De
Baudouin Albert Charles Leopold Axel Marie Gustave
, op
hollannesch
Boudewijn Albert Karel Leopold Axel Marie Gustaaf
, gebuer de
7. September
1930
op
Schlass Stuyvenberg
, zu
Laeken
, an der Belsch, a gestuerwen den
31. Juli
1993
op Schlass
Motril
, a
Spuenien
war vun 1951 bis 1993
Kinnek vun de Belsch
. Hie war den eelste Jong vum
Leopold III.
aus dem
Haus Sachsen-Coburg Gotha
an deem senger eischter Fra, der Prinzessin
Astrid vu Schweden
.
No der
Landung vun den Alliieierten 1944
gouf d'kinneklech Famill fir d'eischt an Daitschland op
Hirschstein
an am Maerz 1945 op
Strobl
an
Eistraich
bruecht. No der Befreiung krut de Kinnek Leopold III. virgeworf, am Krich bei der daitscher Invasioun, 1940, ze frei kapituleiert ze hunn. Hie konnt doweinst net direkt an d'Belsch zereck. Sai Brudder, de
Prenz Charles
, huet d'Regence iwwerholl, well sai Brudder an der "Incapaciteit, ze regeiere" wier.
Well et politesch zu kenger Leisung em d'
Question royale
koum, gouf schlussendlech decideiert, e
Referendum
ofzehalen. 58 % vun de Wieler hu sech fir de Leopold ausgeschwat, wann et och regional staark Ennerscheeder am Resultat gouf. Den 22. Juli 1950 ass de Lepold op Breissel hanneschtkomm. Et koum doropshin zu schweieren Onroue bei
wallouneschen
Aarbechter, sou datt de Leopold III. ofgedankt a virgeschloen huet, sai Jong, de Prenz Baudouin, sollt Kinnek ginn. Desen huet de 17. Juli 1951 sain Eed op d'Verfassung ofgeluecht a gouf fennefte Kinnek vun de Belsch.
De 15. Dezember 1960 huet hie sech mat der
Dona Fabiola Fernanda Maria de las Victorias Antonia Adelaida de Mora y Aragon
(
11. Juni
1928
-
5. Dezember
2014
) bestuet, enger freierer Infirmiere a Kannerbuchauterin. Si krute keng Kanner.
1990 koum et zu enger Verfassungskris, well de Baudouin, wengst sengem kathoulesche Glawen, e Gesetz dat den
Avortement
liberaliseiere sollt, net ennerschreiwen (an deemno a Kraaft triede loossen) wollt. Op sain eegene Wonsch hin huet dei belsch Regierung hien de 4. Abrell 1990 fir net am Stand, ze regeieren erklaert. D'Verfassung huet fir sou ee Fall virgesinn, datt dei ganz Regierung d'Fonctioun vum
Staatschef
iwwerhuele geif. Nodeems all Regierungsmemberen d'Gesetz ennerschriwwen haten, hu se deen Dag drop, de 5. Abrell 1990, de Baudouin nees fir kapabel erklaert, ze regeieren.
[1]
No sengem stenterlechen Doud gouf, well e selwer keng Kanner hat, sai Brudder
Albert II.
sain Nofollger.
- ↑
25 Jahre Abtreibungsgesetz in Belgien: Fur Erzbischof Leonard “ein Drama”
(Gerard Cremer, Ostbelgien Direkt, 5. April 2015)