Den
Arthur Aster Miller
, gebuer de
17. Oktober
1915
zu
New York City
, a gestuerwen den
10. Februar
2005
zu
Roxbury
am
Connecticut
, war en
US-amerikanesche
Schreftsteller
.
Den Arthur Miller gellt als e
gesellschaftskriteschen
Theaterschr
eftsteller, dee geint de Cliche vum sougenannten
American Way of Life
geschriwwen huet. Hien huet emmer erem d'ethesch Waerter bei senge Personnagen an de Vierdergrond gestallt.
Als Jong vun enger
polnesch
-
jiddescher
Immigrantefamill
wiisst den Arthur Miller zu New York op.
No sengem
High School
-Ofschloss (entsprecht eiser Premiere) jobbt en eng Zait doruechter a studeiert dann, vun
1934
un, op der
University of Michigan
fir d'eischt
Journalismus
, duerno
Englesch
, nodeem e fir sain Theatersteck
No Villains
e Prais gewonnen hat. Nach eier en
1938
seng Uni ofgeschloss huet, ginn eng Retsch Stecker vun him zu
Ann Arbor
an zu
Detroit
opgefouert.
Mat nemmen 33 Joer gewennt den Arthur Miller de
Pulitzerprais
fir sai Steck
Death of a Salesman
("
Doud vun engem Reesender
").
Seng kritesch Haltung vis-a-vis vum
McCarthysmus
a senge Filmer, ma och sai Refus, virum "
Comite fir on-amerikanesch Aktiviteiten
" d'Nimm vu
Kommunisten
, mat deenen e kenneg ass, ze verroden, feieren
1957
zu enger Verudeelung, dei awer an den
1960er
Joren, wei dei Anti-Kommunismus-Hysterie ofklengt, nees opgehuewe gett.
Den Arthur Miller ass draimol bestuet, sain 2. Bestietnes mat der
Marilyn Monroe
suergt fir heicht Medienintressi, halt awer nemme veier Joer, bis
1960
. Mat senger 1. an 3. Fra, huet en all Keier e Jong an e Meedchen. Seng drett Fra war dei weltbekannt Fotografin
Inge Morath
.
Zulescht huet den Arthur Miller sech emmer nees geint d'Politik vum
George W. Bush
ausgedreckt. Hien ass am Alter vun 89 Joer gestuerwen.
Sai wuel bekanntst Steck,
Death of a Salesman
, gett emmer erem opgefouert an ass haut sou aktuell wei jee. Et gouf
1985
vum
Volker Schlondorff
mam
Dustin Hoffman
an dem
John Malkovich
an den Haaptrolle verfilmt an zielt d'Geschicht vum Willy Loman, dee sech net agestoe kann, datt hien dora versot huet, sech den "amerikaneschen Dram" vu Wuelstand a Succes ze erfellen, an dofir an eng Dramwelt flucht, bis dei op der Realiteit zerbrecht.
Sai Steck
The Crucible
(verfilmt 1957:
Les sorcieres de Salem
vum
Raymond Rouleau
mam
Simone Signoret
an
Yves Montand
an 1996:
The Crucible
vum
Nicholas Hytner
mam
Daniel Day-Lewis
a
Winona Ryder
) spillt zwar
1692
zu
Salem
, wou e puer vun de leschten Hexeverbrennunge geschouchen, an developpeiert, wei eng duerch Messtrauen, Intrigen a Verrot genierten Hetzcampagne zu deem Verbrieche konnte feieren. D'Parallelen zum deemolegen Amerika, gezeechent vum McCarthy senger Kommunistejuegd, sinn awer onmessverstandlech.
- All my sons
(dt.
Alle meine Sohne
, fr.:
Tous mes fils
) (Drama, 1947)
- Death of a Salesman
(dt.
Tod eines Handlungsreisenden
, fr.
Mort d'un commis-voyageur
) (Drama, 1949) (Pulitzer Prize for Drama)
- The Crucible
(dt.
Hexenjagd
, fr.:
Les sorcieres de Salem
) (Drama an zwein Akten, 1953)
- A view from the bridge
(dt.
Blick von der Brucke
) (Steck an zwein Akten, 1955)
- A Memory of Two Mondays
(dt.
Erinnerung an zwei Montage
) (Steck an engem Akt, 1955)
- After the Fall
, (dt.:
Nach dem Sundenfall
, fr.: Apres le (Steck an zwein Akten, 1964)
- Incident at Vichy
(dt.
Zwischenfall in Vichy
) (Steck an engem Akt, 1965)
- The Price
(dt.
Der Preis
) (Steck an zwein Akten, 1968)
- The Creation of the World and Other Business
(Steck an drai Akten, 1973)
- Up from Paradise
,
The Archbishop's Ceiling
,
The American Clock
(Drai Stecker, 1981)
- Playing for Time
(dt.
Spiel um Zeit
) (Steck an zwein akten, 1981)
- 2by Arther Miller: Elegy For a Lady, Some Kind of Love Story
(Zwein Eenakter, 1982)
- Danger, memory!: a double bill of "I can't remember anything" and "Clara"
(Eng Editioun vun zwee Stecker, 1986)
- The Ride Down Mt. Morgan
(Steck an zwein Akten, 1992)
- The Last Yankee
(Steck an zwein Akten, 1994)
- Broken Glass
(Steck an engem Akt, 1994)
- Mr. Peters' Connections
(1998)
- The Ryan Interview
(2000)
- Resurrection Blues
(2004)
- Finishing the Picture
(2004)
- An enemy of the People
, dem Miller seng Beaarbechtung vum
Hendrik Ibsen
sengem
Volleksfeind
Steck an drai Akten, (1951)
- Situation Normal
(dt.
Normale Verhaltnisse
) (1944)
- In Russia
, mat Fotoe vun der Inge Morath, Viking Press, New York, 1969
- The Misfits
(dt.:
Nicht gesellschaftsfahig
) (Dreibuch zum Film vum
John Huston
, 1961)
- Everbody Wins
(dt.
Alle gewinnen
) (1990)
- The Crucible - Screenplay
(1996)
- Focus
(dt.
Brennpunkt
) (1945)
- Timebends
(dt.
Zeitkurven
) (Autobiographie, 1987)
- Rainer Lubbren:
Arthur Miller
. Deutscher Taschenbuch-Verlag, Munchen 1977.
ISBN 3-423-06819-1
Irving Reis
:
All my Sons
USA, 1948