|
Dese
Sportsartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
Gewiichthiewen
oder
Halterophilie
ass eng
Olympesch Sportaart
, bei dar d'Athleeten eng
Hantel
duerch Staerkt, Kraaft an Technik an d'Luucht hiewe mussen. Am Geigesaz dozou gett dat einfacht Ophiewe vu Gewiichter haaptsachlech am Konditiounstraining oder der Gymnastik traineiert.
Den Urspronk vum Gewiichthiewe geet bis an d'
Antiquiteit
zereck a gouf souwuel vun den anticken
Egypter
wei och vun de
Griiche
bedriwwen. Als internationale Sportaart huet et sech virun allem am
19. Joerhonnert
entweckelt. Et ass eng vun de weinege Sportaarten, dei scho bei den eischten Olympesche Spiller vun der Neizait am Joer 1896 zu Athen vertruede waren.
Am Ufank vum
20. Joerhonnert
waren
Eistraich
,
Daitschland
a
Frankraich
dei erfollegraichst Natiounen, an den
1950
er Joren hunn awer d'Gewiichthiewer aus der
Sowjetunioun
zougeluecht a si bis an d'
1990
er Joren un der Spetzt bliwwen, bis China, d'Tierkei, Griicheland an den Iran sech virgedreckt hunn. Bei den Dammen huet China vun Ufank un domineiert.
Am Gewiichthiewe gett et zwou Disziplinnen:
Beim Raissen (
(fr)
arrache
) huelen d'Athleeten d'Laanghantel an hiewen s'an enger eenzeler Beweegung iwwer de Kapp.
Beim Stoussen (
(fr)
epaule-jete
) muss den Athleet d'Laanghantel als eischt bis op d'Heicht vu senger Broscht ophiewen. Da muss hien eng Paus maachen, seng Aerm a Bee strecken an d'Hantel dann iwwer de Kapp hiewen an dobai den Aarm gestreckt halen a waarde bis datt en akustescht Signal erklengt.
E Gewiichthiewer huet jee drai Versich an den zwou Disziplinnen. Dei bescht Leeschtung vun all Disziplin gett zesummegezielt an dee mat der hechster Punktzuel gewennt.
Mat Ausnam vun de Joren 1900, 1908 an 1912 war d'Halterophilie bei de Manner emmer op den olympesche Spiller vertrueden; fir d'Fraen ass d'Sportaart ereischt zenter de
Summerspiller 2000
zu Sydney olympesch.
Fir d'Summerspiller 2024 zu Parais sinn an all Gewiichtsklass maximal 12 Sportler zougelooss.
D'Gewiichtsklasse bei den Hare sinn: -61 kg, 73 kg, 89 kg, 102 kg, +102 kg; bei den Damme sinn et: -49 kg, 59 kg, 71 kg, 81 kg, +81 kg.
Zu Letzebuerg gett et 5 Clibb fir Gewiichthiewen dei am nationale Verband federeiert sinn.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg
.