Den
Aloyse Hentgen
gebuer de
16. Juli
1894
zu
Riedgen
, a gestuerwen den
1. Dezember
1953
an der
Stad Letzebuerg
[1]
, war e letzebuergeschen
Affekot
a Wirtschafts- a Landwirtschaftsminister a
Resistenzler
.
Hien huet vun
1913
bis
1916
zu
Parais
an duerno zu
Friburg
an der
Schwaiz
Droit
studeiert. Den
13. Juli
1917
huet e sain Eed als Affekot geleescht a gouf Member um
Barreau vu Letzebuerg
.
A senger Schuler- a Studentenzait war hie Member vun der pennaler "Landsmannschaft" a speiderer studentescher "Ferialverbindung"
Amicita Luxemburgensis
a vun 1917 un, war hien als President vum
Akademikerverain
engageiert, enger Studentenorganisatioun dei zwar offiziell onofhangeg war, u sech awer der
Rietspartei
an duerno dar hirer Nofollgerin
CSV
nostoung. Doduerch krut hie Kontakter an d'Politik a gouf do als "kathoulesch an nationalistesch" betitelt. En huet versicht, d'
Marie-Adelaide
geint d'Ugreff vun de Lenken ze verdeedegen a war als
Konter-Revolutionnar
a
Reaktionar
geint den Uschloss un d'
Belsch
. Bei de
Chamberwalen 1934
gouf en dem
Eugene Dondelinger
sain Nofollger als
Chamber
-Deputeierte vun der Rietspartei am Sudbezierk.
Den
29. Februar
1920
huet en, mat nach anere Familljen, bei der Grennung vun der eischter Letzebuerger Assurancegesellschaft
La Luxembourgeoise
matgewierkt. Hie gouf do President vum Opsiichtsrot an duerno Administrateur-delegue (
1923
: Division assurances,
1933
: Division banque).
Den
10. Dezember
1933 huet den Aloyse Hentgen d'Letzebuerger Basketball Federatioun matgegrennt a war do vun 1933 bis
1936
President vum Comite.
Um Haerz louch em och de
Scoutissem
. Sou war en e. a. virum
Zweete Weltkrich
Chef-Scout
a vun
1944
bis
1948
Commissaire general
vum Verband vun de
Letzebuerger Scouten
.
Am Zweete Weltkrich gouf den Aloyse Hentgen als Affekot vun der Lescht vum Barreau gestrach a vun der
Gestapo
mat senger Famill an
Daitschland
deporteiert (
1942
-
1945
). Virum
KZ
gouf e vum Dr Hedfeld vu
Kaub
, weinst enger Krankheet un dar en effektiv gelidden huet, gerett.
Nom Krich war den Aloyse Hentgen Fraktiounspresident vun der CSV. Hien huet 1948/
1949
dei eischt Initiativ ergraff fir d'Grennung vun enger Jugendorganisatioun vu senger Partei am Sudbezierk. De
14. Juli
1948 gouf hie Wirtschafts- an Agrikulturminister an der
Regierung Dupong-Schaus-Bodson
. No engem eischten
Hiereschlag
huet e sech den
2. September
1950
awer gezwonge gesi fir ze demissioneieren.
Den Aloyse Hentgen ass den 1. Dezember 1953 verscheet.
- ↑
1,0
1,1
1,2
Doudesannonce vum Aloyse Hentgen
am Luxemburger Wort vum 4. Dezember 1953 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 26. Juli 2022
- ↑
Odre de la Couronne de chene Auszeechnungen 1952 Memorial A N° 10 vun 1952
Archiveiert
de(n) 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-04.