|
|
|
De
Musee du Louvre
, am
Palais vum Louvre
ass
1793
als
Musee Central des Arts
opgaangen. De Musee huet eng Sammlung vun iwwer 36.000 ausgestallten Exponate vun der
Antiquiteit
bis zum Enn vum
19. Joerhonnert
. Donieft lageren weider 500.000 Wierker an Archiven vum Musee.
Dei freier franseisch
Kinneksresidenz
Louvre
ass haut de weltwait greisste Musee, deem seng Sammlungen nieft dem
British Museum
zu
London
an dem Museesensembel op der
Museumsinsel
zu
Berlin
zu de weltwait bedeitendste geheieren.
D'Gebai steet am Zentrum vu Parais tescht dem rietse
Seineufer
an der
rue de Rivoli
. De Bannenhaff lait op enger Linn mat der
Avenue des Champs-Elysees
a bilt domat den Urspronk vum sougenannten
Axe historique
, der historescher Achs.
Dat eischt Gebai op der Plaz war eng Festung vun 1204, dei gebaut gouf fir den Zentrum vu Parais ze protegeieren. Am Laf vun de Joerhonnerte gouf se en ettlechmol vegreissert, soudatt et no an no e riseg grousse Palais gouf. Am Mettelalter stounge ronderem Festungstierm fir kennen eventuell Attacken, dei vun der Seine aus keimen, ofzewieren. All d'franseisch Kinneken hunn dru bauen a vergreissere gelooss, woubai dei decisiv Emannerungen am
16. Joerhonnert
ausgefouert goufen.
Den
2. August
1546
huet de
Francois I.
dem
Pierre Lescot
, Architekt a Superintendant vun de Gebaier vum Louvre, den Optrag ginn, d'Festung ewechzerappen an en neit Gebai opzeriichten. Zu dar Zait hunn d'Fransouse gar d'italieenesch Architektur als Virbild geholl. Obschonn de Lescot a seng Nofollger vill franseisch Elementer mat afleiesse gelooss hunn, kann de Louvre als dat eischt Gebai a Frankraich ugesi ginn, dat am italieenesche klassesche Stil gebaut gouf. De Francois I. ass schonn 1547 gestuerwen a sain Nofollger den
Henri II.
ass mat de Plang vu sengem Papp weidergefuer, soudatt d'Westfassad 1548 sou gutt wei faerdeg war. Nom Henri II. sengem Doud, ass seng Wittfra d'
Catherine vu Medici
mam Ausbau weidergefuer. Si huet 1564 de
Palais des Tuileries
baue gelooss, deen
1871
a Brand gestach gouf.
Obschonn de Louvre stanneg vergreissert gouf a vill Skulpturen a Biller do ausgestallt waren, hat en nach net de Charakter vun engem Musee am richtege Senn vum Wuert, well dei meescht Tableauen an anere Schlasser vun de franseische Kinneken houngen, besonnesch zu
Fontainebleau
. E konnt eischter als representativ Wunneng betruecht ginn. An de Joerzengten duerno goufen allerdengs vill Tableaue vum fiichte Fontainebleau an de mei drechene Louvre bruecht an et gouf eng Plaz fir e
Conservateur
geschaf. E war awer net fir jiddfereen op an nemmen de Kinnek an d'Haffleit haten Zougang zu de Sall mat de scheine Collectiounen. Eng ganz Partie Meeschterwierker, dei haut de Stolz vum Louvre sinn, waren an den anere Schlasser, mat virop zu
Versailles
. De Kinnek huet och dacks senge Fiffien Tableaue geleint, wougeint d'Effentlechkeet, vun dar net vill Leit wierklech un der Konscht intresseiert waren, dei Konschtwierker ni ze gesi krut.
Op Drock vu Enzyklopedisten a Konschtintresseierten, dei sech derfir agesat hunn datt de Public dei Meeschterwierker och sollt kenne gesinn, gouf 1750 eng Ausstellung am
Palais du Luxembourg
organiseiert, well den Zoustand vum Louvre dei Zait vill ze wenschen iwwreg gelooss huet. Ereischt mat der
Franseischer Revolutioun
an der Herrschaft vum
Napoleon
huet sech alles seier geannert. D'Konschtwierker dei der Kroun an dem Adel geheiert hunn, goufe beschlagnaamt fir se kennen dem Vollek ze weisen. Mat engem Dekreet vum 27. Juli 1793 gouf de
Musee Central des Arts
gegrennt, ma d'Konschtwierker waren nach op e puer Gebaier verdeelt, well d'Sall vum Louvre an engem ganz schappegen Zoustand waren.
Wei de Musee 1793 opgoung war just eng
Grande Galerie
laanscht d'Seine fir de Public op. Wei den Napoleon bis um Rudder war gouf dei representativ
Cour Carree
dei op den eischte Plang virgesi war, faerdeg ausgebaut. Vun de Konschtwierker dei ee grousse Waert duergetallt hunn, gouf e geeneen Inventaire opgestallt, wat indirekt d'Konschtgeschicht an d'wessenschaftlech Fuerschung beaflosst huet.
Den
28. November
1802
gouf de Barong
Dominique-Vivant Denon
, deen den Napoleon op senger Campagne an Egypte begleet hat, Generaldirekter vum Musee. Dem Dominique Vivant Denon
[1]
sain Zil war et, de Musee zum 'scheinste Musee am Universum' ze verwandelen. Hien hut den Napoleon op senge Feldzich begleet a bei de Konschtwierker beroden, dei als Tropheee sollte mat op Parais geholl ginn an dem Vollek an Austellungen am
Musee Napoleon
gewise ginn. Am Numm vum Keeser huet hien och Konschtwierker bei Kenschtler bestallt, dei dann all zwee Joer op engem Salon ausgestallt goufen. Hie behoul dei Plaz och nodeems den Napoleon ofgedankt hat an de Musee nees
Louvre
housch. No den
Honnert Deeg
hat hien dei traureg Missioun fir mat den Allieierte vun der
siwenter Koalitioun
iwwer d'Restitutioun vun de Konschwierker ze verhandelen
[2]
. Wei dat bis ofgeschloss war huet hien dem
Louis XVIII.
seng Demissioun agereecht.
Well dem Francois I. seng Kollektiounen, dei vu sengen Nofollger och nach gutt kompletteiert gi waren, grouss genuch waren, konnten d'Sall vum Louvre awer opgefellt ginn. D'Regierungen am
19. Joerhonnert
hunn et als eng Flicht gesinn dat ugefaangent Wierk weiderzefeieren, an och datt een et net dem Zoufall sollt iwwerloossen fir d'Kollektiounen ze vergreisseren, an dat an dar Mooss datt souguer den
Impressionnisten
, dei am Ufank deck bekampft a lacherlech gemaach goufen, d'Diere vum Museee opgemaach goufen. Well et u Plaz feelt gi vill rezent Ukeef a Gebaier baussent dem Louvre ennerbruecht. De Louvre bitt sou eng allgemeng Vue iwwer d'Konscht, vu senger Creatioun 1793 un, bis 1870. Et sinn awer net nemme Wierker vu grousse Moler do ausgestallt, ma och Skulpturen a Statuen, enner anerem aus Egypten an aus der griichescher Antikiteit.
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|
De Musee du Louvre ass an 8 Ausstellungsberaicher agedeelt:
- Orientalesch Sammlungen
- Egyptesch Sammlungen
- Skulpturen
- Tableauen
- Griichesch, etruskesch a reimesch Sammlungen
- Islamesch Konscht
- Graphik
[3]
Bekannt Wierker am Musee du Louvre (Auswiel)
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
- Prizessin aus dem Haus Este
,
Pisanello
- Kraizegung
,
Andrea Mantegna
, 1457-1459
- Christus dee seent
,
Giovanni Bellini
, tescht 1494 a 1470
- D'Jongfra
,
Sandro Botticelli
, em 1472
- Autopotrait vum
Albrect Durer
, 1493
- Mona Lisa
,
Leonardo da Vinci
, tescht 1503 a 1506
- D'Hochzait vu Kana
,
Paolo Veronese
, 1563
- Elisabeth vun Eistraich
Francois Clourt
, em 1570
- De Schwur vun den Horatier
,
Jacques-Louis David
, 1784
- D'Kreinung vum Napoleon
,
Jacques-Louis David
, 1807
- Floss vun der Medusa
,
Theodore Gericault
, 1819
- D'Fraiheet feiert d'Vollek
,
Eugene Delacroix
, 1830
- Tierkescht Bad
,
Jean-Auguste-Dominique Ingres
, 1859
Am Joer 1983 krut de chineesesch-amerikaneschen Architekt
Ieoh Ming Pei
vum franseische President
Francois Mitterand
den Optrag fir de Musee nei z'organiseieren an en neien, zentralen Agank ze schafen. Hien huet duerfir dei bekannt
Glaspyramid
entworf, dei 1989 ageweit gouf. Dei Glaspyramid war emstridden a gouf vill kritiseiert. Haut ass s'e Symbol vum Musee du Louvre an eng beleift Touristenattraktioun.
[4]
Am Maerz 2018 huet de franseische President
Emmanuel Macron
e Rapport iwwer d'Konschtwierker aus der Kolonialzait an Optrag ginn. Hie wollt wessen, wat Frankraich soll mat deene Konschtwierker maachen.
D'Auteure Benedicte Savoy a Felwine Sarralle empfeelen an deem Rapport, zengdausende Wierker an hir Urprongslanner zereckzeginn. Dei Wierker waren teschent 1885 an 1960 erbait ginn. Fir d'eischt soll en Inventaire gemaach ginn, duerno en Dialog tescht Frankraich an dem jeeweils concerneierte Land. An enger dretter Phas sollen d'Wierker zreckgoen.
[5]
- ↑
https://www.napoleon-empire.net/personnages/denon.php#:~:text=Le%2019%20novembre%201802%2C%20le,des%20monnaies%20et%20des%20m%C3%A9dailles
.
- ↑
https://www.barnebys.de/blog/eine-kurze-geschichte-des-louvre
- ↑
https://www.france.fr/de/paris/artikel/musee-louvre
- ↑
Archive copy
Archiveiert
op 2023-06-01. Gekuckt de(n) 2023-06-14.
- ↑
https://www.zeit.de/kultur/kunst/2018-11/raubkunst-frankreich-benin-rueckgabe-afrika-kolonisierung-museen?utm_referrer=https%3A%2F%2Fwww.zeit.de%2F