D'
Erna Hennicot-Schoepges
gebuer de
24. Juli
1941
zu
Diddeleng
, ass eng
Letzebuerger
Politikerin
a
Musekerin
.
D'Erna Hennicot-Schoepges ass Eierendokter vun der
Sacred Heart University Luxembourg
an dem
Miami University John E. Dolibois European Center
. Si ass bestuet a Mamm vun drai Kanner.
D'Erna Hennicot-Schoepges huet Musek a Kombinatioun mat Philosophie a Literatur op follgende Schoule studeiert:
Conservatoire royal de musique de Bruxelles
,
Ecole normale superieure de Paris
,
Mozarteum
zu
Salzbuerg
an um
Centre universitaire
zu Letzebuerg.
Si huet hir berufflech Carriere als Museksprofessesch um
Conservatoire vun der Stad Letzebuerg
ugefaangen an huet sech als Pianistin eng zolidd Renommee als Begleederin geschaf. Si huet vill Pianosrezitaler ginn an ass zesumme mat dem RTL-Orchester opgetrueden.
Enner dem
Pseudonym
"Colette" war si zeng Joer laang Mataarbechterin vu
Radio Letzebuerg
, wou si Musekssendunge modereiert huet.
Vun
1976
bis
1987
war si am Gemengerot vu
Walfer
a vun
1988
bis Januar
1995
Buergermeeschtesch vun dar Gemeng.
1979
gouf si fir d'eischt Keier op der Lescht vun der
CSV
an d'
Chamber
gewielt a bis 2009, wou se net mei kandideiert huet, all Keier eremgewielt.
Tescht Juli
1989
a Januar 1995 war si
Presidentin vun der Chamber
an domat dei eischt Fra an deser Positioun.
Nieft der Chamber war si och Member vun aneren Assembleeen:
Vum Januar 1995 bis
1999
war si an der
Regierung Juncker-Poos
Ministesch fir Erzeiung a Beruffsausbildung, Ministesch fir Kultur a Ministesch fir Kultus. No de
Wale vun 1999
gouf si Ministesch fir Kultur, Heichschoulerzeiung a Fuerschung, a Ministesch fir effentlech Bauten an der
Regierung Juncker-Polfer
. An deenen zwou Regierungsperioden war si delegeiert Ministesch fir d'Francophonie.
Vun 1979 bis 1988 war d'Erna Hennicot-Schoepges Presidentin vun de
Chreschtlech-Soziale Fraen
a vum Februar 1995 bis am Januar
2003
Presidentin vun der CSV.
Vun
2004
bis
2009
war d'Erna Hennicot-Schoepges
Deputeiert
vum
Europaesche Parlament
.
Vum
10. November
2009 bis Enn
2013
war si Member am
Staatsrot
, si huet dunn op d'Mandat verzicht. Hiren Nofollger gouf den
LSAP
-Politiker
Christophe Schiltz
.
D'Erna Hennicot-Schoepges ass a Steftungen engageiert, dei sech mat dem interkulturellen Dialog, dem interrelieisen Dialog an den europaesche Kulturrouten. Doriwwer eraus ass si a follgenden Organisatiounen engageiert:
- Hennicot-Schoepges, Erna, 1975. L'enseignement de la musique: Aspects pedagogiques.
Ecole et vie
1: 4-7. Luxembourg.
- Hennicot-Schoepges, Erna, 2008. Feuilletons europeens 2007. Groupe du PPE-DE au Parlement europeen, Bruxelles. 87 p.
- Hennicot-Schoepges, Erna, 2009. Feuilletons europeens 2008. Groupe du PPE-DE au Parlement europeen, Bruxelles. 91 p.
- Hennicot-Schoepges, Erna, & Beatrice Ungar, 2011. Von Schubert bis Praid: Leseproben einer Seelenverwandschaft. Sibiu/Hermannstadt: Honterus. 90 p.
ISBN 978-973-1725-70-3
.
- ↑
Lescht vun de Persounen dei tescht 1952 an 2012 d'
Ehrenzeichen fur Verdienste um die Republik Osterreich
kruten