|
Dese
Medezinsartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
|
Desen Artikel geheiert zur Serie vun de
Medezinartikelen
. Des Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, ma ersetzen
op kee Fall
en Dokter oder Apdikter! Och d'Eischt-Hellef-Rotschlei kennen op kee Fall mat engem richtegen Eischt-Hellef-Cours glaichgesat ginn!
|
D'
COVID-19-Pandemie
ass en Ausbroch vun der neier Otemweeerkrankheet
COVID-19
(oder "Covid-19" fir "Corona Virus Disease 2019"). D'Krankheet ass Enn Dezember 2019 an der Stad
Wuhan
an der
chineesescher
Provenz Hubei
ausgebrach. Si huet sech am Januar 2020 zu enger Epidemie an der
Volleksrepublik China
entweckelt a sech weltwait verbreet. Si gouf vum neie
Coronavirus
SARS-CoV-2
ausgeleist. Fir enger Verbreedung a Lanner ouni effizient Gesondheetssystemer entgeintzewierken, huet d'
Weltgesondheetsorganisatioun
den 30. Januar 2020 den internationale Gesondheetsnoutstand ausgeruff. Den 9. Februar 2020 huet d'Zuel vun de gemellten Doudesfall, iwwer 800, d'total Zuel vun den Doudesfall vun der
SARS-Pandemie
2002/2003 iwwerschratt. Vum 28. Februar 2020 un huet d'
WHO
an hire Rapporten de Risiko op weltwaitem Niveau als "ganz heich" bewaert, virdrun als "heich". Den 11. Maerz 2020 huet d'WHO offiziell dei vireg
Epidemie
als
Pandemie
erklaert, dei eischt zenter der
H1N1-Pandemie
am Joer 2009/10.
312.173.462 Persoune ware weltwait bis zum 12. Januar 2022 nogewisenermoosse mam
Virus
infizeiert. 5.501.000 Persounen hunn e bis dohin net iwwerlieft
[1]
.
Verbreedung a Moossname geint d'Ausbreedung
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Doudeg
Geheelt
Infizeiert
(weltwait)
Donneee vun der Johns-Hopkins-Universiteit
[2]
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|
2020 hu sech an de Lanner vun der EU an dem EWR (an am Vereenegte Kinnekraich) zesummen iwwer 17 Millioune Leit mam Virus ugestach, a bal 430.000 sinn um oder mam Virus gestuerwen.
[3]
. D'EU huet bal 3 Milliarden Euro fir Noutmoossnamen, fir Medikamenter, Schutzequippement an
Impfstoffer
ausginn. D'EU Memberstaaten hunn och engem Hellefsprogramm vu 750 Milliarden Euro zougestemmt, fir datt hir Economie sech an den nachste Jore vun de Follge vun der Pandemie erhuele keinten, woubai fir d'eischt Keier grouss Emprunte gemeinsam geholl solle ginn.
Den 29. Februar 2020 gouf et deen eischten offizielle Fall vu Covid-19 zu Letzebuerg.
[4]
Bis Enn des Joers ware 500 Leit un oder mam Virus gestuerwen.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
COVID-19-Pandemie zu Letzebuerg
.
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|
- ↑
Cf.
https://gouvernement.lu/lb/dossiers.gouv_msan%2Blb%2Bdossiers%2B2020%2Bcorona-virus.html
- ↑
CSSE COVID-19 Dataset
:
Time series summary (csse_covid_19_time_series)
.
In:
Johns Hopkins University
Center for Systems Science and Engineering:
2019 Novel Coronavirus COVID-19 (2019-nCoV) Data Repository by Johns Hopkins CSSE
.
Abgerufen am 22. Marz 2020.
- ↑
European Centre for Disease Prevention and Control, ECDC
.
- ↑
Bilo, M. & S. Remesch, 2020. "
Ein normales Szenario". Erste Person in Luxemburg mit dem Corona-Virus infiziert. - Behorden setzen auf Transparenz.
Luxemburger Wort
vum 2. Maerz 2020, S. 15.