Batty Weber

Vu Wikipedia
Desen Artikel iwwer en Auteur ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Batty Weber
Gebuer 25. November 1860
Remeleng
Gestuerwen 15. Dezember 1940
Letzebuerg
Nationaliteit Letzebuerg
Educatioun Stater Kolleisch ,
Universiteit Bonn
Aktiviteit Journalist, Schreftsteller , Feuilletonist, Dichter
Famill
Bestuet mat Emma Weber-Brugmann , Appoline Sachs
Kanner Paula Johanna Weber


Dem Jabo seng Kaap (Ufank) an der Schreifweis vun 1946.

De Batty (Jean-Baptiste) Weber , gebuer de 25. November 1860 zu Remeleng a gestuerwen de 15. Dezember 1940 an der Stad Letzebuerg , war e letzebuergesche Schreftsteller , Journalist, Feuilletonist .

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Hie war de Jong vum Schoulmeeschter Michel Weber an der Marie-Catherine Klein vu Freiseng . De Batty Weber ass zu Remeleng an der Grouss-Strooss Nr. 82 op d'Welt komm an zu Stadbriedemes opgewuess.

1888 huet hie sech mat der Appoline "Lina" Sachs bestuet. Si ass 1901 gestuerwen. Zesummen hate si eng Duechter, d'Paula Johanna (1888-1971). 1904 huet hie sech du mat der Emma Brugmann bestuet, mat dar zesumme si e Jong haten, den Heinz (1905-1970). 1934 hu si sech zu Stadbriedemes en Haus, d' Haus Heemecht , gebaut.

De Batty Weber ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Dem Batty Weber sain Haaptwierk besteet aus iwwer 7.050 Texter, dei tescht dem 25. September 1913 an dem 17. Dezember 1940 an der liberaler Luxemburger Zeitung an der Feuilletonserie Abreißkalender publizeiert goufen.

1909 huet de Batty Weber de Begreff vun der Mischkultur fir d'Letzebuerger Gesellschaft ze beschreiwen, an d'Welt gesat.

Hie war Eierepresident vun der Assoss a President vun der Association luxembourgeoise des journalistes .

Wierk (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 1882: Mein Freund Gunther
  • 1889: Bella Ghita
  • 1890: Hart am Abgrund
  • 1891: Der Amerikaner
  • 1891: Verderberin
  • 1898: De Sch?fer vun Aasselburn . Letzeburger Volleckssteck a v?er Akten. En Trauerspill mat als Hannergrond de Kleppelkrich mam Scheifermisch
  • 1909: Uber Mischkultur in Luxemburg . Beilage der Munchner Neuesten Nachrichten: 121-124.
  • 1912: Fenn Kaß
  • 1915 D'Wonner vu Speisbech . Operett a 4 Akten.
  • 1922 Nick Carter auf dem Dorf
  • 1906: Le Lasso . Drama an drai Akten. Gouf den 19. September 1922 zu Parais am Theatre de l'Œuvre enner der Regie vum Lugne-Poe opgefouert.
  • 1923 Der Inseltraum
  • 1926 Hande

Nom Batty Weber genannt [ anneren | Quelltext anneren ]

Illustratiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Batty Weber ? Biller, Videoen oder Audiodateien