Portugal

Vu Wikipedia


Republica Portuguesa

Portugisesche Fändel

Portugisesche Wopen

Detailer

Detailer
National Devise : keng
Offiziell Sprooch : Portugisesch , Mirandeesesch
Haaptstad : Lissabon
 • Awunner: 509751
 • Koordinaten: 38º42'N, 9º11'W
Staatsform: Republik
 • President: Marcelo Rebelo de Sousa
 • Premierminister: Luis Montenegro
Flach: 92 090 [1] km²
Bevelkerung: 10 599 095 [2]
 • Bevelkerungsdicht: 115/ km²
Nationalfeierdag: 10. Juni , Dia de Portugal
Nationalhymn: A Portuguesa
Lauschteren
Warung : Euro (EUR)
Zaitzon : UTC 0 (+1 am Summer)
Internet TLD : .pt
Internationalen
Telefonsprefix
:
+351

D' Portugisesch Republik ( Republica Portuguesa ) oder och einfach nemme Portugal , ass e Staat am Sudweste vun der ibeerescher Hallefinsel . E gett am Westen an am Sude vum Atlanteschen Ozean , am Osten an am Norde vu Spuenien begrenzt. Donieft geheieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den Azoren souwei Madeira . Westlech vun der Haaptstad Lissabon lait Cabo da Roca , dee westlechste Punkt vum europaesche Festland.

Den Numm Portugal entstaamt dem Numm vun der Siidlung Cale am Delta vum Floss Douro . Cale keint e griichescht Wuert sinn ( Kalles = "schein") a sech op d'Scheinheet vun der Natur am Norde vum Portugal vun haut bezeien, deen d' Griichen deemools koloniseiert haten. Aner Historiker mengen, datt Cale aus dem Phonizesche keim, well d'Phenizier Portugal an der Zait virun de Reimer besidelt haten. Wei Portugal zum Reimeschen Imperium geheiert huet, gouf Cale e wichtegen Hafen, op Latain Portus Cale . Am Mettelalter gouf Portus Cale zu Portucale , duerno Portugale , woubai dest Wuert am 7. an am 8. Joerhonnert nemmen dei nerdlech Deeler vum Land waren, also d'Regioun tescht de Fless Douro a Rio Minho . Anerersaits verkierzt sech den Numm Portus Cale zu Porto , der zweetwichtegster Stad, dei sech doweinst voller Stolz als dei Stad betruecht, dei dem Land den Numm ginn huet.

Administrativ Andeelung [ anneren | Quelltext anneren ]

Portugal huet eng ganz komplex Administratioun. Et gett fennef Regiounen ( regioes ), 18 Distrikter ( distritos ) an zwou autonom Regiounen ( regioes autonomas ), donieft existeieren 28 sougenannt "statistesch Ennerregiounen" ( subregioes estatisticas ). Een Niveau drenner kommen dann ongefeier 308 Kreesser ( municipios oder concelhos ) a 4257 Gemengen ( freguesias ). Dei Andeelung ass eischter ineffizient an deier. Et gett un enger Reform geschafft, dei d'Distrikter ofschafen an d'Kompetenzen dezentraliseiere soll.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Torre de Belem

Freigeschicht bis d'Antikiteit [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Vir- an d'Freigeschicht vum Land entsprecht zum greissten Deel der Entwecklung an den anere Regioune vun der Ibeerescher Hallefinsel. Vun 2000 v. Chr. un sinn d' Ibeerer warscheinlech aus Nordafrika agewandert. Vun 1200 v. Chr. un goufe vun de Phenizier a vun 700 v. Chr. un vun de Griichen Kolonie gegrennt. No 600 v. Chr. wandere Kelten eran, dei sech mat den Ibeerer vermescht hunn (sougenannt Keltibeerer ). Zu deene geheiert och de Stamm vun de Lusitaner , deenen hire latengeschen Numm mei speit dem Land sai sollt ginn.

No 450 v. Chr. gouf dat Gebitt vu Karthago eruewert an nom Zweete Punesche Krich u Roum ofgetrueden. Vun de Reimer gett et enner dem Numm Lusitania zum Deel als eegestanneg Provenz verwalt. Dei reimesch Herrschaft halt op an der Velkerwanderungszait , d' Sueben (no 409 ) a virun Allem d' Westgoten (no 416 ) grennen hir Raicher um Terrain vum speidere Portugal.

Herrschaft vun de Maure bis d'Kolonialmuecht [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Joer 711 gouf d'Land vun de Mauren eruewert, Portugal gett en Deel vum Kalifat vu Cordoba , wou d' Almoraviden d'Soen hunn. 718 fankt Leon mat der chreschtlecher Reconquista un, aus Portugal gett sou am 11. Joerhonnert eng eegestanneg Grofschaft, dei 1093 un den Henri vu Burgund falt, de Grenner vun der eischter portugisescher Kinneksdynastie.

Enner dem Henri sengem Jong an Nofollger Alphonse I. gett Portugal 1143 onofhangeg, den Alphonse selwer gett Kinnek. D' Burgunder sinn a Portugal bis 1383 um Rudder, 1211 gett dat eischt Standeparlament ( Cortes ) aberuff, 1250 ass d'Reconquista, no der Eruewerung vun der Algarve , a Portugal faerdeg, 1256 gett Lissabon nei Haaptstad vum Kinnekraich.

1383 stierft de leschte Burgunder a Portugal. De Jean vun Avis , dee baussent engem Bestietnes op d'Welt komm ass, rifft sech zum Kinnek aus, ka kastilesch Usprech op de portugiseschen Troun an der Schluecht vun Aljubarrota ( 1385 ) ofwieren a grennt dei zweet portugisesch Dynastie ( Avis ). D'Avis-Kinneken, besonnesch den Emanuel I. ( 1495 - 1521 ) verbesseren dem Land seng wirtschaftlech a militaresch Kapaziteite massiv: Portugal gett feierend Handels- a Seimuecht, keeft Kolonien a Brasilien , Afrika , Arabien , Indien an a China , d'Land ass eng Weltmuecht an dei raichst Natioun vun Europa ( Kuckt dozou och den Artikel: Henri de Seifuerer ). Och kulturell ass d'Land an der Blei ( Luis de Camoes ).

1580 ass d'Avis-Dynastie um Enn, Portugal falt aus dynastesche Grenn un d' Habsburger vu Spuenien . Bis 1640 regeieren d'Spuenier, Portugal verleiert seng Onofhangegkeet, gett zu enger spuenescher Provenz degradeiert a verleiert Stecker vu sengem Kolonialraich. 1640 kennt et zu enger Revolte geint d'spuenesch Herrschaft vum Adel enner dem Herzog vu Bragance , dee sech als Jean IV. zum Kinnek erklaert. Hie grennt dei virlescht portugisesch Dynastie, d' Haus Bragance . Baussen- a wirtschaftspolitesch gett d'Land mei a mei ofhangeg vun England (cf. Methuenvertrag , 1703 ). 1755 zersteiert en Aerdbiewen grouss Deeler vun der Haaptstad Lissabon, de Marques de Pombal baut d'Stad erem op a baut d'Land mat deels drastesche Methoden zu engem opgeklaerten absolutistesche Staat em. 1807 hunn napoleonesch Truppen d'Land besat, d'kinneklech Famill goung an den Exil a Brasilien. Nodeemss d'Fransouse mat brittescher Hellef erausgehait goufen, koum et zu enger liberaler Revolutioun , d'Land krut fir d'eischt Keier a senger Geschicht eng Constitutioun ( 1821 ). Ereischt am Miguelistekrich hunn d'Unhanger vun enger konstitutioneller Monarchie geint d'Unhanger vum Absolutismus gewonnen. 1821 gouf Brasilien enner dem Keeser Pedro I. onofhangeg.

Schlussphas vun der Monarchie bis den Estado Novo [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Zait nom Miguelistekrich gett vum Konflikt tescht de riets- an de lenksliberale ( Cartisten a Setembristen ) bestemmt. 1853 stierft mat der Kinnigin Maria II. d'Haus Bragance an direkter Linn aus, weinst dem Bestietnes vun der Kinnigin mam Ferdinand II. vu Sachsen-Coburg-Gotha kann d'portugisesch Branche vun desem daitschen Adelshaus den Troun iwwerhuelen (bis 1910 ). D'Schlussphas vun der Monarchie gett vun enger allgemenger Schwacht vum Land, wirtschaftleche Problemer ( Staatsfaillite 1891 ) a sech widderhuelend republikanesch Opstann bestemmt. 1908 kommen de Kinnek Carlos I. a sain Ierwe bei engem Attentat em d'Liewen, 1910 gett d' Republik ausgeruff.

1916 graift d'Land op der Sait vun der Entente an den Eischte Weltkrich an. Dei eischt Republik , bis 1926 , ass duerch anarchesch a chaotesch Zoustann gezeechent, monarchistesch a kommunistesch Revolten, Putschversich (e. a. vum Sidonio Pais , 1917 ), schwaach, dacks Regierungen dei wiesselen, ouni parlamentaresch Majoriteit an eng allgemeng politesch Instabiliteit erschweieren d'Situatioun.

1926 putscht d'Armei a setzt der eischter Republik en Enn. Enner dem Militar setzt sech allerdengs en Zivilist, Antonio de Oliveira Salazar , vun 1928 un Finanzminister, vun 1932 u Premier, un d'Spetzt vum Staat. Hie grennt 1933 den Estado Novo , den neien autoritare Staat mat faschisteschen Tendenzen, mat enger Eenheetspartei ( National Unioun ), enger Staatsjugend an enger Geheimpolice ( PIDE ). Am Zweete Weltkrich bleift d'Land neutral , erlaabt awer den Allieierten d'Ariichte vu Militarbasen op den Azoren a gett, nodeem de Krich eriwwer ass, NATO -Member. 1960 fankt de Kolonialkrich un, dee besonnesch an Afrika ( Angola , Mosambik , Guinea-Bissau ) mat grousser Haert gefouert gett. 1968 muss de Salazar weinst Problemer mat der Gesondheet opginn, sain Nofollger, Marcello Caetano , ka sech allerdengs net zu radikale Reformen decideieren. Duerch de Kolonialkrich ass Portugal aussepolitesch emmer mei isoleiert, d'Kaschte vum Krich dreiwen d'Staatsverscholdung an d' Inflatioun an d'Luucht. Feierend Genereel erkennen, datt de Kolonialkrich militaresch fir Portugal net mei ze gewannen ass. Well d'Regierung net capabel ass, eng politesch Leisung fir de Problem ze fannen, kennt et 1974 zum Putsch . D'Onzefriddenheet vun der Bevelkerung mat der Diktatur , dei duerch d'Wirtschaftskris (weinst der eischter Petrolskris 1973 ) nach verstaerkt gett, feiert dozou, datt sech d'Bevelkerung massenhaft mat de putschenden Offizeier solidariseiert, et kennt zu engem allgemenge Volleksopstand, der Oeilletsrevolutioun , dei den Estado Novo ewechbleist. Dei nei Machthaber entloossen d'portugisesch Kolonien an d'Onofhangegkeet (1974/ 1975 ). Dat ass d'Enn vum portugisesche Kolonialraich.

Et bleift ze soen, datt Portugal seng lescht Kolonien, namlech de klengen Iwwerseiterritoire Macau , op der sudchinesescher Kust, ongefeier 60 km vun Hongkong ewech, ereischt 1999 u China zereckginn huet.

Kaart vu Portugal

Vun der Oeilletsrevolutioun bis zum EU-Baitrett [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei eischt Phas no der Revolutioun ass vun engem Konflikt tescht enger eischter konservativer Streimung ( Generol Antonio Sebastiao Ribeiro de Spinola ) an engem sozialistesche Flillek ( Otelo Saraiva de Carvalho , Haaptmann Otelo ) gezeechent, dee sech an dem MFA (Movimento das Forcas Armadas - der Vereenegung vun de putschenden Offizeier) ofspillt. Um Ufank gesait et sou aus, wei wann d'sozialistesch Streimung geif gewannen, well et zu Verstaatlechungen a Landreforme komm ass, dei nei Constitutioun von 1976 defineiert de Sozialismus als Staatszil.

Ma wei sech bei den eischte Presidentschaftswalen no der neier Constitutioun 1976 de modereierten Generol Eanes iwwerraschend daitlech geint den Haaptmann Otelo kann duerchsetzen, sinn d'Weiche gestallt fir datt d'Land erem eng parlamentaresch Demokratie no westeuropaeschem Modell ka ginn. Den Eanes an de Chef vun der Sozialistescher Partei, de Mario Soares (Premier vun 1976 bis 1978 a vun 1983 bis 1985 , Staatspresident vun 1986 bis 1996 ) feieren d'Land 1986 an d' Europaesch Gemeinschaft .

Vum EU-Baitrett bis haut [ anneren | Quelltext anneren ]

1979 gewennt fir d'eischt Keier zanter der Oeilletsrevolutioun erem eng politesch Gruppeierung, dei riets vun der Mett steet, d'Parlamentswalen (wat zu de Regierunge Francisco de Sa Carneiro a Francisco Pinto Balsemao feiert), d'Regierung ka sech mat der sozialistescher Oppositioun op eng Constitutiounsannerung eenegen, duerch dei sozialistesch Iwwerreschter, dei no der Oeilletsrevolutioun an d'Constitutioun geschriwwe goufen, erausgeholl ginn. D'Constitutiounsannerung, dei 1982 a Kraaft trett, elimineiert enner anerem dee bis dohi wichtege Revolutiounsrot a setzt e Verfassungsgeriicht nom Virbild vun aneren demokratesche Staaten an. 1985 gett den Anibal Cavaco Silva Premier, seng konservativ PSD gewennt onerwaart heich d'Wale vun 1978 , bei deenen eng Partei fir d'eischt Keier eng absolut Majoriteit kritt. De Cavaco Silva bleift bis 1995 Premier, hie steet fir eng neoliberal Wirtschaftspolitik, d'Verstaatlechungen aus der Zait vun der Oeilletsrevolutioun gi reckgangeg gemaach. Vun 1995 bis 2002 stellen d'Sozialiste mat dem Antonio Guterres d'Regierung, vun 2002- 2004 huet d'Land mat dem Jose Manuel Barroso erem eng konservativ Regierung. D'Funktioun vum President ass mat engem Sozialist besat, well dem Soares sain Nofollger 1996 de Sozialist Jorge Sampaio gett. 2004 gett de Barroso vum Europaesche Conseil zum Nofollger vum Romano Prodi als President vun der Europaescher Kommissioun bestemmt. De Pedro Santana Lopes gett doropshi Premier, ma seng Koalitioun halt net laang: den 30. November 2004 rifft de President Sampaio Neiwalen aus, dei am Februar 2005 ofgehale ginn. De Jose Socrates , dee Spetzekandidat vun der Partido Socialista war, ass zanter dem 12. Maerz 2005 Ministerpresident. Den 22. Januar 2006 gouf de Cavaco Silva zum President gewielt; hie gouf den 23. Januar 2011 eremgewielt.

Geographie an Natur [ anneren | Quelltext anneren ]

Klimadiagramm vu Porto
Klimadiagramm vu Lissabon
Klimadiagramm vu Faro

Den Norde vu Portugal huet e relativ killt a fiicht Klima. En ass ennerdeelt an zwou Provenze resp. Landschaften:

De Minho am Nordweste ass eng vun de Geigende wou dei meescht Leit wunnen, d'Groussstied leien nemmen op der Atlantikkust, bannen am Land leien dofir vill Dierfer a mei kleng Stied. De Minho gett weinst sengem Klima an der relativ staarker Vegetatioun als de grenge Gaart vu Portugal bezeechent. D'Hang vun de ville Flossdaller si fir den Ubau vun Drauwe reserveiert, aus deenen de bekannte Portwain an de Vinho Verde gemaach ginn. Donieft gett et och vill Gemeiskulturen. D'natierlech Vegetatioun ass eng Meschung vun dar aus der gemassegter Klimazone an aus dar vun der subtropescher, jee no Heicht gett et Eechen oder Kaschten resp. Kiferen an Olivebeem .

Am Nordoste lait Tras-os-Montes ( Hanner de Bierger ). Desen Deel vum Land deen dem Mier de Reck dreit, ass eng Gebiergsregioun an dar et am Wanter zimmlech kal, an am Summer zimmlech waarm ka ginn. D'Vegetatioun ass net sou staark wei am Minho an helt of wat ee mei no bei d'spuenesch Grenz kennt. Dei zwou Provenzen hunn eng Gemeinsamkeet: hir Gebiergsmassiver, wei z. B. de Marao oder de Peneda-Geres gi vu ville Fless, wei dem Rio Minho (Grenzfloss tescht Portugal a Spuenien) oder dem Rio Douro , duerchschnidden. Am Norde vu Portugal lait de Nationalpark Peneda-Geres , dat greisst Naturschutzgebitt vum Land, wou et och nach Reschter vum Urbesch gett, mat Beem wei der wantergrenger Steeneech . Grouss Stied am Norde si Porto , Vila Nova de Gaia , Matosinhos , Braga , Vila Real a Braganca .

Mettelportugal ass greisstendeels hiwweleg bis gebiergeg an huet mat der Serra da Estrela eng greisser Biergskette wou et och e Skigebitt gett. Dei wichtegst Landschafte sinn d' Beira , de Ribatejo (den Tejo-Plateau mat dem Spetznumm Gaart vu Lissabon ), d' Estremadura an den Zoufloss vum Tejo an den Atlantik. Dei ganz Regioun ass relativ fruchtbar an huet en optimale Klima fir den Ubau vu Waindrauwen. Wai gett hei schonn zanter der Reimerzait produzeiert. Donieft ginn och nach all meiglech Zorte Kar, Rais, Sonneblummen a Gemeis ugebaut. D'Regioun gett vum Tejo an zwee gedeelt. Iwwerschwemmungen, dei freier am Ribatejo reegelmeisseg eng Plo waren, kommen zanter dem Bau vu ville Staumaueren net mei vir. Grouss Stied a Mettelportugal si Lissabon , Aveiro , Amadora , Almada , Seixal , Cascais , Coimbra , Viseu , Guarda , Leiria , Castelo Branco , Covilha , Setubal a Santarem .

De Sude vu Portugal besteet aus drai Landschaften: Terras do Sado , Alentejo an der Algarve. Dei ganz Regioun ass platt bis hiwweleg mat engem drechene bis gliddege Klima. Den Alentejo, freier souzesoen de portugisesche Reservoir fir Kar, ass hautdesdaags nemmen denn bewunnt a vill vu senge Bewunner wanderen aus, waitleefeg Karfelder mat Olivebongerten a Korkeechen domineieren d'Landschaft. Zum Kar- kennt och nach de Wainubau, an a klammende Proportiounen d'Sonneblumen, als Haaptproduiten. D'Wisen, dei am Freijoer voll vu Blumme sinn, ginn als Weede fir d'Schof benotzt. Zum wirtschaftleche Neiergang droen net zulescht och dei emmer mei laang Drecheperiode bai. Fir deem entgeint ze steiere ginn emmer mei Staumauere gebaut. Net heemesch , ma emmer mei heefeg ze fanne, sinn Eukalyptusbeem , dei allerdengs, weinst der grousser Brandgefor dei vun hinnen ausgeet, net onemstridde sinn. Dei sudlech Kusteregioune sinn haaptsachlech vu Kifere bewuess. Donieft gett et vill Palmenzorten , vun deenen awer nemmen d' Zwergpalm aus dem Land selwer ass.

D'Algarve markeiert dei ganz Sudkust vum Land an ass mat hire scheine Stied, de geie Kusten a Sandplagen zu enger beleifter Vakanzendestinatioun ginn, wat dei gewinnt negativ Niewewierkunge vum Massentourismus mat sech bruecht huet. Grouss Stied a Sudportugal si Portalegre , Evora , Beja , Faro a Sagres . De wichtegste Floss ass de Rio Guadiana , deen och d'Grenz zu Spuenien markeiert. Un dei grouss Hetzt am Summer ugepasst sinn och vill Planzen dei Waasser spaicheren.

Zu Portugal geheieren och dei zwou Inselgruppe Madeira ( Holzinsel ) an d' Azoren d' Hengerdeifsinsel am Atlantik . Dei sinn duerch vulkanesch Aktiviteit entstanen an hu weinst hirer Lag virun der afrikanescher Kust eng zu engem Deel tropesch, zum aneren Deel subtropesch Vegetatioun. Den hechste Bierg vu Portugal fennt een op den Azoren (Monte Pico, 2 351 m).

De wichtegste Floss vu Portugal ass den Tejo , deen a Spuenien enner dem Numm Tajo entsprengt a bei Lissabon an den Atlanteschen Ozean fleisst.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Lescht vun de portugisesche Stied .

D'Deierewelt [ anneren | Quelltext anneren ]

Landschaft bei Monsaraz

D'Deierewelt vu Portugal ass nemmen onwesentlech anescht wei dei vu Spuenien. Vereenzelt gett et nach Wellef ; de Pardelluchs , deen et nemmen op der ibeerescher Hallefinsel gett, ass a Portugal bal ausgestuerwen. Nemmen nach seele ginn Eenzeldeiere fonnt an dei sinn hechstwarscheinlech iwwer d'spuenesch Grenz an d'Land komm. Fir de Rescht fennt een nach d' Wellkaz , de Routfuuss , d' Wellschwain , den Hirsch , well Geessen an d' Wellkanengchen . A Portugal kann ee vill Vigel observeieren, well d'Land op der Migratiounsroute vun den Zugvigel fir d'Destinatioun Afrika lait, dorenner besonnesch am Suden och Flamingoen ; Steenadler liewen an de Kustegebidder a ginn do och op d'Juegd. Am Banneland kommen och verschidden Zorte Schlangen a Skorpioune vir.

Bevelkerung [ anneren | Quelltext anneren ]

Portugal ass, aus sproochlecher, ethnescher a relieiser Siicht, en homogeent Land. D' Portugisesch Sprooch gett am ganze Land geschwat. Just an den Dierfer vu Miranda do Douro gett en Dialekt geschwat, de Mirandeesesch , deen dem Astureschen zougerechent gett.

Eng grouss Majoriteit vun de Portugise bekennt sech zum kathoulesche Glawen .

Vu wou kommen d'Auslanner?

Aus anthropologescher Siicht sinn d'Portugisen e Meschvollek , dat aus den Nokomme vun den Ibeerer besteet, der Urbevelkerung vun der ibeerescher Hallefinsel, den Nokomme vun de reimeschen , goteschen , suebeschen a maureschen Invasoren.

De maureschen Afloss ass a Portugal mei staark wei an aneren europaesche Lanner. No der Reconquista goufen d'Mauren zum Deel verdriwwen, zum greissten Deel als versklaavt . Si hu sech mei speit mat der Bevelkerung vermescht a waren um Opbleie vum Handwierk a vum Akerbau am freie Mettelalter bedeelegt.

Iwwer laang Jore war Portugal en Auswanderungsland; wichteg Zentre vu portugisescher Kultur gett et virun allem a Frankraich wou 600 000 Portugise liewen. Anerersaits war Portugal schonn an den Zaite vun den Onofhangegkeetskricher vu senge Kolonien Zilland fir Immigranten aus den koloniseierte Geigenden. Zanter dem Baitrett vu Portugal an d' Europaesch Unioun ass d'Land emmer mei zu engem Awanderungsland gi fir Menschen aus Afrika (Angola), Sudamerika (Brasilien), de Kap Verdeschen Inselen an aus Osteuropa ( Russland , Moldawien an aus der Ukrain ).

Enn 2003 hunn ongefeier 250 000 Auslanner a Portugal gelieft. Vun deene stamen dei meescht aus anere portugiseschsproochege Lanner, si greisstendeels Katholicken an hunn de selwechte kulturelle Fong. E Veirel vun den Auslanner, dei a Portugal liewen, sinn Europaer; zum Deel Leit, dei hir Pensioun am Land verbrengen. Ma dobai sinn awer och Portugisen, dei ausgewandert waren an dunn zereckkommen, deelweis mat anere Pass. Statistesch gesinn, kennt op zeng Portugisen ee Bierger, deen net vun do ass.

Mei wei d'Hallschent vun den Auslanner lieft zu Lissabon oder an anere Kustestied. D'Bevelkerungsdicht ass am greissten an der Kustestraif tescht der spuenescher Grenz an der Geigend ronderem Lissabon. Op deem Terrain liewe 70 Prozent vun der ganzer Bevelkerung; d'Hannerland ass nemme ganz denn besidelt.

Iwwer 10 Prozent vun de Leit wunnen an enger vun de Groussstied Lissabon oder Porto. Mei wei d'Hallschent lieft an Uerschafte mat manner wei 2000 Awunner.

Matzen am Land gett et emmer mei Migratiounsbeweegungen. Emmer mei Mensche plenneren aus dem Hannerland a Richtung Industriezentren ( Lissabon , Porto ) oder Tourismusgeigenden (Algarve, Madeira oder op d' Azoren ).

Ekonomie [ anneren | Quelltext anneren ]

Zanter dem Baitrett vum Portugal zur EG am Joer 1986 huet sech dem Land seng Economie sech mei a mei diversifieiert a sech dobai virun allem op den Dengschtleeschtungssecteur ausgeriicht. Dengschtleeschtunge maachen an der Teschenzait ongefeier zwee Drettel vum BIP aus. Wei och an anere Staate vun Europa goufen an de leschte Joren noutwenneg Privatiseierungen duerchgefouert an dem Staat seng Ausgabe reduzeiert. 1998 huet sech Portugal fir de Baitrett an d' Europaesch Warungsunioun qualifizeiert an huet den 1. Januar 2002, wei 11 aner Staaten och, den Euro als Warung agefouert.

0 0 De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.

D'Neiverscheldung vu Portugal lait momentan iwwer den 3 % dei am Maastricht-Vertrag defineiert goufen, woubai et allerdengs net dat eenzegt Land am Moment ass.

De Wirtschaftswuesstem huet mat ongefeier 3,3 % all Joer zwar an der Vergangenheet den EU-Durchschnett an der Reegel iwwertraff, trotzdeem ass Portugal nach emmer den aermsten Almember vun der EU : De BIP pro Kapp (a Kaafkraaftpariteiten ) lait bei ongefeier 78 % vum Duerchschnett vun den EU-Lanner virun der Ostvergreisserung , woubai en 1985 nach bei 50 % louch. Als negativ fir e mei staarke Wuesstem vun der Produktiviteit an der Beschaftegung gi virun allem strukturell Probleme betruecht, wei z. B. den emmer nach schlechte Bildungssystem an dei heich Zuel vun Analphabeten , dei deels schlecht Infrastruktur, an eng ineffizient Verwaltung. Aus deene Grenn gereit Portugal emmer mei a Rivaliteit mat Lanner mat nidderege Paien aus Mettel- an Osteuropa, Asien an Nordafrika an ass deemno fir auslannesch Direktinvestitiounen net besonnesch attraktiv; d'Durchschnettslein sinn a Portugal ganz niddreg bei ganz laangen Aarbechtszaiten. Auslannesch Investitiounen komme virun allem aus Groussbritannien a Spuenien ; dei greisst Investitioun vun allen Zaite war de Bau vun Auto-Europa , enger Autofabrik.

De Chomage ass mat ongefeier 4 % am Verglach mat dem EU-Durchschnett niddereg, woubai een dorun denke muss, datt et e groussen informelle Secteur an der portugisescher Wirtschaft gett, deen e gewessen Deel vun deenen Aarbechtslose beschaftegt, dei anerfalls an d'Chomage-Statistike geife falen.

Den Aussenhandel gett zu ongefeier 80 % mat den EU-Partner ofgeweckelt; exporteiert gi virun allem Kleeder a Schong, Maschinnen, Chimiesproduiten, Kork, Cellulose a Pabeier. Importeiert gi Maschinnen, all Zorte vun Transportmettelen, Petrol a Petrolsproduiten a Landwirtschaftsproduiten. Portugal huet e ganz groussen Handelsbilanzdefizit an och en Zahlungsbilanzdefizit , deen duerch heich Recetten aus dem Tourismus allerdengs net sou heich ass wei den Handelsbilanzdefizit.

Portugal huet vill natierlech Ressourcen, dorenner Kuel , Koffer , Zenn , Gold , Eisenaerz a Pyrit a Chalcopyrit , Tounmineraler wei Kaolinit a Wolframit an Uraninit ; et geheiert domat zu de weltwait feierende Natiounen an der Wolfram - an Uranproduktioun . Warend dem Zweete Weltkrich huet Hitlerdaitschland portugisesche Wolfram fir seng Waffenproduktioun benotzt, an der Atombomm vun Hiroshima war portugiseschen Uran dran.

D'Landwirtschaft a Portugal ass eng vun den ineffizientsten an Europa; den Undeel vum Akerbau um BIP lait bei ongefeier 5 %, ma iwwer 15 % vun der aktiver Bevelkerung schaffen hei. Dat huet dozou gefouert, datt vill Betriber hu missen opginn, soudatt mettlerweil bal d'Hallschent vun de Liewensmettel muss importeiert ginn. D'Korkeecheplantatiounen am Alentejo an de Ubau vu Mandelen ass och an enger deiwer Kris. Anerersaits ginn op grousse Flachen Eukalyptusbeem gesat, well dei mei seier wuessen an domat der Celluloseindustrie , engem wichtege Wirtschaftsfacteur vum Portugal, dei noutwenneg Ressource liwwert. Emweltpolitesch gesinn ass dat eng ganz schwiereg Situatioun, well den Eukalyptus dem Buedem seng Reserven helt, den Urbesch an domat och d'Deierewelt op d'Sait dreckt a selwer ganz liicht brennt, wat zu deene bekannten an heefege katastrophale Beschbrann am Summer feiert.

Genee wei den Akerbau huet och d'Fescherei Produktiviteitsproblemer; d'portugisesch Feschereiflott ass am Verglach mat der spuenescher wait hannendran. Dei meescht Fesch ginn importeiert.

Ongefeier 8 % vum BIP, mat klammender Tendenz, brengt den Tourismus an, woubai dei meescht Touristen aus Spuenien a Groussbritannie kommen. D'Algarve ass den Zentrum vun der tourestescher Aktiviteit a lait dobai mat groussem Ofstand un der Spetzt.

Politik [ anneren | Quelltext anneren ]

Zanter der Oeilletsrevolutioun vun 1974 huet Portugal sech zu enger stabiler parlamentarescher Demokratie entweckelt. Dei veier wichtegst Organer vun der Politik a Portugal sinn de President , de Premier a sai Ministerrot, d' Parlament an d' Justiz .

De President , deen all fennef Joer direkt an allgemenge Wale bestemmt gett, ass och Commandant en chef vun der Armei. Hien ernennt de Premier an de Ministerrot, woubai en sech do un de Resultater vun der Parlamentswal z'orienteieren huet. De Staatsrot ass e Gremium, deen de President bereit. E besteet aus sechs ziville Beamten, alle freiere Presidenten, fennef Persounen, dei vum Parlament gewielt ginn a fennef Persounen, dei de President bestemmt.

D'Regierung gett vum Premierminister ugefouert, dee sech sai Ministerrot zesummenstellt. All nei Regierung muss dem Parlament e Programm virleeen, iwwer deen debatteiert gett. Wann dee Programm net refuseiert gett, dann heescht dat, datt d'Regierung vum Parlament akzepteiert gett.

D' Parlament gett als Assembleia da Republica ( Versammlung vun der Republik ) bezeechent a besteet aus enger Kummer mat bis zu 230 Deputeiert. D'Deputeiert gi fir veier Joer gewielt, woubai d' Verhaltneswalrecht benotzt gett. De President huet d'Recht, d'Parlament opzeleisen an Neiwalen auszeschreiwen.

D' Iewescht Geriicht ass dei hechst Instanz vun der portugisischer Justiz, woubai et speziell Iewescht Gerichter fir militaresch, verwaltungsrechtlech a steierrechtlech Froe gett. D'portugisesch Cour constitutionnelle huet neng Memberen an iwwerwacht d'verfassungsgerecht Ausleee vum Recht.

Am Parteie spektrum domineieren drai Parteien: de Sozialisten ( PS ) stinn zwou biergerlech-konservativ Parteien, d' Sozialdemokratesch Partei ( PSD ) an d' Vollekspartei ( PP ), geinteniwwer. Dei zwou leschtgenannte Parteien hu sech zu enger Walallianz, der Forca Portugal , zosummegedoen. De PS stellt zanter der Oeilletsrevolutioun emmer de President, andeems d'Premieren schonn aus beid Lagere komm sinn. Zurzait regeiert d'biergerlech-konservatiivt Lager. Weider Parteien sinn dei portugisesch Greng ( Partido Ecologista “os Verdes” , PEV ), d'Kommunisten an de Lenksblock ( Bloco de Esquerda , BE ).

Kuckt dozou och den Artikel: Lescht vun de politesche Parteien (Portugal)

International Bezeiungen [ anneren | Quelltext anneren ]

Portugal ass Member vun der Europaescher Unioun (EU) an hat d'Presidence vum Conseil vun der EU am eischte Hallefjoer 2000 iwwerholl. An dar Zait huet Portugal als Zil gehat, den Dialog mat Afrika ze forceieren an Impulser fir d'Staerkung vun der Konkurrenzkapaziteit vun der europaescher Wirtschaft ze ginn. Dat 2. Semester 2007 huet et nees d'Presidence.

Portugal war Grennungsmember vun der NATO a bedeelegt sech mat Truppe bei der Friddenssecherung um Balkan . Zesumme mat Spuenien ass Portugal un den Ibero-Amerikanesche Sommete bedeelegt, deenen hiert Zil den Dialog virun allem mat de Lanner aus Latainamerika ass. Portugal war och an der Feierungsroll wei d' Communauteit vun de Portugiseschsproochege Lanner (CPLP) gegrennt ginn ass, mam Zil, d'Kooperatioun vun dese Lanner ze verdeiwen. Portugal huet och Timor-Leste ennerstetzt, eng freier Kolonie, an dar hirem Onofhangegkeetswellen, souwuel finanziell wei och militaresch, a koopereiert elo mat desem jonke Staat zesumme mat asiatesche Lanner, den USA an der UNO .

Portugal huet en Territorialstrait mat Spuenien weinst Olivenza (resp. Olivenca ), dat zu Spuenie geheiert, ma awer vu Portugal revendikeiert gett. Olivenza ass zanter 1801 enner spuenescher Verwaltung, allerdengs huet Spuenien sech um Wiener Kongress vun 1815 bereet erklaert, den Territoire u Portugal zereckzeginn. Dat ass nach net geschitt, wat Portugal dofir bis haut reegelmeisseg verlaangt.

Kultur [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Portugal gett heiansdo och d'Land vun de Poete genannt. An der portugisescher Literatur hat d' Poesie emmer mei e staarken Afloss wei d' Prosa . Am Mettelalter , wei d'portugisesch Natioun entstanen ass, war am Nordweste vun der ibeereschen Hallefinsel d'Poesie wait verbreet an huet exzellent sou gutt eepesch wei lyresch Wierker produzeiert. Ausser deene bekanntste klasseschen Dichter Luis de Camoes a Fernando Pessoa , gett et eng Rei aner, manner bekannte Kenschtler, dei op dei modern portugisesch Literatur e wichtegen Afloss hunn..

D'Prosa huet sech e besse mei speit entweckelt. Ereischt am 14. Joerhonnert koumen dei eischt Chroniken oder Biographie vun Helleger eraus. De Fernao Lopes ass dovun dee wichtegsten; hien huet eng Chronik geschriwwen iwwer d'Regentschaft vun drai Kinneken aus senger Zait. International ass dei portugisesche modern Literatur am meeschte bekannt. Hei falen d'Schrefte vum Eca de Queiros an dem Nobelpraisdreier fir Literatur 1998 , Jose Saramago am meeschten op.

Relioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Ongefeier 97 % vun de Portugise si reimesch-kathoulesch , woubai a Portugal Glawensfraiheet besteet. D'Pilgerplaz Fatima lait a Portugal an ass der Maria, dem Jesus senger Mamm, devoueiert. D'Maria gett vun de Portugise vill vereiert, bal wei eng Gottheet, wat fir munnecher en Indiz op de Fait ass, datt d'Virfahre vun de Portugise virun der Christianiseierung haaptsachlech weiblech Gottheeten ugebiet hunn.

Gastronomie [ anneren | Quelltext anneren ]

D'portugisesch Kichen huet enorm vill Aspekter, well d'Portugise vill Saachen, dei s'op hiren Entdeckungsfahrte kennegeleiert hunn, an hir Kachtraditiounen opgeholl hunn. An all Regioun vu Portugal gett et eege Spezialiteiten, mat verschiddene Fleesch- a Feschzorten oder Mieresfriichten. D'Nationaliessen ass de Bacalhau , bei deem et 365 verschidde Zoubereedungsmeiglechkeete gi soll. Portugal ass och fir sai Wai bekannt, schonn zanter der Reimerzait gett Portugal mat dem Gott vum Wain an de Fester, dem Bacchus , associeiert. Och haut geheieren d'Wainer aus Portugal zu deene beschten op der Welt, bekannt ass virun allem de seisse Porto .

Kuckt dozou och den Artikel: Caldeira de carne

Musek [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei wichtegst Museksform a Portugal ass de Fado , dee ganz melancholesch ka sinn an doweinst deelweis responsabel ass fir de Klischee vun de melancholesche Portugisen; geintiwwer den temperamentvolle Spuenier. Des Musek huet eppes vu saudade (etwa: Seensucht ) u sech, an et ass gutt meiglech, datt s'eng Meschung ass vun de Lidder vu portugisesche Matrousen an de Rhythme vun afrikanesche Sklaven.

Dobai gett en Ennerscheed tescht zwou Stilformen; dem Fado vu Lissabon an deem vu Coimbra . D' Amalia Rodrigues war dei wichtegst a bekanntst Fado-Kenschtlerin, no hirem Doud kruten e puer jonk Kenschtler d'Meiglechkeet aus dem Schiet erauszekommen an nei Forme vum Fado ze produzeieren, dei zum Deel nemmen nach duerch d' saudade un den ursprengleche Fado erenneren. Och an de freiere portugisesche Kolonien hat de Fado sech ausgebreet a sech eegestanneg zum kap-verdesche Morna vun der Cesaria Evora oder zum brasilianesche Choro weiderentweckelt.

Aus der Zait vum faschisteschen Estado Novo enner dem Salazar staamt eng Liddermaachertraditioun. Dei bekanntst Vertreter vun deser Protestbeweegung sinn de Jose Afonso (dacks Zeca genannt) an de Sergio Godinho . Vum Jose Afonso staamt d'Interpretatioun vum Grandola, vila morena , e Lidd, dat den Depart fir d'Oeilletsrevoluioun aglaut hat.

An der Popmusk huet sech a Portugal den Hip Hop Tuga erausgeschielt, deen eng u Portugal adapteiert Fassong vum Hip Hop ass, an deen enner Jugendlecher ganz popular ass.

All portugisesch Regioun ass houfreg op hiren eegene Folklorestil ( Ranchos Folcloricos ). Dei portugisesche Musek- und Danztraditioun huet sech a Brasilien mat den Traditioune vun de Sklaven aus dem Angola vun haut gemescht an ass als Samba och a Portugal ganz beleift. Enner den angolaneschen Immigranten ass och de Kuduro , eng Zort haarden, allerhad sennleche Samba mat engemhelleweche Rhythmus, ganz popular, de Kizomba ass en anlechen Danzrhythmus, deen awer net sou verbreet ass.

Volleksfester [ anneren | Quelltext anneren ]

Am Juni gett et a ganz Portugal Fester zu Eiere vun den drai Vollekshellegen ( Santos Populares ). Des drai Helleg sinn den Antonius , den hellege Johannes an de Peitrus . Gefeiert gett mat Wain, agua-pe ( Moscht ), traditionellem Brout mat Sardinnen, Stroossefester an -danz, Hochzaiten, Feier a Freedefeier a vill gudder Laun.

Santo Antonio gett an der Nuecht vum 12. op den 13. Juni gefeiert, virun allem zu Lissabon (wou desen Hellege gebuer gouf und gelieft huet), wou et och eng Zort Kavalkad ( Marchas Populares ) him zu Eiere gett. Et ginn och Hochzaiten zelebreiert ( Casamentos de Santo Antonio ). De populaersten Hellegen ass de Sao Joao (hl. Jean), deen um Gehaansdag virun allem zu Porto a Braga gefeiert gett, woubai et Sardinen a Caldo Verde (eng traditionell Zopp) gett an d'Leit sech geigesaiteg mat Plastikhummeren op de Kapp schloen, wat Gleck soll brengen. Zu Eiere vum Sao Pedro gett den 28. an den 29. Juni gefeiert, besonnesch zu Povoa de Varzim an zu Barcelos , woubai dei Fester zu Eiere vum Mier sinn. Dofir gett vill Feier ( fogeiras ) benotzt an et gett erem eng Zort "Stroossefuesend".

Sport [ anneren | Quelltext anneren ]

Foussball ass dee bekanntsten, beleiftsten an am meeschte gespillte Sport a Portugal. De portugisesche Foussball huet Weltklassespiller wei den Eusebio , Manuel Rui Costa oder de Luis Figo ervirbruecht. Nieft dem Foussball hu portugisesch Sportler international an aneren Disziplinne Marathon , Beachvolleyball und Rullhockey groussen Erfolleg.

Et gett a Portugal nach eng traditionell Sportaart, de Jogo do pau ( Bengelspill ), dat e Selwerverdeedegungssport ass an einfach helze Bengelen als "Waff" benotzt. Dese Sport staamt aus dem Mettelalter, ass awer haut nach popular; d'Bengelen, dei hautdesdaags dofir geholl ginn, si 60 bis 80 Zentimeter laang, also mei kuerz wei dei vu freier.

Bildungssystem [ anneren | Quelltext anneren ]

Bis zu der Oeilletsrevolutioun 1974 gouf d'Bildung lenks leie gelooss an och no der Revolutioun geet den Opbau vum Bildungssystem nemme lues virun. Dat mierkt ee bis haut: 2000 hat nemmen een Zengtel vun den Dressegjaregen en Heichschouldiplom. Domat hat Portugal enner den EU-Membere virun der Osterweiderung dee mat groussem Ofstand nidderegste Waert. Mat senge 15 % Analphabeten louch Portugal och an deser Statistik vir. Hautdesdaags awer net mei. Zanter 2016 lait den Taux vun den Analphabeten (meeschtens bei eelere Leit) bei 5 % [3] an 100 % vun de Schuler an der Primarschoul si scolariseiert.

Dat ass e grousse Problem fir d'wirtschaftlech Entwecklung, an dreit virun allem bei d'Ineffizienz vum Akerbau bai, well virun allem d'Landbevelkerung vum Analphabetismus betraff ass. Ma och d'portugisesch Mettelschicht ass ennerduerchschnettlich gebilt, well den Acces op d'Universiteiten ereischt an de leschte Jore mei einfach ginn ass. Sou feelt et z. B. u gutt ausgebilten Entrepreneren dei traditionell Besetzer vu Firme sinn der auslandescher Konkurrenz dacks net mei gewuess, well se duerch Ierwschaft, net duerch Ausbildung zu hirem Posten als Chef komm sinn.

De Schoulsystem besteet aus enger veierjareger Primarschoul an enger fennefjareger Uewerschoul. Et besteet eng gesetzlech festgeluecht zwielefjareg Schoulflicht fir all d'Kanner vun hirem sechste Liewensjoer un. D'Flichtschoul ass an de staatleche Schoule gratis a fir an enger vun de relativ ville privaten Institutiounen kennen an d'Schoul ze goen, kennen aarm Famille Subside kreien.

Wien no der Uewerschoul nach d' Escola Secundaria besicht (warend drai Joer), daerf op d'Universiteit a kann tescht e puer Meiglechkeete fir sain Heichschoulstudium wielen: d'Heichschoulbildung gett a Portugal vu staatlechen a privaten Universiteiten ( universidades ) a staatlechen a private Fachheichschoulen ( escolas politecnicas ) ugebueden an duerchgefouert. Fir den entleene Regiounen ze hellefen sinn a ville mettleren Stied Heichschoulen agericht ginn; de Wiessel vun enger Institutioun zu enger anerer ass relativ liicht. Et ass op jiddwerfall en Opnamexamen z'absolveieren an et sinn Studeiertaxe falleg, dei bei de private Schoulen mei heich si wei bei de staatlechen, an och vum Fach ofhangeg sinn; op staatleche Schoule si bis zu 850 € all Joer falleg. Trotzdeem ass ongefeier en Drettel vun de Studente bei enger privater Institutioun ageschriwwen. Zousatzlech zu den Aschreiwtaxe si propinas ze bezuelen, dat sinn Taxen dei fir d'Austelle vun Zensuren an Diplomer agezu ginn. Ongefeier 20 % vun de Studente kommen an de Genoss vun enger akommesofhangeger staatlecher Subventioun.

Medien [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei staatlech portugisesch Radio- an Televisiounsgesellschaft RTP ( Radiotelevisao Portuguesa ) bedreift zwein Televisiounssenderen, RTP 1 an RTP 2 . Zanter 1992 si Privatsenderen a Portugal erlaabt, zanterhier gett et nach SIC an TVI ( Televisao Independente , bedriwwe vun der kathoulescher Kierch). De Programm gett bei alle veier Sendere vu brasilianeschen a portugiseschen Telenovelas an Action-Serien domineiert; d'Noriichte sinn an heijer Mooss op Portugal ausgeriicht. Filmer ginn dacks op Englesch mat Ennertitele gewisen. Den Auslandssender RTP-Internacional kann och a Metteleuropa empfaange ginn a weist dat Bescht aus alle veier Programmer.

A Portugal gett et ongefeier 150 Radiostatiounen, woubai de Sender vun der RTP an de kathoulesche Sender Radio Renascenca landeswait kennen empfaange ginn. D'RTP ass iwwer Kuerzwell och a Metteleuropa ze heieren, allerdengs nemmen op Portugisesch.

Enner de villen Zeitungen, dei a Portugal gedreckt ginn, leeft momentan e Konsolideierungsprozess of, bei deem wuel e puer mei kleng Zeitungen ennergoe waerten. Dei wichtegst Zeitunge sinn dei konservativ-liberal Diario de Noticias , de linksliberale Publico (allen zwee vu Lissabon) an de Jornal de Noticias vu Porto. Ganz grouss Oploen hunn och d'Sportzeitungen, dei all Dag erauskommen a sech bal nemme mat Foussball beschaftegen - dei wichtegst sinn d' O Jogo an d' A Bola . Als bescht Wochenzeitung gellt den Expresso . Am Beraich vun der Klaatschpress sinn d'Magaziner Maria an Nova Gente dei all Woch gedreckt ginn, dei Publikatioune mat den hechsten Oploen.

Verkeier [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei drai wichtegst Fluchhafe vu Portugal, Porto , Lissabon a Faro gi vun e puer Fluchgesellschaften ugeflunn, woubai dei zwou portugisesch Fluchgesellschaften TAP Portugal a Portugalia dei meescht Verbindungen ubidden. Et gett och Flich bannent dem Land, ma well d'Land ze kleng ass sinn dei net besonnesch attraktiv an tendeieren dozou relativ deier ze sinn.

D'Stroossennetz ass, virun allem och mat Hellef vu Subside vun der EU gutt ausgebaut, wat Leit, dei Portugal an den achtzeger Jore fir d'lescht Keier besicht haten, verwonneren daerft. Dei wichtegst Route gi vun Autostradas (mat Peagen) oder Itinerarios Principais (IP) (gratis) resp. Itinerarios Complementares (IC) zerweiert. An ofgeleeene Gebidder kann een allerdengs nach dacks op Pave-Stroosse stoussen. D'Selwerfueren, speziell an de Stied, sollte sech Metteleuropaer gutt iwwerleeen; dem Chaos zu de Stousszaiten an dem genereisen Ausleee vun de Verkeiersreegelen ass net jiddweree gewuess. Datt de Stroosseverkeier a Portugal zu den onsecherste geheiert, hunn europaesche Onglecksstatistike schonn dacks bewisen. Taxie si relativ belleg, besonnesch an de Stied.

D'Eisebunnsnetz a Portugal ass net besonnesch dicht, op den Haapttrasse sinn d'Verbindungen awer effizient a seier, wann d'Eisebunner net grad streiken. D'Billjeee si relativ belleg. Op den Niewestrecke gouf an de leschte Joerzengten naischt mei investeiert a vill sinn och mettlerweil ausser Betrib. International Zich verbanne Portugal mat e puer Stied a Spuenien , donieft gett et eng Verbindung op Irun op der spuenesch-franseischer Grenz mat direktem TGV -Uschloss fir op Parais.

Dogeint gett et en zimmlech dicht Busnetz, dat zu niddrege Praisser bal all Uertschaft ufiert. International Busse verbanne Metteleuropa mat Portugal, si gi weinst der laanger Fuerzait allerdengs bal nemme vu Gaaschtaarbechter benotzt. D'Busse fueren a Portugal vun der Rodoviaria of, wou een och d'Biljeee kritt.

Feierdeeg [ anneren | Quelltext anneren ]

Datum Numm Portugisesche Numm Bemierkung
1. Januar Neijoerschdag Ano Novo
Karfreideg Sexta-Feira Santa de Freideg virun Ouschteren
Ouschterdag Pascoa Ouschtersonndeg
25. Abrell Dag vun der Fraiheet Dia da Liberdade Oeilletsrevolutioun 1974
1. Mee Dag vun der Aarbecht Dia do trabalhador
10. Juni Portugal-Dag Dia de Portugal Doudesdag vum Camoes am Joer 1580
Erlaichendag Corpo de Deus Donneschdeg, 40 Deeg no Ouschteren
15. August Leiffraweschdag Assuncao
5. Oktober Afeierung vun der Republik Implementacao da Republica am Joer 1910
1. November Allerhellegen Todos os santos
1. Dezember Eremafeierung vun der Onofhangegkeet Restauracao da Independencia am Joer 1640
8. Dezember Onbefleckt Empfangnis Imaculada Conceicao Patreinesch vu Portugal
25. Dezember Chreschtdag Natal

Wat nach dozou ze soen ass:
All Krees huet en eegene relieise Feierdag, dacks fir den hellegen Antonius den 13. Juni , dem hellege Johannes de 24. Juni oder den hellege Peitrus den 29. Juni . Wann de Krees kee sou e Feierdag huet, dann ass Fuessonndeg e gesetzleche Feierdag. De Fuessonndeg gett awer faktesch wei e normale Feierdag behandelt, virun allem well d'Staatsbeamten deen Dag normalerweis frai hunn. Donieft gett doriwwer diskuteiert, de 24. Juni als Feierdag anzefeieren (Onofhangegkeet vu Portugal am Joer 1128 ).

Literatur iwwer Portugal [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Briesemeister, Dietrich an Axel Schonberger (Hrsg.), 1997. Portugal heute: Politik - Wirtschaft - Kultur . Frankfurt am Main. (Eng relativ deier, ustrengend, ma ganz informativ an deifgrenneg Aufsatzsammlung)
  • Freyre, Gilberto , 1990. Herrenhaus und Sklavenhutte . 491 S. Dtv. (Dat wichtegst Wierk vum bedeitende brasilianesche Soziolog an Anthropolog gett zwar e Bild vun der brasilianescher Gesellschaft , ma an engem Drettel geet et awer iwwer d'portugisesch Kolonisatoren a virun allem iwwer deenen hir kulturell Originnen an hir Wirtschaftsgeschicht rieds. D'Original koum 1933 enner dem Titel "Casa grande e senzala" eraus).
  • Labourdette, Jean-Francois, 2000. Histoire du Portugal. 703 p., Fayard, France. ISBN 2-213-60590-4 .
  • Page, Martin , 2007. The first global village / How Portugal Changed the World . 9. Oplo. Casa das lettras, Cruz Quebrada, Portugal. 277 p. (zielt zu de beschten an aktuellste Geschichtbicher iwwer Portugal).
  • Remarque, Erich Maria , 1962. Die Nacht von Lissabon . (D'Geschicht spillt am Zweete Weltkrich an dar Zait, wou Lissabon eng Sammelplaz fir all dei europaesch Krichsrefugiee war, dei vun do aus an Amerika emmigreire wollten).

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Flach ouni d'Azoren a Madeira: 88 967 km². Quell: Statistical Yearbook of Portugal (2005) vum Instituto nacional de estatistica .
  2. 2006 Instituto nacional de estatistica (August 2007)
  3. Taxa de analfabetismo em Portugal ainda e das maiores na Europa

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Portugal ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Administratioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Tourismus [ anneren | Quelltext anneren ]

Kultur a Sport [ anneren | Quelltext anneren ]

Diverses [ anneren | Quelltext anneren ]