Den
Albert II.
, gebuer de
6. Juni
1934
um
Schlass Stuyvenberg
, war dee 6. Kinnek vun de
Belsch
. Hien ass den
9. August
1993
sengem Brudder
Baudouin
, dee stenterlech gestuerwe war, op den Troun gefollegt. Den 21. Juli 2013 ass hien zu Gonschte vu sengem Jong
Philippe
zereckgetrueden, wat hie schonn den 3. Juli ugekennegt hat.
Den Albert ass deen 2. Fils vum Kinnek
Leopold III.
an der Kinnigin
Astrid
, eng gebuere Prinzessin vu
Schweden
. Sain Titel bei der Gebuert war
Prenz vu Leck
a sai kompletten
Dafnumm
ass
Albert Felix Humbert Theodore Christian Eugene Marie
.
Den Albert hat keng liicht Kandheet. Seng Mamm ass
1935
bei engem Autosaccident em d'Liewe komm. Den
Zweete Weltkrich
huet en a
Frankraich
,
Spuenien
, an zu engem groussen Deel zu
Breissel
verbruecht. Nom
Debarquement an der Normandie
ass d'kinneklech Famill an
Daitschland
an um Enn an enger Villa zu Strobl um Wolfgangsei an
Eistraich
vun den daitschen Okkupanten interneiert ginn. De
6. Mee
1945
goufe se da vum 106.
U.S.
Kavallerieregiment aus hirer Zwangsresidenz befreit.
[1]
Ma et huet bis 1950 gedauert, soulaang war d'Gestreits em d'
Question royale
, bis d'Familljen nees an d'Belsch konnt kommen. Sai Papp huet ofgedankt a sai Brudder Baudouin gouf 1951 Kinnek.
Hannescht an der Belsch huet den Albert eng laang Ausbildung an der
Marinn
gemaach. "Berufflech" gouf e President vun der
Caisse generale d'epargne et de retraite
(CGER), bis dei 1991 opgeleist gouf. Hie war och President vum Belsche
Roude Kraiz
, Senator an Eierepresident vum Belschen Olympesche Comite. Vun
1962
u war e, bis e Kinnek gouf, Eierepresident vum
Office belge du commerce exterieur
, wat em erlaabt huet, eng honnert Reesen uechtert d'Welt ze maachen.
Den
2. Juli
1959
huet hien d'
Paola Ruffo di Calabria
bestuet. Si kruten 3 Kanner: De
Philippe
(gebuer de
15. Abrell
1960
), d'
Astrid
(gebuer de
5. Juni
1962
) an de
Laurent
(gebuer den 19. Oktober 1963). Um Enn vun den 1960er Joren, wei et net ze gutt em de Stot stoung, krut hien eng Duechter baussent dem Bestietnes, d'
Delphine Boel
.
Nom Doud vu sengem Brudder Baudouin, huet den Albert den 9. August 1993 den Eed als sechste Kinnek vun de Belsch geleescht. Dei nei
federal
Verfassung vun der Belsch ass kuerz duerno, de 17. Februar 1994 a Kraaft getrueden, a sou war an ass sain Haaptuleies, d'Versteesdemech an den Zesummenhalt tescht deene verschiddenen
Regiounen a Communauteiten
z'erhalen an ze staerken.
Seng Seschter war d'
Josephine-Charlotte
, dei speider Fra vum Groussherzog
Jean
. Hien ass de Monni an Dafpatter vum Groussherzog
Henri vu Letzebuerg
.
Um Spaweck
Referenzen
- ↑
106th Cavalry
archiveiert