Mat de
geographesche Koordinaten
(
geographesch Breet
a
geographesch Langt
) kann een d'Lag vun engem Punkt op der
Aerd
bestemmen. D'Aerd gett dobai an 360 Langtegrade souwei an 180 Breetegraden opgedeelt. Langtegrade verlafen duerch
Nord-
a
Sudpol
, Breetegrade parallel zum
Equator
.
Geographesch Koordinate ginn dacks am
Sexagesimalsystem
uginn, d. h. 1 Grad ass ennerdeelt a sechzeg
Minutten
, 1 Minutt nees a 60
Sekonnen
.
D'
Gradnetz
vun der Aerd ass e geduechte Koordinatesystem op der Aerduewerflach mat Langten- a Breetekreesser dei sech rechtwenkeleg schneiden. Et gett fir d'geographesch Bestemmung vun enger Plaz benotzt. D'Breetegrade ginn dobai vum
Equator
aus gezielt, d'Pole leien bei 90° Nord resp. Sud, d'Langtegrade gi vun engem willkurleche
Nullmeridian
no Osten an no Weste gezielt bis 180°. D'Festleee vun de Wenkelen ass deem an der Mathematik gebraichleche
Kugelkoordinatesystem
entgeintgesat.
Bis Ufank vum
20. Joerhonnert
waren a verschiddene Lanner ennerschiddlech Nullmeridiane gebraichlech (z. B. de
Ferro-Meridian
vun
El Hierro
an de
Meridian vu Parais
). Haut gett weltwait de
Meridian vu Greenwich
benotzt.
Och kenne geographesch Koordinate jee no Land ennerschiddlech Bezuchssystemer hunn, deenen hir
Referenzellipsoiden
dem regionale
Geoid
ugepasst sinn. International gett haut meeschtens d'
World Geodetic System 1984
(WGS84) gebraucht.
Genee Positiounsdonneee sinn an der
Loftfaart
an an der
Nautik
erfuerdert. Do gi geographesch Breet a Langt a Grad an
Minutten
uginn, z. B.
Zugspitze
Lat = 47° 25' N oder Nord, Lon = 010° 59' E oder Ost.
- Bouminutte ginn dezimal weider ennerdeelt.
- No DIN 13312, fir Loft- a Seifaart, gett dei geographesch Breet mat
Lat
oder mei al och φ ofgekierzt, dei geographesch Langt mat
Lon
oder λ.
B
an
L
entspriechen net der Norm.
- Eng Breeteminutt ass op der Aerduewerflach eng Streck vu ronn 1,852 km an defineiert d'Langt vun enger
Seimeil
.
- D'Streck, dei verglaichbar mat enger Langteminutt ass, huet um Equator 1,852 km, helt awer zum Pol hi mat dem
Kosinus
vun der geographescher Breet bis op Null of. Si ass also
breetofhangeg
. An Europa lait d'Streck tescht 1,0 km an 1,5 km.
Am
Vermiessungswiese
sinn cm-Genauegkeete gefrot. Dofir ginn d'Donneee vu
Bousekonnen
net duer, well eng Bousekonn (1″) ongefeier 31 m (Breetangab) resp. 20 m (Langtenangab an Europa) entsprecht. Zanter den
1990er
Joren erfollegt an Daitschland eng Emstellung op
UTM-Koordinaten
am
ETRS89
-System, bezunn op de
GRS80
-Ellipsoid.
Natierlech, astronomesch, ellipsoidesch, geodetesch Koordinaten
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Dei natierlech Koordinaten (astronomesch Breet φ an astronomesch Langt λ) kennen duerch
astronomesch Uertsbestemmung
ermettelt ginn. Si bezeie sech op dei tatsachlech
Loutrichtung
um Miesspunkt. Dei
ellipsoidesch Koordinaten
(B, L ? och geodetesch Koordinate genannt) bezeie sech dogeint op d'Normalrichtung vum gebrauchte Referenzellipsoid. D'Differenz vu Loutrichtung an Ellipsoidnormale ass normalerweis mei kleng wei 10″ a gett als
Loutofweechung
bezeechent. An der Reegel lafe weeder Loutrichtung nach Ellipsoidnormal duerch den
Aerdmettelpunkt
.
Bei klenge Genauegkeetsusprech z. B. bei Kaartenduerstellungen op klenge Moossstief gett den Aerdkierper fir Vereinfachung duerch eng Kugel ersat. An desem Fall entsprieche geographesch Breet a Langt
spharesche Koordinaten
. Nemmen dann ass d'Breet vun de Wenkel am Aerdmettelpunkt tescht dem Equator an dem gesichte Punkt.
Portal Astronomie