Den Dom
Pedro I.
(komplett
Pedro de Alcantara Francisco Antonio Joao Carlos Xavier de Paula Miguel Rafael Joaquim Jose Gonzaga Pascoal Cipriano Serafim de Braganca e Bourbon
), gebuer den
12. Oktober
1798
zu
Queluz
an och do de
24. September
1834
gestuerwen, war vun 1822 bis 1831
Keeser vu Brasilien
an als
Pedro IV.
1826 Kinnek vu
Portugal
.
Hie war aus dem
Haus Braganca
, an deen zweete Jong vum Kinnek
Joao VI. vu Portugal
an deem senger Fra Carlota Joaquina vu
Spuenien
.
Am Alter vun 9 Joer ass de Pedro mat senger Famill vu Portugal an dei deemoleg Kolonie
Brasilien
geflucht, nodeems
napoleonesch
Truppe Portugal besat haten. Si hu sech zu
Rio de Janeiro
installeiert.
1815 gouf Brasilien duerch eng Decisioun vum
Wiener Kongress
zu engem Kinnekraich gemaach, dat mat Portugal a
Personalunioun
verbonne war. Dem Pedro seng Groussmamm, d'Kinnigin
Maria I.
, gouf sou och Kinnigin vu Brasilien. Hire Jong Jo?o VI. koum no hirem Doud (1816) op den Troun vun deenen zwee Lanner. De Pedro gouf Trounierwen.
Well de Kinnek och nom Reckzuch vun de
Fransousen
net direkt a Portugal hanneschtgoe wollt, gouf de
Britt
William Carr Beresford
e Militardiktator. 1821 gouf dee bei der
liberaler Revolutioun
gestierzt, an d'
Cortes
, d'Assemblee vun de Stann, hunn de Kinnek opgefuerdert, zereckzekommen oder op sain Titel ze verzichten.
De Joao goung mat Fra an anere Kanner a Portugal, iwwerdeems de Pedro als Regent a Brasilien bliwwen ass. Well d'Cortes Brasilen nees als Kolonie zereckhu wollten, huet de Pedro de 7. September 1822 beim Floss
Ipiranga
mam Ruff ?Onofangegkeet oder Doud“ (
Independencia ou morte!
) d'Onofhangegkeet vu Brasilien ausgeruff. Hie gouf offiziell den 1. Dezember 1822 zum Keeser Pedro I. vu Brasilien gekreint.
De portugisesche Kinnek Joao VI. - dem Pedro sai Papp - huet dat ereischt 1825 unerkannt (allerdengs och naischt dergeint gemaach, well dat e wuel arrangeiert huet). De Joao ass 1826 gestuerwen, soudatt de Pedro als Pedro IV. sain Nofollger gouf (Sai Brudder Miguel war an der Tescht am Exil zu
Wien
, well e geint sai Papp
geputscht
hat). De Pedro ass awer a Brasilien bliwwen an huet seng Schwester
Isabella Maria
zur Regentin ernannt. D'Portugise wollte sech awer net mat engem Kinnek offannen, dee vu Brasilen aus regeiere geif, an d'Brasilianer hu geknoutert, hie geif sech ze vill em Portugal kemmeren. Dofir huet de Pedro zwei Meint no senger Ernennung, am Mee 1826, als Kinnek vu Portugal ofgedankt.
Am Fong hatt seng Duechter Maria sollten d'Nofollgerin a Portugal ginn, ma sai Brudder Miguel huet d'Parlamet opgeleist a sech 1828 als
Miguel I.
zum Kinnek ausruffe gelooss. Et koum doropshin zum Krich tescht den zwei Bridder, dem
Miguelistekrich
(1832?1834).
Fir sech kenne ganz em d'Problemer a Portugal ze kemmeren, huet de Pedro I. 1831 zu Gonschte vu sengem Jong
Pedro II.
a Brasilien als Keeser ofgedankt. Fir sech besser fir seng Duechter an hir Trounusprech kennen anzesetze goung en a
Frankraich
, wou de Kinnek
Louis Philippe
him gehollef huet.
De Pedro huet op den
Azoren
, wou en den 3. Maerz 1832 gelant war, eng Armei opgesat, an ass mat dar a Portugal gefuer, wou en 1834 d'Truppe vum Miguel vernichtend schloe konnt. De Miguel huet alt nees missen an den Exil an
Eistraich
, an d'Kinnigin Maria II. konnt nees op den Troun, fir deen hire Papp, well si nach mannerjareg war, d'Regence iwwerholl huet.
Wei de Pedro bis doudkrank war, gouf seng Duechter fir volljareg erklaert, hien huet d'Regentschaft verluer an ass kuerz drop zu Queluz bei
Lissabon
gestuerwen.
Hie war zweemol bestuet:
De 6. November 1817 huet hien zu
Rio de Janeiro
d'Aerzherzogin
Maria Leopoldine vun Eistraich
(* 22. Januar 1797; † 11. Dezember 1826) bestuet, enger Duechter vum
Franz I. vun Eistraich
an der
Maria Theresia vun Neapel-Sizilien
.
Si kruten des Kanner:
- Maria da Gloria
(* 4. Abrell 1819; † 15. November 1853), Kinnigin vu Portugal;
- Joao Carlos (* 6. Maerz 1821; † 4. Februar 1822)
- Januaria
(* 11. Maerz 1822; † 13. Maerz 1901) ∞ Ludwig
vu Bourbon
, Prenz vun deenen zwee Sizilien (1824?1897)
- Paula Mariana (* 17. Februar 1823; † 16. Januar 1833)
- Francisca
(* 2. August 1824; † 27. Maerz 1898), ∞ 1843
Francois d'Orleans
Prenz vu Joinville, e Jong vum Kinnek
Louis Philippe vu Frankraich
- Pedro II.
(* 2. Dezember 1825; † 5. Dezember 1891), Keeser vu Brasilien
De 17. Oktober 1829 huet hien d'
Amelie de Beauharnais
(* 31. Juli 1812; † 26. Januar 1873) bestuet, d'Duechter vum
Eugene de Beauharnais
an der
Auguste vu Bayern
.
Si kruten eng Duechter:
De Pedro hat ausserdeem 4 Kanner mat senger Maitresse
Domitilia de Castro Canto e Melo
.
- Walther L. Bernecker, Horst Pietschmann, Rudiger Zoller:
Eine kleine Geschichte Brasiliens
(=
Edition Suhrkamp
2150). Suhrkamp, Frankfurt am Main 2000,
ISBN 3-518-12150-2
.
- Pedro Calmon:
Historia do Brasil.
Olympio, Rio de Janeiro 1959;
- Band 4:
Seculo XVIII: riquezas e vicissitudes (conclusao). Seculo XIX: o imperio e a ordem liberal.
- Band 5:
Seculo XIX: o imperio e a ordem liberal (conclusao).
- Delgado de Carvalho:
Historia diplomatica do Brasil
(=
Biblioteca do espirito moderno.
Serie 3:
Historia e biografia
65). Companhia Editora Nacional, Sao Paulo 1959.
- George Edmundson:
Brazil and Portugal.
In:
The Cambridge Modern History.
Volume 10:
The Restoration.
Cambridge University Press, Cambridge 1907.
- Heinrich Handelmann:
Geschichte von Brasilien.
Julius Springer, Berlin 1860. (
Digital Editioun
)
- Florian Kienzl:
Kaiser von Brasilien. Herrschaft und Sturz Pedros I. und Pedros II.
Propylaen-Verlag, Berlin 1942.
- Manuel de Oliveira Lima:
Dom Pedro e Dom Miguel. A querela da successao (1826?1828).
Cayeiras, Sao Paulo 1927.
- Joao Ribeiro:
Historia do Brasil.
18. edicao revista e completada. F. Alves, Rio 1964.
- Manfred Wohlcke:
500 Jahre Brasilien. Die Entstehung einer Nation.
Vier-Viertel-Verlag, Strasshof 2000,
ISBN 3-9500908-6-X
.