Jacques Santer

Vu Wikipedia
Jacques Santer
Gebuer 18. Mee 1937
Waasserbelleg
Nationaliteit Letzebuerg
Educatioun Universiteit vu Stroossbuerg ,
Universiteit van Amsterdam,
Institut d'etudes politiques de Paris ,
Stater Kolleisch ,
Dikrecher Kolleisch
Aktiviteit Politiker , Affekot , Banquier
Partei CSV
Famill
Bestuet mat Daniele Binot
Kanner Patrick Santer

De Jacques Santer , gebuer den 18. Mee 1937 zu Waasserbelleg , ass e letzebuergesche Politiker .

No senger Premiere am Atheneum goung de Jacques Santer fir ee Joer op d' Cours superieurs an duerno op d'Universiteite vu Stroossbuerg a Parais , wou en Droit an Ekonomie studeiert huet.

Karriar [ anneren | Quelltext anneren ]

Hien huet seng berufflech Karriar als Affekot ugefaangen. 1962 gouf en Attache am Ministere vun der Securite sociale.

Tescht 1966 an 1972 war e Fraktiounssekretar vun der CSV . 1972 gouf e Staatssekretar fir Sozial- a Kulturpolitik an der Regierung Werner-Schaus II .

1974 gouf de Jacques Santer Deputeierten am Europaesche Parlament , wouvun en tescht 1975 an 1977 Vizepresident war.

1979 gouf de Jacques Santer President vun der CSV. No de Chamberwalen 1979 gouf e Finanzminister a Minister fir Aarbecht a Soziales an der Regierung Werner-Thorn-Flesch .

Nodeem de Pierre Werner sech 1984 aus dem politesche Liewen zereckgezunn hat, ass de Jacques Santer, dee bei de Chamberwale vun deem Joer Spetzekandidat vu senger Partei war, Premierminister vun enger Koalitiounsregierung mat der LSAP ginn. Des Koalitiounsregierung , mam Santer un der Spetzt, gouf 1989 an 1994 vun de Wieler confirmeiert.

De Jacques Santer war och vun 1984 bis 1989 Member vu Conseil de Gouvernance vun der Weltbank a vun 1991 bis 1994 Gouverneur vum Internationale Warungsfonds .

1995 gouf de Jacques Santer vum Europaesche Conseil zum President vun der Europaescher Kommissioun ernannt; hien ass dei Funktioun am Januar 1996 ugetrueden.

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Kommissioun Santer .

E Rapport, deen d'Responsabiliteit vun der Kommissioun bei der Bekampfung vu Bedrugsfall a Fro gestallt huet, huet de 15. Maerz 1999 dozou gefouert, datt d'Kommissioun huet missen zerecktrieden.

Vun 1999 bis 2004 war de Jacques Santer Deputeierte vum Europaesche Parlament a vun 2002 bis 2004 ee vun de Letzebuerger Membere vun der Europaescher Konventioun .

Zanter 1998 ass de Jacques Santer President vum Verwaltungsrot vun der Fondation Musee d'Art Moderne Grand-Duc Jean . Am Summer 2004 gouf e President vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA als Nofollger vum Gaston Thorn . [1] . Hien ass och Member vum Verwaltungsrot vun der RTL Group , zanter 2001 vun der General Mediterranean Holding [2] an zanter 2009 President vun der A.s.b.l. The Institute for Global Financial Integrity , dei vu Sandstone gegrennt ginn ass. [3] Hie war am Verwaltungsrot vun der UniCredit Luxembourg .

De Jacques Santer ass Wittmann [4] a Papp vun zwein erwuessene Jongen, wourenner de Patrick Santer .

Gielercher [5] [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Haag, Emil : Jacques Santer * 1954, de la presidence du gouvernemet a celle de la Commission europeenne In: Une reussite originale - Le Luxembourg au fil des siecles (Ss 542-549); Letzebuerg (Editions Guy Binsfeld), 2011; 576 Saiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • Schmitt, Anne , 2005. Jacques Santer: portrait intranquille . 203 p. Ed. Saint-Paul, Luxembourg.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Jacques Santer ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Virganger:
Jacques Delors
President vun der Europaescher Kommissioun
1995 - 1999
Nofollger:
Manuel Marin
Virganger Generalsekretar vun der CSV Nofollger
Nicolas Mosar 1972 - 1974 Jean Weber

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Board of Directors op rtlgroup.com
  2. Board of Directors op gmhsa.com (gekuckt 2013-03-03).
  3. Board of Directors op ligifi.org (gekuckt:2013-03-03).
  4. "Daniele Santer-Binot gestorben." wort.lu, 09.03.2011 16:59.
  5. Portrait vum Jacques Santer op der Websait www.amfie.org Archiveiert de(n) 2013-09-07. Gekuckt de(n) 2013-01-12.
  6. Distinctions honorifiques a l'Ambassade des Pays-Bas . Luxemburger Wort . eluxemburgensia.lu (8. Maerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.
  7. Distinctions honorifiques a l'occasion de la Fete Nationale op der Sait 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Oktober 2022