Den
Hierscht
als eng vun de veier
Joreszaiten
ass d'Iwwergangszait tescht
Summer
a
Wanter
. An den
tempereierten Zonen
ass et dei Zait, an dar d'Blieder vun de Beem falen, an dei lescht Feldfriichten erageholl ginn.
Dat Wuert Hierscht ass Famill mat dem engleschen
harvest
, lat.
carpere
(= plecken) a griich.
karpos
(Fruucht, Erdrag). Et kennt vum indogerm.
sker
(= schneiden). Ufanksbedeitung vum Hierscht ?Zait vun der Fruucht“, ?Zait vum Plecken“, ?Zait vun der Rekolt“.
Jee nodeem ob den Hierscht op der
Sud
- oder op der
Nordhallefkugel
ass, ennerscheet een tescht
Sudhierscht
an
Nordhierscht
. Well de
Zenitstand
vun der
Sonn
e stannegen Zyklus tescht dem
sudlechen
an
nerdleche Wendekrees
huet, widderhelt sech den Hierscht all Joer op all Hemisphar.
Astronomesch
fankt den Hierscht mat der Hierscht-
Equinoxe
:
Well d'
Emlafbunn
vun der Aerd em d'Sonn em 1,7 Prozent vun enger Kreesbunn ofwaicht, sinn dei 4 Joreszaiten net ganz glaich laang. Dest wierkt sech och eppes op de
phenologeschen
Hierschtufank aus, dee
klimatesch
vum astronomeschen ofwaiche kann. Et ennerscheet een dobai och tescht dem
Freihierscht
,
Vollhierscht
a
Speithierscht
.
Am Hierscht verfierwe sech d'Blieder op de Beem, ier se dann offalen. Ursaach ass de luese Reckzuch vum Planzesaaft an de Stamm resp. an d'
Wuerzelen
. De
Chlorophyll
gett ofgebaut an aner Blatfaarfstoffer suerge fir d'Fierwen. Bei dese Faarfstoffer handelt et sech z. B. em
Carotinoiden
an
Anthocyanen
.