Diddeleng

Vu Wikipedia
Diddeleng
Vue op Diddeleng
Aussprooch
An anere Sproochen fr : Dudelange
de : Dudelingen
Land Letzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Diddeleng
Buergermeeschter Dan Biancalana (LSAP)
Awunner 21.953
  1. Januar 2023
Flach 838,8123 ha
Heicht 295 m
Koordinaten 49° 28’ 56’’ N
      06° 05’ 04’’ O
Den RTL-Antennepotto um Ginzebierg.

Diddeleng ass eng Kadastersektioun an der Gemeng Diddeleng dei, bis Diddeleng de 4. August 1907 eng Stad gouf, nieft Butschebuerg a Biereng eng vun den drai Uertschaften an der Diddelenger Gemeng war. Diddeleng ass eng vun den 12 Stied am Groussherzogtum Letzebuerg .

Zu Diddeleng stoung dei eischt modern integreiert Schmelz vu Letzebuerg an dofir gett d'Stad och nach Forge du Sud genannt.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Diddelenger Schmelz .

Geographesches [ anneren | Quelltext anneren ]

Diddeleng lait am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaseng um Bord vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach .

De Sude vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Heichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander a vun der Uelzecht .

Topographesches [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg , ee sougenannten Emlafbierg , mat enger Heicht vu 405 m, op deem Iwwerreschter vun enger Buergruin a reimescher Festung ze fanne sinn.

Dei hechst Plaz ass de Ginzebierg deen eng Heicht vu 424 m ( NG-L ) huet, an enner deem op engem Plateau op enger Heicht vu 417,5 Meter den RTL's-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op mei wei 20 km gesi kann.

Den deifste Punkt ass am Thilleweier op der franseischer Grenz op 256 m.

Kuckeswaertes [ anneren | Quelltext anneren ]

Bekannt Diddelenger [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur zum Theema [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Diddeleng - Gescht an haut ; Editions Schortgen, 2020; Bildband vun 240 Saiten.
  • 100 Joer Diddeleng , Bailag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.
  • Dudelange, l'usine centenaire ; Letzebuerg, Arbed s.a., 1982, 219 S.
  • Krantz, Robert , Koerperich, Leon : Dudelinger Chronik , Band I, Aus dem Mittelalter in die Neuzeit (798-1907) ; Esch-Uelzecht, Imprimerie cooperative luxembourgeoise, 1980
  • Krantz, Robert, Koerperich, Leon, Conrardy, Jean-Pierre: Dudelinger Chronik , Band II, 75 Jahre Stadt Dudelingen (1907-1982) & 100 Jahre Dudelinger Hutte (1882-1982) ; Esch-Uelzecht, Editpress, 1982
  • Weber, Albert , Dudelingen - vom Dorf zur Stadt. Beitrage zur Dudelinger Lokalgeschichte ; (ouni Datum; 1985), erausgi vun der Stadverwaltung vun Diddeleng a vun der Kulturkommissioun; 227 S., ill..

Historesch Biller [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. cf. Antoinette Lorang : Die marchenhafte Villa des Dr Urbany ; in La maison d'en face. Das Haus gegenuber. Sait 149-152, Editions Le Phare, Esch-Uelzecht, 1995, 202 S. ISBN 2-87964-031-8
  2. De Schlakentipp war deemools beim Schwaarze Wee ier en op Butschebuerg verluecht gouf. Enn den 1980er ass deen Tipp ofgedroe ginn a mat him ass och de Schwarze Wee verschwonnen, respektiv gouf d'Route de Thionville ( CR190 ).