Mee 1950 koum et zur historescher Schuman-Deklaratioun fir Europa nei opzebauen, andeems mat der CECA sollt ugefaange ginn. D'Zil wier eng Federatioun vun Europa . Den 18. Abrell gett de CECAs-Traite zu Parais ennerschriwwen.

1952 gouf d' Europaesch Communauteit fir Stol a Kuel Wierklechkeet, ma seng Virstellungen iwwer eng Europaesch Communauteit ass villen a Frankraich ze wait gaangen an hien huet misse sain Amt neierleeen.

1953 gouf d'Stroossbuerger Konventioun fir Menscherechter a biergerlech Grondfraiheeten , dei vum Schuman maassgeeblech mat ausgeschafft gouf, vu 26 europaesche Staaten ennerschriwwen.

1955 war de Schuman Justizminister.

Vun 1953 bis 1958 huet hien eng Retsch Virtrag a ganz Europa gehalen, fir Ennerstetzung vu senger Iddi vun engem geeenten Europa ze fannen.

D'Graf vum Robert Schuman an der Kierch zu Scy-Chazelles mat de Fandele vun de Lanner aus der Europaescher Unioun

Vun 1958 bis 1960 war de Schuman zum President vum Europaesche Parlament . D' Traitee vu Roum vun 1957 hunn Europa op dee Wee zereckgefouert, deen de Papp vun Europa schonn a senger Deklaratioun vum 9. Mee 1950 ageschloen hat.

1958 krut hien de Karlsprais vun der Stad Oochen an 1959 den Erasmus -Kulturprais zesumme mam Karl Jaspers .

De Robert Schuman ass de 4. September 1963 zu Scy-Chazelles gestuerwen. No engem feierleche Laichendengscht an der Kathedral vu Metz gouf hien um Kierfecht vu Scy-Chazelles begruewen. 1966 goufe seng stierflech Iwwerreschter an d' Kierch Saint-Quentin transfereiert. Just nieft der Kierch, steet d'Haus an deem hie bis zur Lescht gewunnt huet. Haut ass e Musee an deem Haus.

Eierungen [ anneren | Quelltext anneren ]

Den 13.Juli 1949 gouf hie vum Buergermeeschter Emile Hamilius zum Eierebierger vun der Stad Letzebuerg ernannt. [2]

No him genannt [ anneren | Quelltext anneren ]

Fir zu Letzebuerg un de Robert Schuman z'erenneren sinn eng Plaz an eng Rei Stroossen no him benannt: zu Beetebuerg , Diddeleng , Esch-Uelzecht , Freiseng , Hielem , op der Kockelscheier , zu Ollem , Peiteng , Schuller , Zolwer an an der Stad . Ausserdeem droe e Verwaltungsgebai an eng Spidolsgrupp sain Numm.

Bibliographie [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Besch, A. , 2017. Die familiaren Wurzeln von Robert Schuman. In: Beetebuerg am Laf vun der Zait - Notizen iwwer d'geschichtlech Entwecklung vu Beetebuerg, Fenneng, Hunchereng, Naerzeng an Obeler, Band VI. Beetebuerg, Geschichtsfrenn vun der Gemeng Beetebuerg, S. 64-73.
  • Haag, Emil : Robert Schuman * 1886 1963: son empreinte luxembourgeoise In: Une reussite originale - Le Luxembourg au fil des siecles (Ss 456-465); Letzebuerg (Editions Guy Binsfeld), 2011; 576 Saiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • Trausch, G. , 1995. Robert Schuman et le Luxembourg. Quelques reflexions critiques. In: Un passe reste vivant. Melanges d'histoire luxembourgeiose. Lions Club Luxembourg Doyen. S. 143-154. ISBN 2-87982-059-6 . (Fir d'eischt publizeiert am Luxemburger Wort vum 28. Juni 1986).
  • Majerus, Jean-Marie 2003. Robert SCHUMAN 1886-1963. In: 400 Joer Kolleisch, Band II, S. 351-353. editions saint paul, Letzebuerg. ISBN 2-87963-419-9 .
  • Sangaletti, Cedric, 2008. Robert Schuman. In: Lieux de memoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg . 2. Editioun, S. 127-132. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, editeurs. editions saint-paul, Letzebuerg.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Robert Schuman ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Besch 2017, S. 66 an 68.
  2. LW vum 14.07.1949 Archiveiert de(n) 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-10-21.