D'
Portugisesch Republik
(
Republica Portuguesa
) oder och einfach nemme
Portugal
, ass e
Staat
am Sudweste vun der
ibeerescher Hallefinsel
. E gett am Westen an am Sude vum
Atlanteschen Ozean
, am Osten an am Norde vu
Spuenien
begrenzt. Donieft geheieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den
Azoren
souwei
Madeira
. Westlech vun der Haaptstad
Lissabon
lait
Cabo da Roca
, dee westlechste Punkt vum europaesche Festland.
Den Numm
Portugal
entstaamt dem Numm vun der Siidlung
Cale
am Delta vum Floss
Douro
.
Cale
keint e
griichescht
Wuert sinn (
Kalles
= "schein") a sech op d'Scheinheet vun der Natur am Norde vum Portugal vun haut bezeien, deen d'
Griichen
deemools koloniseiert haten. Aner
Historiker
mengen, datt
Cale
aus dem
Phonizesche
keim, well d'Phenizier Portugal an der Zait virun de
Reimer
besidelt haten. Wei Portugal zum Reimeschen Imperium geheiert huet, gouf
Cale
e wichtegen Hafen, op
Latain
Portus Cale
. Am
Mettelalter
gouf
Portus Cale
zu
Portucale
, duerno
Portugale
, woubai dest Wuert am
7.
an am
8. Joerhonnert
nemmen dei nerdlech Deeler vum Land waren, also d'Regioun tescht de Fless
Douro
a
Rio Minho
. Anerersaits verkierzt sech den Numm
Portus Cale
zu
Porto
, der zweetwichtegster Stad, dei sech doweinst voller Stolz als dei Stad betruecht, dei dem Land den Numm ginn huet.
Portugal huet eng ganz komplex Administratioun. Et gett fennef
Regiounen
(
regioes
), 18 Distrikter (
distritos
) an zwou autonom Regiounen (
regioes autonomas
), donieft existeieren 28 sougenannt "statistesch Ennerregiounen" (
subregioes estatisticas
). Een Niveau drenner kommen dann ongefeier 308 Kreesser (
municipios
oder
concelhos
) a 4257 Gemengen (
freguesias
). Dei Andeelung ass eischter ineffizient an deier. Et gett un enger Reform geschafft, dei d'Distrikter ofschafen an d'Kompetenzen dezentraliseiere soll.
D'Vir- an d'Freigeschicht vum Land entsprecht zum greissten Deel der Entwecklung an den anere Regioune vun der Ibeerescher Hallefinsel. Vun
2000 v. Chr.
un sinn d'
Ibeerer
warscheinlech aus Nordafrika agewandert. Vun
1200 v. Chr.
un goufe vun de
Phenizier
a vun
700 v. Chr.
un vun de
Griichen
Kolonie gegrennt. No
600 v. Chr.
wandere
Kelten
eran, dei sech mat den Ibeerer vermescht hunn (sougenannt
Keltibeerer
). Zu deene geheiert och de Stamm vun de
Lusitaner
, deenen hire
latengeschen
Numm mei speit dem Land sai sollt ginn.
No
450 v. Chr.
gouf dat Gebitt vu
Karthago
eruewert an nom
Zweete Punesche Krich
u
Roum
ofgetrueden. Vun de Reimer gett et enner dem Numm
Lusitania
zum Deel als eegestanneg Provenz verwalt. Dei reimesch Herrschaft halt op an der
Velkerwanderungszait
, d'
Sueben
(no
409
) a virun Allem d'
Westgoten
(no
416
) grennen hir Raicher um Terrain vum speidere Portugal.
Herrschaft vun de Maure bis d'Kolonialmuecht
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Am Joer
711
gouf d'Land vun de
Mauren
eruewert, Portugal gett en Deel vum
Kalifat vu Cordoba
, wou d'
Almoraviden
d'Soen hunn.
718
fankt
Leon
mat der chreschtlecher
Reconquista
un, aus Portugal gett sou am
11. Joerhonnert
eng eegestanneg Grofschaft, dei
1093
un den
Henri vu Burgund
falt, de Grenner vun der eischter portugisescher Kinneksdynastie.
Enner dem Henri sengem Jong an Nofollger
Alphonse I.
gett Portugal
1143
onofhangeg, den Alphonse selwer gett Kinnek. D'
Burgunder
sinn a Portugal bis
1383
um Rudder,
1211
gett dat eischt Standeparlament (
Cortes
) aberuff,
1250
ass d'Reconquista, no der Eruewerung vun der
Algarve
, a Portugal faerdeg,
1256
gett
Lissabon
nei Haaptstad vum Kinnekraich.
1383 stierft de leschte Burgunder a Portugal. De
Jean vun Avis
, dee baussent engem Bestietnes op d'Welt komm ass, rifft sech zum Kinnek aus, ka
kastilesch
Usprech op de portugiseschen Troun an der
Schluecht vun Aljubarrota
(
1385
) ofwieren a grennt dei zweet portugisesch Dynastie (
Avis
). D'Avis-Kinneken, besonnesch den
Emanuel I.
(
1495
-
1521
) verbesseren dem Land seng wirtschaftlech a militaresch Kapaziteite massiv: Portugal gett feierend Handels- a Seimuecht, keeft Kolonien a
Brasilien
,
Afrika
,
Arabien
,
Indien
an a
China
, d'Land ass eng Weltmuecht an dei raichst Natioun vun Europa (
Kuckt dozou och den Artikel:
Henri de Seifuerer
). Och kulturell ass d'Land an der Blei (
Luis de Camoes
).
1580
ass d'Avis-Dynastie um Enn, Portugal falt aus dynastesche Grenn un d'
Habsburger
vu
Spuenien
. Bis
1640
regeieren d'Spuenier, Portugal verleiert seng Onofhangegkeet, gett zu enger spuenescher Provenz degradeiert a verleiert Stecker vu sengem Kolonialraich. 1640 kennt et zu enger Revolte geint d'spuenesch Herrschaft vum Adel enner dem Herzog vu
Bragance
, dee sech als
Jean IV.
zum Kinnek erklaert. Hie grennt dei virlescht portugisesch Dynastie, d'
Haus Bragance
. Baussen- a wirtschaftspolitesch gett d'Land mei a mei ofhangeg vun
England
(cf.
Methuenvertrag
,
1703
).
1755
zersteiert en
Aerdbiewen
grouss Deeler vun der Haaptstad Lissabon, de
Marques de Pombal
baut d'Stad erem op a baut d'Land mat deels drastesche Methoden zu engem opgeklaerten
absolutistesche
Staat em.
1807
hunn
napoleonesch
Truppen d'Land besat, d'kinneklech Famill goung an den
Exil
a Brasilien. Nodeemss d'Fransouse mat brittescher Hellef erausgehait goufen, koum et zu enger
liberaler Revolutioun
, d'Land krut fir d'eischt Keier a senger Geschicht eng
Constitutioun
(
1821
). Ereischt am
Miguelistekrich
hunn d'Unhanger vun enger
konstitutioneller Monarchie
geint d'Unhanger vum Absolutismus gewonnen. 1821 gouf Brasilien enner dem Keeser
Pedro I.
onofhangeg.
Schlussphas vun der Monarchie bis den Estado Novo
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
D'Zait nom Miguelistekrich gett vum Konflikt tescht de riets- an de lenksliberale (
Cartisten
a
Setembristen
) bestemmt.
1853
stierft mat der Kinnigin
Maria II.
d'Haus Bragance an direkter Linn aus, weinst dem Bestietnes vun der Kinnigin mam
Ferdinand II.
vu
Sachsen-Coburg-Gotha
kann d'portugisesch Branche vun desem daitschen Adelshaus den Troun iwwerhuelen (bis
1910
). D'Schlussphas vun der Monarchie gett vun enger allgemenger Schwacht vum Land, wirtschaftleche Problemer (
Staatsfaillite
1891
) a sech widderhuelend republikanesch Opstann bestemmt.
1908
kommen de Kinnek
Carlos I.
a sain Ierwe bei engem Attentat em d'Liewen, 1910 gett d'
Republik
ausgeruff.
1916
graift d'Land op der Sait vun der
Entente
an den
Eischte Weltkrich
an. Dei
eischt Republik
, bis
1926
, ass duerch
anarchesch
a chaotesch Zoustann gezeechent, monarchistesch a kommunistesch Revolten, Putschversich (e. a. vum
Sidonio Pais
,
1917
), schwaach, dacks Regierungen dei wiesselen, ouni parlamentaresch Majoriteit an eng allgemeng politesch Instabiliteit erschweieren d'Situatioun.
1926
putscht d'Armei a setzt der eischter Republik en Enn. Enner dem Militar setzt sech allerdengs en Zivilist,
Antonio de Oliveira Salazar
, vun
1928
un Finanzminister, vun
1932
u Premier, un d'Spetzt vum Staat. Hie grennt
1933
den
Estado Novo
, den neien autoritare Staat mat
faschisteschen
Tendenzen, mat enger Eenheetspartei (
National Unioun
), enger Staatsjugend an enger Geheimpolice (
PIDE
). Am
Zweete Weltkrich
bleift d'Land
neutral
, erlaabt awer den
Allieierten
d'Ariichte vu Militarbasen op den
Azoren
a gett, nodeem de Krich eriwwer ass,
NATO
-Member.
1960
fankt de
Kolonialkrich
un, dee besonnesch an Afrika (
Angola
,
Mosambik
,
Guinea-Bissau
) mat grousser Haert gefouert gett.
1968
muss de Salazar weinst Problemer mat der Gesondheet opginn, sain Nofollger,
Marcello Caetano
, ka sech allerdengs net zu radikale Reformen decideieren. Duerch de Kolonialkrich ass Portugal aussepolitesch emmer mei isoleiert, d'Kaschte vum Krich dreiwen d'Staatsverscholdung an d'
Inflatioun
an d'Luucht. Feierend Genereel erkennen, datt de Kolonialkrich militaresch fir Portugal net mei ze gewannen ass. Well d'Regierung net capabel ass, eng politesch Leisung fir de Problem ze fannen, kennt et
1974
zum
Putsch
. D'Onzefriddenheet vun der Bevelkerung mat der
Diktatur
, dei duerch d'Wirtschaftskris (weinst der
eischter Petrolskris
1973
) nach verstaerkt gett, feiert dozou, datt sech d'Bevelkerung massenhaft mat de putschenden Offizeier solidariseiert, et kennt zu engem allgemenge Volleksopstand, der
Oeilletsrevolutioun
, dei den
Estado Novo
ewechbleist. Dei nei Machthaber entloossen d'portugisesch Kolonien an d'Onofhangegkeet (1974/
1975
). Dat ass d'Enn vum portugisesche Kolonialraich.
Et bleift ze soen, datt Portugal seng lescht Kolonien, namlech de klengen Iwwerseiterritoire
Macau
, op der sudchinesescher Kust, ongefeier 60 km vun Hongkong ewech, ereischt 1999 u China zereckginn huet.
Vun der Oeilletsrevolutioun bis zum EU-Baitrett
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Dei eischt Phas no der Revolutioun ass vun engem Konflikt tescht enger eischter konservativer Streimung (
Generol Antonio Sebastiao Ribeiro de Spinola
) an engem
sozialistesche
Flillek (
Otelo Saraiva de Carvalho
,
Haaptmann Otelo
) gezeechent, dee sech an dem
MFA
(Movimento das Forcas Armadas - der Vereenegung vun de putschenden Offizeier) ofspillt. Um Ufank gesait et sou aus, wei wann d'sozialistesch Streimung geif gewannen, well et zu
Verstaatlechungen
a
Landreforme
komm ass, dei nei Constitutioun von
1976
defineiert de Sozialismus als Staatszil.
Ma wei sech bei den eischte Presidentschaftswalen no der neier Constitutioun 1976 de modereierten
Generol Eanes
iwwerraschend daitlech geint den Haaptmann Otelo kann duerchsetzen, sinn d'Weiche gestallt fir datt d'Land erem eng parlamentaresch Demokratie no westeuropaeschem Modell ka ginn. Den Eanes an de Chef vun der Sozialistescher Partei, de
Mario Soares
(Premier vun 1976 bis
1978
a vun
1983
bis
1985
, Staatspresident vun
1986
bis
1996
) feieren d'Land 1986 an d'
Europaesch Gemeinschaft
.
1979
gewennt fir d'eischt Keier zanter der Oeilletsrevolutioun erem eng politesch Gruppeierung, dei riets vun der Mett steet, d'Parlamentswalen (wat zu de Regierunge
Francisco de Sa Carneiro
a
Francisco Pinto Balsemao
feiert), d'Regierung ka sech mat der sozialistescher Oppositioun op eng Constitutiounsannerung eenegen, duerch dei sozialistesch Iwwerreschter, dei no der Oeilletsrevolutioun an d'Constitutioun geschriwwe goufen, erausgeholl ginn. D'Constitutiounsannerung, dei 1982 a Kraaft trett, elimineiert enner anerem dee bis dohi wichtege Revolutiounsrot a setzt e Verfassungsgeriicht nom Virbild vun aneren demokratesche Staaten an. 1985 gett den
Anibal Cavaco Silva
Premier, seng konservativ
PSD
gewennt onerwaart heich d'Wale vun
1978
, bei deenen eng Partei fir d'eischt Keier eng absolut Majoriteit kritt. De Cavaco Silva bleift bis
1995
Premier, hie steet fir eng
neoliberal
Wirtschaftspolitik, d'Verstaatlechungen aus der Zait vun der Oeilletsrevolutioun gi reckgangeg gemaach. Vun 1995 bis
2002
stellen d'Sozialiste mat dem
Antonio Guterres
d'Regierung, vun 2002-
2004
huet d'Land mat dem
Jose Manuel Barroso
erem eng konservativ Regierung. D'Funktioun vum President ass mat engem Sozialist besat, well dem Soares sain Nofollger 1996 de Sozialist
Jorge Sampaio
gett.
2004
gett de Barroso vum
Europaesche Conseil
zum Nofollger vum
Romano Prodi
als President vun der
Europaescher Kommissioun
bestemmt. De
Pedro Santana Lopes
gett doropshi Premier, ma seng Koalitioun halt net laang: den
30. November
2004 rifft de President Sampaio Neiwalen aus, dei am Februar 2005 ofgehale ginn. De
Jose Socrates
, dee Spetzekandidat vun der
Partido Socialista
war, ass zanter dem
12. Maerz
2005
Ministerpresident.
Den
22. Januar
2006
gouf de Cavaco Silva zum President gewielt; hie gouf den
23. Januar
2011
eremgewielt.
Den Norde vu Portugal huet e relativ killt a fiicht Klima. En ass ennerdeelt an zwou Provenze resp. Landschaften:
De
Minho
am Nordweste ass eng vun de Geigende wou dei meescht Leit wunnen, d'Groussstied leien nemmen op der Atlantikkust, bannen am Land leien dofir vill Dierfer a mei kleng Stied. De Minho gett weinst sengem Klima an der relativ staarker Vegetatioun als de
grenge Gaart
vu Portugal bezeechent. D'Hang vun de ville Flossdaller si fir den Ubau vun Drauwe reserveiert, aus deenen de bekannte
Portwain
an de
Vinho Verde
gemaach ginn. Donieft gett et och vill Gemeiskulturen. D'natierlech Vegetatioun ass eng Meschung vun dar aus der gemassegter Klimazone an aus dar vun der subtropescher, jee no Heicht gett et
Eechen
oder
Kaschten
resp.
Kiferen
an
Olivebeem
.
Am Nordoste lait
Tras-os-Montes
(
Hanner de Bierger
). Desen Deel vum Land deen dem Mier de Reck dreit, ass eng Gebiergsregioun an dar et am Wanter zimmlech kal, an am Summer zimmlech waarm ka ginn. D'Vegetatioun ass net sou staark wei am Minho an helt of wat ee mei no bei d'spuenesch Grenz kennt. Dei zwou Provenzen hunn eng Gemeinsamkeet: hir Gebiergsmassiver, wei z. B. de
Marao
oder de
Peneda-Geres
gi vu ville Fless, wei dem
Rio Minho
(Grenzfloss tescht Portugal a Spuenien) oder dem
Rio Douro
, duerchschnidden. Am Norde vu Portugal lait de
Nationalpark Peneda-Geres
, dat greisst Naturschutzgebitt vum Land, wou et och nach Reschter vum Urbesch gett, mat Beem wei der wantergrenger
Steeneech
. Grouss Stied am Norde si
Porto
,
Vila Nova de Gaia
,
Matosinhos
,
Braga
,
Vila Real
a
Braganca
.
Mettelportugal ass greisstendeels hiwweleg bis gebiergeg an huet mat der
Serra da Estrela
eng greisser Biergskette wou et och e Skigebitt gett. Dei wichtegst Landschafte sinn d'
Beira
, de
Ribatejo
(den Tejo-Plateau mat dem Spetznumm
Gaart vu Lissabon
), d'
Estremadura
an den Zoufloss vum Tejo an den Atlantik. Dei ganz Regioun ass relativ fruchtbar an huet en optimale Klima fir den Ubau vu Waindrauwen. Wai gett hei schonn zanter der Reimerzait produzeiert. Donieft ginn och nach all meiglech Zorte Kar, Rais, Sonneblummen a Gemeis ugebaut. D'Regioun gett vum
Tejo
an zwee gedeelt. Iwwerschwemmungen, dei freier am Ribatejo reegelmeisseg eng Plo waren, kommen zanter dem Bau vu ville Staumaueren net mei vir. Grouss Stied a Mettelportugal si
Lissabon
,
Aveiro
,
Amadora
,
Almada
,
Seixal
,
Cascais
,
Coimbra
,
Viseu
,
Guarda
,
Leiria
,
Castelo Branco
,
Covilha
,
Setubal
a
Santarem
.
De Sude vu Portugal besteet aus drai Landschaften:
Terras do Sado
,
Alentejo
an der Algarve. Dei ganz Regioun ass platt bis hiwweleg mat engem drechene bis gliddege Klima. Den Alentejo, freier souzesoen de portugisesche Reservoir fir Kar, ass hautdesdaags nemmen denn bewunnt a vill vu senge Bewunner wanderen aus, waitleefeg Karfelder mat Olivebongerten a
Korkeechen
domineieren d'Landschaft. Zum Kar- kennt och nach de Wainubau, an a klammende Proportiounen d'Sonneblumen, als Haaptproduiten. D'Wisen, dei am Freijoer voll vu Blumme sinn, ginn als Weede fir d'Schof benotzt. Zum wirtschaftleche Neiergang droen net zulescht och dei emmer mei laang Drecheperiode bai. Fir deem entgeint ze steiere ginn emmer mei Staumauere gebaut. Net
heemesch
, ma emmer mei heefeg ze fanne, sinn
Eukalyptusbeem
, dei allerdengs, weinst der grousser Brandgefor dei vun hinnen ausgeet, net onemstridde sinn. Dei sudlech Kusteregioune sinn haaptsachlech vu Kifere bewuess. Donieft gett et vill
Palmenzorten
, vun deenen awer nemmen d'
Zwergpalm
aus dem Land selwer ass.
D'Algarve markeiert dei ganz Sudkust vum Land an ass mat hire scheine Stied, de geie Kusten a Sandplagen zu enger beleifter Vakanzendestinatioun ginn, wat dei gewinnt negativ Niewewierkunge vum Massentourismus mat sech bruecht huet. Grouss Stied a Sudportugal si
Portalegre
,
Evora
,
Beja
,
Faro
a
Sagres
. De wichtegste Floss ass de
Rio Guadiana
, deen och d'Grenz zu Spuenien markeiert. Un dei grouss Hetzt am Summer ugepasst sinn och vill Planzen dei Waasser spaicheren.
Zu Portugal geheieren och dei zwou Inselgruppe
Madeira
(
Holzinsel
) an d'
Azoren
d'
Hengerdeifsinsel
am
Atlantik
. Dei sinn duerch vulkanesch Aktiviteit entstanen an hu weinst hirer Lag virun der afrikanescher Kust eng zu engem Deel tropesch, zum aneren Deel subtropesch Vegetatioun. Den hechste Bierg vu Portugal fennt een op den Azoren (Monte Pico, 2 351 m).
De wichtegste Floss vu Portugal ass den
Tejo
, deen a Spuenien enner dem Numm
Tajo
entsprengt a bei Lissabon an den Atlanteschen Ozean fleisst.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Lescht vun de portugisesche Stied
.
D'Deierewelt vu Portugal ass nemmen onwesentlech anescht wei dei vu Spuenien. Vereenzelt gett et nach
Wellef
; de
Pardelluchs
, deen et nemmen op der ibeerescher Hallefinsel gett, ass a Portugal bal ausgestuerwen. Nemmen nach seele ginn Eenzeldeiere fonnt an dei sinn hechstwarscheinlech iwwer d'spuenesch Grenz an d'Land komm. Fir de Rescht fennt een nach d'
Wellkaz
, de
Routfuuss
, d'
Wellschwain
, den
Hirsch
, well
Geessen
an d'
Wellkanengchen
. A Portugal kann ee vill Vigel observeieren, well d'Land op der Migratiounsroute vun den
Zugvigel
fir d'Destinatioun Afrika lait, dorenner besonnesch am Suden och
Flamingoen
;
Steenadler
liewen an de Kustegebidder a ginn do och op d'Juegd. Am Banneland kommen och verschidden Zorte
Schlangen
a
Skorpioune
vir.
Portugal ass, aus sproochlecher, ethnescher a relieiser Siicht, en homogeent Land. D'
Portugisesch Sprooch
gett am ganze Land geschwat. Just an den Dierfer vu
Miranda do Douro
gett en Dialekt geschwat, de
Mirandeesesch
, deen dem
Astureschen
zougerechent gett.
Eng grouss Majoriteit vun de Portugise bekennt sech zum
kathoulesche Glawen
.
Aus
anthropologescher
Siicht sinn d'Portugisen e
Meschvollek
, dat aus den Nokomme vun den Ibeerer besteet, der Urbevelkerung vun der ibeerescher Hallefinsel, den Nokomme vun de
reimeschen
,
goteschen
,
suebeschen
a
maureschen
Invasoren.
De maureschen Afloss ass a Portugal mei staark wei an aneren europaesche Lanner. No der
Reconquista
goufen d'Mauren zum Deel verdriwwen, zum greissten Deel als
versklaavt
. Si hu sech mei speit mat der Bevelkerung vermescht a waren um Opbleie vum Handwierk a vum Akerbau am freie
Mettelalter
bedeelegt.
Iwwer laang Jore war Portugal en Auswanderungsland; wichteg Zentre vu portugisescher Kultur gett et virun allem a
Frankraich
wou 600 000 Portugise liewen. Anerersaits war Portugal schonn an den Zaite vun den
Onofhangegkeetskricher
vu senge Kolonien Zilland fir Immigranten aus den koloniseierte Geigenden. Zanter dem Baitrett vu Portugal an d'
Europaesch Unioun
ass d'Land emmer mei zu engem Awanderungsland gi fir Menschen aus Afrika (Angola), Sudamerika (Brasilien), de
Kap Verdeschen Inselen
an aus Osteuropa (
Russland
,
Moldawien
an aus der
Ukrain
).
Enn 2003 hunn ongefeier 250 000 Auslanner a Portugal gelieft. Vun deene stamen dei meescht aus anere portugiseschsproochege Lanner, si greisstendeels Katholicken an hunn de selwechte kulturelle Fong. E Veirel vun den Auslanner, dei a Portugal liewen, sinn Europaer; zum Deel Leit, dei hir Pensioun am Land verbrengen. Ma dobai sinn awer och Portugisen, dei ausgewandert waren an dunn zereckkommen, deelweis mat anere Pass. Statistesch gesinn, kennt op zeng Portugisen ee Bierger, deen net vun do ass.
Mei wei d'Hallschent vun den Auslanner lieft zu
Lissabon
oder an anere Kustestied. D'Bevelkerungsdicht ass am greissten an der Kustestraif tescht der spuenescher Grenz an der Geigend ronderem Lissabon. Op deem Terrain liewe 70 Prozent vun der ganzer Bevelkerung; d'Hannerland ass nemme ganz denn besidelt.
Iwwer 10 Prozent vun de Leit wunnen an enger vun de Groussstied Lissabon oder Porto. Mei wei d'Hallschent lieft an Uerschafte mat manner wei 2000 Awunner.
Matzen am Land gett et emmer mei Migratiounsbeweegungen. Emmer mei Mensche plenneren aus dem Hannerland a Richtung Industriezentren (
Lissabon
,
Porto
) oder Tourismusgeigenden (Algarve,
Madeira
oder op d'
Azoren
).
Zanter dem Baitrett vum Portugal zur
EG
am Joer
1986
huet sech dem Land seng Economie sech mei a mei diversifieiert a sech dobai virun allem op den Dengschtleeschtungssecteur ausgeriicht. Dengschtleeschtunge maachen an der Teschenzait ongefeier zwee Drettel vum
BIP
aus. Wei och an anere Staate vun Europa goufen an de leschte Joren noutwenneg
Privatiseierungen
duerchgefouert an dem Staat seng Ausgabe reduzeiert.
1998
huet sech Portugal fir de Baitrett an d'
Europaesch Warungsunioun
qualifizeiert an huet den 1. Januar 2002, wei 11 aner Staaten och, den
Euro
als Warung agefouert.
0
0
|
De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.
|
D'Neiverscheldung vu Portugal lait momentan iwwer den 3 % dei am
Maastricht-Vertrag
defineiert goufen, woubai et allerdengs net dat eenzegt Land am Moment ass.
De Wirtschaftswuesstem huet mat ongefeier 3,3 % all Joer zwar an der Vergangenheet den EU-Durchschnett an der Reegel iwwertraff, trotzdeem ass Portugal nach emmer den aermsten
Almember
vun der
EU
: De BIP pro Kapp (a
Kaafkraaftpariteiten
) lait bei ongefeier 78 % vum Duerchschnett vun den EU-Lanner virun der
Ostvergreisserung
, woubai en
1985
nach bei 50 % louch. Als negativ fir e mei staarke Wuesstem vun der Produktiviteit an der Beschaftegung gi virun allem strukturell Probleme betruecht, wei z. B. den emmer nach schlechte Bildungssystem an dei heich Zuel vun
Analphabeten
, dei deels schlecht Infrastruktur, an eng ineffizient Verwaltung. Aus deene Grenn gereit Portugal emmer mei a Rivaliteit mat Lanner mat nidderege Paien aus Mettel- an Osteuropa, Asien an Nordafrika an ass deemno fir auslannesch Direktinvestitiounen net besonnesch attraktiv; d'Durchschnettslein sinn a Portugal ganz niddreg bei ganz laangen Aarbechtszaiten. Auslannesch Investitiounen komme virun allem aus
Groussbritannien
a
Spuenien
; dei greisst Investitioun vun allen Zaite war de Bau vun
Auto-Europa
, enger Autofabrik.
De Chomage ass mat ongefeier 4 % am Verglach mat dem EU-Durchschnett niddereg, woubai een dorun denke muss, datt et e groussen informelle Secteur an der portugisescher Wirtschaft gett, deen e gewessen Deel vun deenen Aarbechtslose beschaftegt, dei anerfalls an d'Chomage-Statistike geife falen.
Den Aussenhandel gett zu ongefeier 80 % mat den EU-Partner ofgeweckelt; exporteiert gi virun allem Kleeder a Schong, Maschinnen, Chimiesproduiten, Kork, Cellulose a Pabeier. Importeiert gi Maschinnen, all Zorte vun Transportmettelen, Petrol a Petrolsproduiten a Landwirtschaftsproduiten. Portugal huet e ganz groussen
Handelsbilanzdefizit
an och en
Zahlungsbilanzdefizit
, deen duerch heich Recetten aus dem Tourismus allerdengs net sou heich ass wei den Handelsbilanzdefizit.
Portugal huet vill natierlech Ressourcen, dorenner
Kuel
,
Koffer
,
Zenn
,
Gold
,
Eisenaerz
a
Pyrit
a
Chalcopyrit
, Tounmineraler wei
Kaolinit
a
Wolframit
an
Uraninit
; et geheiert domat zu de weltwait feierende Natiounen an der
Wolfram
- an
Uranproduktioun
. Warend dem
Zweete Weltkrich
huet Hitlerdaitschland portugisesche Wolfram fir seng Waffenproduktioun benotzt, an der Atombomm vun
Hiroshima
war portugiseschen Uran dran.
D'Landwirtschaft a Portugal ass eng vun den ineffizientsten an Europa; den Undeel vum Akerbau um BIP lait bei ongefeier 5 %, ma iwwer 15 % vun der aktiver Bevelkerung schaffen hei. Dat huet dozou gefouert, datt vill Betriber hu missen opginn, soudatt mettlerweil bal d'Hallschent vun de Liewensmettel muss importeiert ginn. D'Korkeecheplantatiounen am
Alentejo
an de Ubau vu
Mandelen
ass och an enger deiwer Kris. Anerersaits ginn op grousse Flachen
Eukalyptusbeem
gesat, well dei mei seier wuessen an domat der
Celluloseindustrie
, engem wichtege Wirtschaftsfacteur vum Portugal, dei noutwenneg Ressource liwwert. Emweltpolitesch gesinn ass dat eng ganz schwiereg Situatioun, well den Eukalyptus dem Buedem seng Reserven helt, den Urbesch an domat och d'Deierewelt op d'Sait dreckt a selwer ganz liicht brennt, wat zu deene bekannten an heefege katastrophale Beschbrann am Summer feiert.
Genee wei den Akerbau huet och d'Fescherei Produktiviteitsproblemer; d'portugisesch Feschereiflott ass am Verglach mat der spuenescher wait hannendran. Dei meescht Fesch ginn importeiert.
Ongefeier 8 % vum BIP, mat klammender Tendenz, brengt den Tourismus an, woubai dei meescht Touristen aus Spuenien a Groussbritannie kommen. D'Algarve ass den Zentrum vun der tourestescher Aktiviteit a lait dobai mat groussem Ofstand un der Spetzt.
Zanter der
Oeilletsrevolutioun
vun 1974 huet Portugal sech zu enger stabiler
parlamentarescher Demokratie
entweckelt. Dei veier wichtegst Organer vun der Politik a Portugal sinn de
President
, de
Premier
a sai Ministerrot, d'
Parlament
an d'
Justiz
.
De
President
, deen all fennef Joer direkt an allgemenge Wale bestemmt gett, ass och Commandant en chef vun der Armei. Hien ernennt de Premier an de Ministerrot, woubai en sech do un de Resultater vun der Parlamentswal z'orienteieren huet. De
Staatsrot
ass e Gremium, deen de President bereit. E besteet aus sechs ziville Beamten, alle freiere Presidenten, fennef Persounen, dei vum Parlament gewielt ginn a fennef Persounen, dei de President bestemmt.
D'Regierung gett vum
Premierminister
ugefouert, dee sech sai
Ministerrot
zesummenstellt. All nei Regierung muss dem Parlament e Programm virleeen, iwwer deen debatteiert gett. Wann dee Programm net refuseiert gett, dann heescht dat, datt d'Regierung vum Parlament akzepteiert gett.
D'
Parlament
gett als
Assembleia da Republica
(
Versammlung vun der Republik
) bezeechent a besteet aus enger Kummer mat bis zu 230 Deputeiert. D'Deputeiert gi fir veier Joer gewielt, woubai d'
Verhaltneswalrecht
benotzt gett. De President huet d'Recht, d'Parlament opzeleisen an Neiwalen auszeschreiwen.
D'
Iewescht Geriicht
ass dei hechst Instanz vun der portugisischer Justiz, woubai et speziell Iewescht Gerichter fir militaresch, verwaltungsrechtlech a steierrechtlech Froe gett. D'portugisesch
Cour constitutionnelle
huet neng Memberen an iwwerwacht d'verfassungsgerecht Ausleee vum Recht.
Am
Parteie
spektrum domineieren drai Parteien: de
Sozialisten
(
PS
) stinn zwou biergerlech-konservativ Parteien, d'
Sozialdemokratesch Partei
(
PSD
) an d'
Vollekspartei
(
PP
), geinteniwwer. Dei zwou leschtgenannte Parteien hu sech zu enger Walallianz, der
Forca Portugal
, zosummegedoen. De PS stellt zanter der Oeilletsrevolutioun emmer de President, andeems d'Premieren schonn aus beid Lagere komm sinn. Zurzait regeiert d'biergerlech-konservatiivt Lager.
Weider Parteien sinn dei portugisesch Greng (
Partido Ecologista “os Verdes”
,
PEV
), d'Kommunisten an de Lenksblock (
Bloco de Esquerda
,
BE
).
Kuckt dozou och den Artikel:
Lescht vun de politesche Parteien (Portugal)
Portugal ass Member vun der
Europaescher Unioun
(EU) an hat d'Presidence vum
Conseil vun der EU
am eischte Hallefjoer
2000
iwwerholl. An dar Zait huet Portugal als Zil gehat, den Dialog mat
Afrika
ze forceieren an Impulser fir d'Staerkung vun der
Konkurrenzkapaziteit
vun der europaescher Wirtschaft ze ginn. Dat 2. Semester
2007
huet et nees d'Presidence.
Portugal war Grennungsmember vun der
NATO
a bedeelegt sech mat Truppe bei der Friddenssecherung um
Balkan
. Zesumme mat Spuenien ass Portugal un den
Ibero-Amerikanesche Sommete
bedeelegt, deenen hiert Zil den Dialog virun allem mat de Lanner aus
Latainamerika
ass. Portugal war och an der Feierungsroll wei d'
Communauteit vun de Portugiseschsproochege Lanner
(CPLP) gegrennt ginn ass, mam Zil, d'Kooperatioun vun dese Lanner ze verdeiwen. Portugal huet och
Timor-Leste
ennerstetzt, eng freier Kolonie, an dar hirem Onofhangegkeetswellen, souwuel finanziell wei och militaresch, a koopereiert elo mat desem jonke Staat zesumme mat asiatesche Lanner, den USA an der
UNO
.
Portugal huet en Territorialstrait mat
Spuenien
weinst
Olivenza
(resp.
Olivenca
), dat zu
Spuenie
geheiert, ma awer vu Portugal revendikeiert gett. Olivenza ass zanter
1801
enner spuenescher Verwaltung, allerdengs huet Spuenien sech um
Wiener Kongress
vun
1815
bereet erklaert, den Territoire u Portugal zereckzeginn. Dat ass nach net geschitt, wat Portugal dofir bis haut reegelmeisseg verlaangt.
Portugal gett heiansdo och
d'Land vun de Poete
genannt. An der portugisescher Literatur hat d'
Poesie
emmer mei e staarken Afloss wei d'
Prosa
. Am
Mettelalter
, wei d'portugisesch Natioun entstanen ass, war am Nordweste vun der ibeereschen Hallefinsel d'Poesie wait verbreet an huet exzellent sou gutt
eepesch
wei
lyresch
Wierker produzeiert. Ausser deene bekanntste klasseschen Dichter
Luis de Camoes
a
Fernando Pessoa
, gett et eng Rei aner, manner bekannte Kenschtler, dei op dei modern portugisesch Literatur e wichtegen Afloss hunn..
D'Prosa huet sech e besse mei speit entweckelt. Ereischt am
14. Joerhonnert
koumen dei eischt Chroniken oder Biographie vun Helleger eraus. De
Fernao Lopes
ass dovun dee wichtegsten; hien huet eng Chronik geschriwwen iwwer d'Regentschaft vun drai Kinneken aus senger Zait. International ass dei portugisesche modern Literatur am meeschte bekannt. Hei falen d'Schrefte vum
Eca de Queiros
an dem
Nobelpraisdreier fir Literatur
1998
,
Jose Saramago
am meeschten op.
Ongefeier 97 % vun de Portugise si
reimesch-kathoulesch
, woubai a Portugal Glawensfraiheet besteet. D'Pilgerplaz
Fatima
lait a Portugal an ass der Maria, dem Jesus senger Mamm, devoueiert. D'Maria gett vun de Portugise vill vereiert, bal wei eng Gottheet, wat fir munnecher en Indiz op de Fait ass, datt d'Virfahre vun de Portugise virun der
Christianiseierung
haaptsachlech weiblech Gottheeten ugebiet hunn.
D'portugisesch Kichen huet enorm vill Aspekter, well d'Portugise vill Saachen, dei s'op hiren Entdeckungsfahrte kennegeleiert hunn, an hir Kachtraditiounen opgeholl hunn. An all Regioun vu Portugal gett et eege Spezialiteiten, mat verschiddene Fleesch- a Feschzorten oder Mieresfriichten. D'Nationaliessen ass de
Bacalhau
, bei deem et 365 verschidde Zoubereedungsmeiglechkeete gi soll. Portugal ass och fir sai Wai bekannt, schonn zanter der
Reimerzait
gett Portugal mat dem Gott vum Wain an de Fester, dem
Bacchus
, associeiert. Och haut geheieren d'Wainer aus Portugal zu deene beschten op der Welt, bekannt ass virun allem de seisse
Porto
.
Kuckt dozou och den Artikel:
Caldeira de carne
Dei wichtegst Museksform a Portugal ass de
Fado
, dee ganz melancholesch ka sinn an doweinst deelweis responsabel ass fir de
Klischee
vun de melancholesche Portugisen; geintiwwer den temperamentvolle Spuenier. Des Musek huet eppes vu
saudade
(etwa:
Seensucht
) u sech, an et ass gutt meiglech, datt s'eng Meschung ass vun de Lidder vu portugisesche Matrousen an de Rhythme vun afrikanesche Sklaven.
Dobai gett en Ennerscheed tescht zwou Stilformen; dem
Fado
vu
Lissabon
an deem vu
Coimbra
. D'
Amalia Rodrigues
war dei wichtegst a bekanntst Fado-Kenschtlerin, no hirem Doud kruten e puer jonk Kenschtler d'Meiglechkeet aus dem Schiet erauszekommen an nei Forme vum Fado ze produzeieren, dei zum Deel nemmen nach duerch d'
saudade
un den ursprengleche Fado erenneren. Och an de freiere portugisesche Kolonien hat de Fado sech ausgebreet a sech eegestanneg zum
kap-verdesche
Morna
vun der
Cesaria Evora
oder zum brasilianesche
Choro
weiderentweckelt.
Aus der Zait vum faschisteschen
Estado Novo
enner dem
Salazar
staamt eng Liddermaachertraditioun. Dei bekanntst Vertreter vun deser Protestbeweegung sinn de
Jose Afonso
(dacks
Zeca
genannt) an de
Sergio Godinho
. Vum Jose Afonso staamt d'Interpretatioun vum
Grandola, vila morena
, e Lidd, dat den Depart fir d'Oeilletsrevoluioun aglaut hat.
An der
Popmusk
huet sech a Portugal den
Hip Hop Tuga
erausgeschielt, deen eng u Portugal adapteiert Fassong vum
Hip Hop
ass, an deen enner Jugendlecher ganz popular ass.
All portugisesch Regioun ass houfreg op hiren eegene
Folklorestil
(
Ranchos Folcloricos
). Dei portugisesche Musek- und Danztraditioun huet sech a Brasilien mat den Traditioune vun de
Sklaven
aus dem Angola vun haut gemescht an ass als
Samba
och a Portugal ganz beleift. Enner den angolaneschen Immigranten ass och de
Kuduro
, eng Zort haarden, allerhad sennleche Samba mat engemhelleweche Rhythmus, ganz popular, de
Kizomba
ass en anlechen Danzrhythmus, deen awer net sou verbreet ass.
Am Juni gett et a ganz Portugal Fester zu Eiere vun den drai Vollekshellegen (
Santos Populares
). Des drai Helleg sinn den
Antonius
, den hellege
Johannes
an de
Peitrus
. Gefeiert gett mat Wain,
agua-pe
(
Moscht
), traditionellem Brout mat Sardinnen, Stroossefester an -danz, Hochzaiten, Feier a Freedefeier a vill gudder Laun.
Santo Antonio
gett an der Nuecht vum 12. op den 13. Juni gefeiert, virun allem zu Lissabon (wou desen Hellege gebuer gouf und gelieft huet), wou et och eng Zort Kavalkad (
Marchas Populares
) him zu Eiere gett. Et ginn och Hochzaiten zelebreiert (
Casamentos de Santo Antonio
). De populaersten Hellegen ass de
Sao Joao
(hl. Jean), deen um
Gehaansdag
virun allem zu
Porto
a
Braga
gefeiert gett, woubai et
Sardinen
a
Caldo Verde
(eng traditionell Zopp) gett an d'Leit sech geigesaiteg mat Plastikhummeren op de Kapp schloen, wat Gleck soll brengen. Zu Eiere vum
Sao Pedro
gett den 28. an den 29. Juni gefeiert, besonnesch zu
Povoa de Varzim
an zu
Barcelos
, woubai dei Fester zu Eiere vum Mier sinn. Dofir gett vill Feier (
fogeiras
) benotzt an et gett erem eng Zort "Stroossefuesend".
Foussball
ass dee bekanntsten, beleiftsten an am meeschte gespillte Sport a Portugal. De
portugisesche Foussball
huet Weltklassespiller wei den
Eusebio
,
Manuel Rui Costa
oder de
Luis Figo
ervirbruecht. Nieft dem Foussball hu portugisesch Sportler international an aneren Disziplinne
Marathon
,
Beachvolleyball
und
Rullhockey
groussen Erfolleg.
Et gett a Portugal nach eng traditionell Sportaart, de
Jogo do pau
(
Bengelspill
), dat e Selwerverdeedegungssport ass an einfach helze Bengelen als "Waff" benotzt. Dese Sport staamt aus dem Mettelalter, ass awer haut nach popular; d'Bengelen, dei hautdesdaags dofir geholl ginn, si 60 bis 80 Zentimeter laang, also mei kuerz wei dei vu freier.
Bis zu der
Oeilletsrevolutioun
1974 gouf d'Bildung lenks leie gelooss an och no der Revolutioun geet den Opbau vum Bildungssystem nemme lues virun. Dat mierkt ee bis haut:
2000
hat nemmen een Zengtel vun den Dressegjaregen en Heichschouldiplom. Domat hat Portugal enner den EU-Membere virun der Osterweiderung dee mat groussem Ofstand nidderegste Waert. Mat senge 15 % Analphabeten louch Portugal och an deser Statistik vir. Hautdesdaags awer net mei. Zanter 2016 lait den Taux vun den Analphabeten (meeschtens bei eelere Leit) bei 5 %
[3]
an 100 % vun de Schuler an der Primarschoul si scolariseiert.
Dat ass e grousse Problem fir d'wirtschaftlech Entwecklung, an dreit virun allem bei d'Ineffizienz vum Akerbau bai, well virun allem d'Landbevelkerung vum Analphabetismus betraff ass. Ma och d'portugisesch Mettelschicht ass ennerduerchschnettlich gebilt, well den Acces op d'Universiteiten ereischt an de leschte Jore mei einfach ginn ass. Sou feelt et z. B. u gutt ausgebilten Entrepreneren dei traditionell Besetzer vu Firme sinn der auslandescher Konkurrenz dacks net mei gewuess, well se duerch Ierwschaft, net duerch Ausbildung zu hirem Posten als Chef komm sinn.
De Schoulsystem besteet aus enger veierjareger Primarschoul an enger fennefjareger Uewerschoul. Et besteet eng gesetzlech festgeluecht zwielefjareg Schoulflicht fir all d'Kanner vun hirem sechste Liewensjoer un. D'Flichtschoul ass an de staatleche Schoule gratis a fir an enger vun de relativ ville privaten Institutiounen kennen an d'Schoul ze goen, kennen aarm Famille Subside kreien.
Wien no der Uewerschoul nach d'
Escola Secundaria
besicht (warend drai Joer), daerf op d'Universiteit a kann tescht e puer Meiglechkeete fir sain Heichschoulstudium wielen: d'Heichschoulbildung gett a Portugal vu staatlechen a privaten Universiteiten (
universidades
) a staatlechen a private Fachheichschoulen (
escolas politecnicas
) ugebueden an duerchgefouert. Fir den entleene Regiounen ze hellefen sinn a ville mettlere Stied Heichschoulen agericht ginn; de Wiessel vun enger Institutioun zu enger anerer ass relativ liicht. Et ass op jiddwerfall en Opnamexamen z'absolveieren an et sinn Studeiertaxe falleg, dei bei de private Schoulen mei heich si wei bei de staatlechen, an och vum Fach ofhangeg sinn; op staatleche Schoule si bis zu 850 € all Joer falleg. Trotzdeem ass ongefeier en Drettel vun de Studente bei enger privater Institutioun ageschriwwen. Zousatzlech zu den Aschreiwtaxe si
propinas
ze bezuelen, dat sinn Taxen dei fir d'Austelle vun Zensuren an Diplomer agezu ginn. Ongefeier 20 % vun de Studente kommen an de Genoss vun enger akommesofhangeger staatlecher Subventioun.
Dei staatlech portugisesch Radio- an Televisiounsgesellschaft
RTP
(
Radiotelevisao Portuguesa
) bedreift zwein Televisiounssenderen,
RTP 1
an
RTP 2
. Zanter
1992
si Privatsenderen a Portugal erlaabt, zanterhier gett et nach
SIC
an
TVI
(
Televisao Independente
, bedriwwe vun der kathoulescher Kierch). De Programm gett bei alle veier Sendere vu brasilianeschen a portugiseschen
Telenovelas
an Action-Serien domineiert; d'Noriichte sinn an heijer Mooss op Portugal ausgeriicht. Filmer ginn dacks op Englesch mat
Ennertitele
gewisen. Den Auslandssender
RTP-Internacional
kann och a Metteleuropa empfaange ginn a weist dat Bescht aus alle veier Programmer.
A Portugal gett et ongefeier 150 Radiostatiounen, woubai de Sender vun der
RTP
an de kathoulesche Sender
Radio Renascenca
landeswait kennen empfaange ginn. D'RTP ass iwwer
Kuerzwell
och a Metteleuropa ze heieren, allerdengs nemmen op Portugisesch.
Enner de villen Zeitungen, dei a Portugal gedreckt ginn, leeft momentan e Konsolideierungsprozess of, bei deem wuel e puer mei kleng Zeitungen ennergoe waerten.
Dei wichtegst Zeitunge sinn dei konservativ-liberal
Diario de Noticias
, de linksliberale
Publico
(allen zwee vu Lissabon) an de
Jornal de Noticias
vu Porto.
Ganz grouss Oploen hunn och d'Sportzeitungen, dei all Dag erauskommen a sech bal nemme mat Foussball beschaftegen - dei wichtegst sinn d'
O Jogo
an d'
A Bola
.
Als bescht Wochenzeitung gellt den
Expresso
.
Am Beraich vun der
Klaatschpress
sinn d'Magaziner
Maria
an
Nova Gente
dei all Woch gedreckt ginn, dei Publikatioune mat den hechsten Oploen.
Dei drai wichtegst Fluchhafe vu Portugal,
Porto
,
Lissabon
a
Faro
gi vun e puer Fluchgesellschaften ugeflunn, woubai dei zwou portugisesch Fluchgesellschaften
TAP Portugal
a
Portugalia
dei meescht Verbindungen ubidden. Et gett och Flich bannent dem Land, ma well d'Land ze kleng ass sinn dei net besonnesch attraktiv an tendeieren dozou relativ deier ze sinn.
D'Stroossennetz ass, virun allem och mat Hellef vu Subside vun der
EU
gutt ausgebaut, wat Leit, dei Portugal an den achtzeger Jore fir d'lescht Keier besicht haten, verwonneren daerft. Dei wichtegst Route gi vun
Autostradas
(mat Peagen) oder
Itinerarios Principais (IP)
(gratis) resp.
Itinerarios Complementares (IC)
zerweiert. An ofgeleeene Gebidder kann een allerdengs nach dacks op
Pave-Stroosse
stoussen. D'Selwerfueren, speziell an de Stied, sollte sech Metteleuropaer gutt iwwerleeen; dem Chaos zu de Stousszaiten an dem genereisen Ausleee vun de Verkeiersreegelen ass net jiddweree gewuess. Datt de Stroosseverkeier a Portugal zu den onsecherste geheiert, hunn europaesche Onglecksstatistike schonn dacks bewisen. Taxie si relativ belleg, besonnesch an de Stied.
D'Eisebunnsnetz a Portugal ass net besonnesch dicht, op den Haapttrasse sinn d'Verbindungen awer effizient a seier, wann d'Eisebunner net grad streiken. D'Billjeee si relativ belleg. Op den Niewestrecke gouf an de leschte Joerzengten naischt mei investeiert a vill sinn och mettlerweil ausser Betrib. International Zich verbanne Portugal mat e puer Stied a
Spuenien
, donieft gett et eng Verbindung op
Irun
op der spuenesch-franseischer Grenz mat direktem
TGV
-Uschloss fir op Parais.
Dogeint gett et en zimmlech dicht Busnetz, dat zu niddrege Praisser bal all Uertschaft ufiert. International Busse verbanne Metteleuropa mat Portugal, si gi weinst der laanger Fuerzait allerdengs bal nemme vu Gaaschtaarbechter benotzt. D'Busse fueren a Portugal vun der
Rodoviaria
of, wou een och d'Biljeee kritt.
Wat nach dozou ze soen ass:
All Krees huet en eegene relieise Feierdag, dacks fir den hellegen Antonius den
13. Juni
, dem hellege Johannes de
24. Juni
oder den hellege Peitrus den
29. Juni
. Wann de Krees kee sou e Feierdag huet, dann ass
Fuessonndeg
e gesetzleche Feierdag. De
Fuessonndeg
gett awer faktesch wei e normale Feierdag behandelt, virun allem well d'Staatsbeamten deen Dag normalerweis frai hunn. Donieft gett doriwwer diskuteiert, de
24. Juni
als Feierdag anzefeieren (Onofhangegkeet vu Portugal am Joer
1128
).
- Briesemeister, Dietrich an Axel Schonberger (Hrsg.), 1997.
Portugal heute: Politik - Wirtschaft - Kultur
. Frankfurt am Main. (Eng relativ deier, ustrengend, ma ganz informativ an deifgrenneg Aufsatzsammlung)
- Freyre, Gilberto
, 1990.
Herrenhaus und Sklavenhutte
. 491 S. Dtv. (Dat wichtegst Wierk vum bedeitende brasilianesche Soziolog an Anthropolog gett zwar e
Bild vun der brasilianescher Gesellschaft
, ma an engem Drettel geet et awer iwwer d'portugisesch Kolonisatoren a virun allem iwwer deenen hir kulturell Originnen an hir Wirtschaftsgeschicht rieds. D'Original koum 1933 enner dem Titel "Casa grande e senzala" eraus).
- Labourdette, Jean-Francois, 2000. Histoire du Portugal. 703 p., Fayard, France.
ISBN 2-213-60590-4
.
- Page, Martin
, 2007.
The first global village / How Portugal Changed the World
. 9. Oplo. Casa das lettras, Cruz Quebrada, Portugal. 277 p. (zielt zu de beschten an aktuellste Geschichtbicher iwwer Portugal).
- Remarque, Erich Maria
, 1962.
Die Nacht von Lissabon
. (D'Geschicht spillt am Zweete Weltkrich an dar Zait, wou Lissabon eng Sammelplaz fir all dei europaesch Krichsrefugiee war, dei vun do aus an Amerika emmigreire wollten)
|
---|
Aktuell Memberen
| |
---|
Freier Memberen
| |
---|
Memberstaate vun der
NATO
|
---|
|
- ↑
Flach ouni d'Azoren a Madeira: 88 967 km². Quell:
Statistical Yearbook of Portugal (2005)
vum
Instituto nacional de estatistica
.
- ↑
2006
Instituto nacional de estatistica
(August 2007)
- ↑
Taxa de analfabetismo em Portugal ainda e das maiores na Europa