|
Dese
Sportsartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
Reitsport
ass en Deelberaich vum
Sport
a begraift all sportlech Disziplinnen dei mat den athleeteschen an estheetesche Faegkeete vum
Paerd
ze dinn hunn. D'Kompetitiounen an deenen Disziplinne ginn
Turneier
genannt.
Drai Disziplinne vum Reitsport zielen zu den
Olympesche Sportaarten
: d'
Dressurreiden
, den
Eventing
an d'
Hindernissprangen
.
Kompetitioune bei deenen et drem geet esou seier wei meiglech an d'Zil ze kommen, sinn eng Kategorie fir sech a geheieren net zum Reitsport.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Paerdscourse
.
Eischt Hiweiser datt op Paerd geridde gouf, stamen aus der Zait em 3500 v. Chr. Coursse mat
Straitween
ware ganz popular am anticke
Griicheland
an ee vun den Highlights vun den
Olympesche Spiller vun der Antik
.
Och wa sech dei modern olympesch Disziplin vun der Dressur daitlech weiderentweckelt huet, leien hir Wuerzelen am Wierk ?Iwwer d'Reitkonscht“ vum algriichesche
Schreftsteller
Xenophon
( * ?430-425 v. Chr.; † ? 354 v. Chr.), dee sech mat der Ausbildung vun de Paerd beschaftegt huet.
D'Hindernissprangen ass entstane wei
Zenk
an der
englescher
Landschaft opgeriicht goufen, an d'
Fuussejeeer
sech doweinst no anere Paerd emgekuckt hunn, dei sprange konnten. Awer ereischt an der zweeter Hallschent vum
19. Joerhonnert
, haaptsachlech op der
Dublin Horse Show
am Joer 1869, gouf d'Sprange fir d'Zuschauer ugepasst, andeems an der Arena Hindernisser fir den
Horse Leaping
opgeriicht goufen.
Den deemolege Military, haut Eventing, gouf ursprenglech entweckelt fir d'
Kavalleriespaerd
ze testen an ze prepareieren; den eischten Turneier war 1902.
An der Dressur gett et eng Retsch Aufgaben, bei deenen d'Paerd an de Reider Punkte fir d'Ausfeiere vun Ubunge mat bestemmte festgeluechte Beweegunge kreien.
Beim Sprange muss de Reider mat sengem Paerd probeieren op engem verschriwwene Parcours eng Rei Hindernisser (Zenk) z'iwwerwannen, ouni datt se emfalen.
Den Eventing besteet aus drai verschiddenen Disziplinnen: enger Dressuraufgab, dem Cross-Country-Reide geint d'Zait op engem Parcours vu 6 km mat ronn 30 festen Hindernisser an dem Sprangen.
Virun all Disziplin muss d'Paerd vun engem
Veidokter
ennersicht a fir d'Kompetitioun zougelooss ginn. Am Sprangen an am Cross Country gett et Strofpunkte wann e Paerd en Hindernis bereiert, et verpasst oder refuseiert driwwer ze sprangen.
De Reitsport war fir d'eischt op de
Summerspiller 1900
zu
Parais
um Programm, mat den Disziplinne Sprangen a
Polo
. Bei de Spiller 1904 gouf d'Reiden ewechgelooss an 1908 war just nach Polo um Programm.
Dei eischt Dressur-, Eventing- a Sprangturneier goufen
1912 zu Stockholm
agefouert a sinn zenterhier fest am Olympesche Programm dran. De Polo war sporadesch um Programm (am Ganze fennefmol), ier en no
Olympia 1936
zu Berlin definitiv ofgeschaaft gouf.
Am Reitsport waren uganks just Manner zougelooss, dei entweeder
Offizeier
oder ?Gentlemen“ hu misste sinn. Dei Restriktioun gouf 1951 opgehuewen, an
1952 zu Helsinki
waren nieft de Manner och Fraen an der Dressur zougelooss.
1956
konnten d'Fraen och am Sprangen an
1964
am Eventing matmaachen.
Den Olympesche Programm huet sech am Laf vun de Jore kaum verannert, an zenter
Amsterdam 1928
ginn an den drai Disziplinne souwuel Eenzel- wei och Ekippemedaile verginn.
An der Dressur gett e Grand-Prix-Test organiseiert, deen als Qualifikatioun fir d'Eenzel- an d'Ekippenturneier zielt. De
Grand Prix Special
decideiert dann iwwer d'Ekippemedaile an d'Grand-Prix-Kur ? mat Musek a 16 obligatoresche Beweegungen ? iwwer d'Eenzelmedailen.
Am Eventing sinn d'Reider mat hirem Paerd drai Deeg am Asaz: Dressur, Cross Country a Sprangen. D'Ekippewaertung gett iwwer d'Zomm vun den Eenzelwaertunge bestemmt. Dei eischt 25 Reider-Paerd-Duoen duerchlafen en zweete Parcours mat deem dann d'Eenzelmedaile vergi ginn.
D'Eenzelkompetitioun am Sprangen ass virum Ekippeconcours, a 75 Duoe ginn un de Start. Den eischten Dag ginn zwein Duerchleef organiseiert an dei 30 Bescht kommen den Dag duerno an d'Finall. Am Ekippenturneier sinn 20 Ekippe mat drai Duoe pro Natioun derbai. Si sprangen all eemol an der Qualifikatioun, woubai dei 10 Bescht an d'Finall kommen. An der Finall entscheet d'Gesamtwaertung iwwer d'Medailen. Bei engem
Ex aequo
falt d'Decisioun an engem Stieche geint d'Zait.
Zu Letzebuerg gett et eelef Reitclibb dei am nationale Verband federeiert sinn.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Federation luxembourgeoise des sports equestres
.