(243) Ida

Vu Wikipedia
(243) Ida
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe : J2000.0
Grouss Hallefachs 2,8612 A.E.
Exzentriziteit 0,0460
Sideresch Emlafzait 4 Joer 306 Deeg 8 Stonnen
Mettel Bunnvitess 17,61 km/s
Inklinatioun 1,1375 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 59,8 × 25,4 × 18,6 km
Mass 4,12 × 10 16
Mettel Dicht 2,5 g/cm³
Rotatiounsperiod 4 h 38 min 2 s
Albedo 0,238
Absolut Hellegkeet 9,94 M
Spektralklass S-Typ
Entdeckung
Entdecker Johann Palisa
Entdeckungsdatum 29. September 1884
Plaz Universiteitsobservatoire Wien


Den (243) Ida ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture , deen den 29. September 1884 vum Johann Palisa am Observatoire zu Wien entdeckt gouf.

Den Ida ass en onreegelmeisseg geformte Kierper. Seng Uewerflach ass hell a silikatraich .

Den 28. August 1993 ass d' Raumsond Galileo beim Asteroid op enger Distanz vun 10.500 km laanschtgeflunn an huet CCD -Fotoen op d'Aerd gescheckt. D'Fotoe weisen een onreegelmeisseg geformten Himmelskierper, (kuckt d'Foto riets) dee vun Aschlagkrateren iwwerseit ass. Grouss Deeler vum Asteroid si vun enger Stebsschicht, dem Regolith , bedeckt.

Et huet sech weiderhin erausgestallt, datt den Ida vun engem klengen natierleche Mound emkreest gett. Desen nemmen 1,4 km grousse Mound krut den Numm Dactyl , a war den eischten Asteroidemound deen observeiert gouf.

Den Ida vu verschiddene Saiten
Biller vum Laanschtfluch, dei 5,4 Stonne virum Passeieren ufanken, weisen d'Rotatioun

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: 243 Ida ? Biller, Videoen oder Audiodateien